top of page
DSC00606-Edit copy.jpg

Welcome

So nice to see you here. 

For many reasons, I decided to keep my webpage in Luxembourgish, but you can find all the informations about my services in English.

Häerzlech Wëllkomm

Schéin dass däi Wee dech heihinner féiert.

Op dëse nächste Säiten deelen ech meng Leidenschaft zu engem déifgrënnege Liewen am Aklang mat der Natur a mam Joreskrees, meng Léift zu de Wëllkraider, zur Naturspiritualitéit, zum Klang (an all sénge Formen), zur Urweiblechkeet an domat och de Respekt zu eiser Äerd.

Ech hoffen du begleets mech fir e puer Schrëtt op mengem Wee a gëss der bewosst, dass ganzheetlecht Wuelbefannen sou déif a villfälteg sinn, wéi déng Séil et och ass.  

Cynthia

DSC06216-Edit copy.jpg

Iwwert mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.​

Natur- spiritualitéit & Schamanismus

Naturspiritualitéit ass e Liewen am Aklang mat der Natur. Mir kennen souvill vun der Natur léieren, wa mir se beobachten an eis bewosst ginn, dass och mir Mënschen en Deel vun hier sinn. Alles an der Natur ass beséilt an domat erlaabt eis eng bewosst Verbindung mat der Natur och eng déif Verbindung mat der eegener Séil, en Zréckkommen a den eegene Kär. 

Et muss ee keen Schaman sinn fir de schamanesche Wee ze goen an d'Prinzippien vum Schamanismus an säi Liewen afléissen ze loossen. 

En Deel vu mengen Wëssen dozou deelen ech ganz gären mat dir an enger Eenzelsëtzung oder a menge Workshopen.

 

DSC06466-Edit copy.jpg
DSC04390-Edit copy.jpg

Heelsëtzungen & Eenzel
Begleedung

Ech begleede mat ganzem Häerze Leit op hirem perséinlechen Entwécklungswee an ënnerstëtzen si dobäi, e Stéck méi wäit zu sech ze fannen an an hier Kraaft ze kommen. 

Dobäi kann ech mat 1:1 Heelsëtzungen déngen a bidden

- Liichtfrequenzen, 

- Quantenheelung & 

- Klangheelung un.

Ech begleeden och mat menger Hypersensitivitéit, mengem Wëssen, wat ech mer am Laf vun de Jore punkto Heelkraider, Naturspiritualitéit, Schamanismus, Urweiblechkeet a villes méi ugesammelt hunn, an déifster Connectioun mam Universum, sengem Liicht an hëllefräichen Informatiounen.

52221921139_7167a50a59_k.jpg

Wëllkraider & 
Räucherungen

Zanter deem ech meng grouss Léift ze de Kraider entdeckt hunn, ass se nëmmen nach gewuess. Mäi Fokus läit definitiv op heemesch Heelkraider, well fir mech déi Kraider déi an eisen Géigenden wuessen, déi sinn, déi eis am Beschten ënnerstëtzen kennen. ​Nieft der Planz hierer materieller Heelkraaft, beschäftegen ech mech ganz gären mam feinstofflechen Deel vun der Planz, dh. wéi eng Energie des Planz huet an domat och wéi eng spirituell Wierkung se op eis kann hunn. Mäi Wëssen a meng Léift zu deKraider deelen ech mat vill Begeeschterung a mengem Blog an e ménge Kraiderowender. 

Räucheren mat lokalen Kraider ass fir mech sou iwwerliewenswichteg ginn wéi ootmen. Räucheren huet souvill Virdeeler méi, wéi just gudd richen. Och doriwwer schreiwen ech vill a gären a mengem Blog an wéi ee richteg räuchert, deelen ech a mengen 2 Workshopen:  

Fotografie

Artistesch Fotografie zanter 2009

Hannert all Foto stécht e Konzept an eng Geschicht. Wann ech net déi grouss Chance hunn mat wonnerbare Createur'en ze schaffen, ass et mer eng Freed, mech em de Styling (Kappschmuck, Accessoiren an Kostumisatioun) selwer ze këmmeren. 

Naturfotografie zanter 2020 

D'Fotografie ass och fir mech e wonnerbaren Tool fir mech mat der Natur an de Planzen ze verbannen.

Séilefotografie zanter 2022

Wann ech soss nemmen an der artistescher Fotografie dat Gefill hat, ech kéint mech austoben, sou hun ech haut immens vill Freed un enger méi natierlecher, authentescher Approche. 

DSC04283-Edit copy2.jpg
52693734511_fb85ef40b2_o.jpg

Joreskrees

E Liewen am Aklang mat der Natur heescht och déi éiweg Zyklen beobachten an éieren. Dat wat am groussen dobaussen geschitt, geschitt och am klengen bei eis bannendran. 

Wann een säi Joer mam kelteschen Joreskrees begleet, kritt een ganz vill Verständnis dofir, wéi eis Anen mat dësen Zyklen gelieft hunn, wat des jeeweileg Joreszäiten fir eng Wierkung op eis hunn an wéi mir se kennen fir eis uwenden an och feieren. 

 

Doriwwer schreiwen ech mat vill Begeeschterung a mengem Blog

 

 

Ech organiséieren an deem Sënn och Heelkreeser am Rhythmus vum Joreskrees, wou ech déi aktuell Energien erklären an zesummen schamanesch Ritualer duerchgefouert ginn, fir des Energien zu sengen Gonschten ze notzen.

53705223375_fd95509eda_o.jpg

Magesch Kreatiounen

Hexefläschen, Amuletten, Talismaner, Kraidermëschungen an nach vill méi...

Am Hexenatelier gëtt ëmmer getüftelt.

Wat LEEFT?

DSC02844-Edit.jpg

08.11.24

Energeetesch Rengegung &

Vierbereedung op d'Rauhnuechten

DSC04040-Edit copy.jpg

21.12.24

Schamaneschen Heelkrees fir d'WANTERSONNEWEND & Ufank vun de Rauhnuechten

Newsletter

Du wëlls ëmmer um neiste Stand bleiwen an déi nächst Event net verpassen? Da mell dech fir de Newsletter un. 

(max. 1-2 mol de Mount, kee Spam)

Merci dass du dech ugemellt hues !

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page