Iwwert mech
HEJ!
Ech heeschen Cynthia, sinn 1981 gebuer a wunnen zu Esch.
Des Säit gëtt et scho méi laang, mee se huet mat de Joren vill changéiert – sou wéi ech...
Ufanks huet se ënnert dem Pseudonym « Trash Doll Arts » existéiert, dat ass de Numm ënnert deem ech 2009 ugefaangen hunn Fotoen ze maachen, mat engem bëllegen Fotoapparat an engem geléinten Blëtz – dofir awer mat ganz vill geckeg Iddien am Kapp.
Am Laf vun de Joren huet sech mäi Fotosstyl vill geännert an iergendwann hunn ech mäi Studio mat senge Studiosblëtzer géint d‘Natur mat verfügbarer Daagesluucht ausgetosch. Am Laf vun der Zäit war de Wandel sou grouss, dass ech mech mat deem ale Pseudonym net méi konnt identifizéieren an sou ass 2019 „Black Moon“ entstanen.
Et war den Ufank vun engem Wandel op villen Ebenen: am Laf vun deem selwechte Joer hunn ech realiséiert, dass ech d’Fotografie misst op Äis leen. Mäin Hobby war sou zäitopwänneg gi wéi eng 2. Aarbecht, tëscht der ganzer Organisatioun, dem Bastelen (well ech d’Costumer an de Kappschmock gréisstendeels selwer kreéiert hunn), de Fotoen selwer an der Bearbeschtung… war ech sou fest an deem ganzen Prozess dran, dass ech keng Zäit méi hat mer d’Fro ze stellen, op et wierklech dat war wou ech wéilt maachen. Mäin Häerz war iergendwann net méi sou dobäi wéi ech dat gewinnt war an ech hunn och däitlech gespuert, dass ech méi Zäit fir mech selwer a meng perséinlech Entwécklung bräicht.
Sou wéi meng Fotografie, war ech selwer duerch e grousse Wandel gaangen. Nodeems ech vill Joren mat mir selwer gestruewelt a meng Therapie ofgeschloss hat, hunn ech ugefaangen mäi spirituelle Wee ze goen. 2019 sinn ech am Reiki I (an 2020 am Reiki II) initiéiert ginn an hunn doduerch ugefaangen méi déif u mir ze schaffen… Duerch meng Initiatioun sinn ech op de Schamanismus komm, well ech do e kloren Impuls krut, dass ech all meng Äntwerten a meng Ënnerstëtzung an der Natur géif fannen. Ech hat bis dato eng „normal“ Bezéiung zur Natur, sinn all Dag mam Hond eraus spadséieren gaangen an hu schonn ëmmer Blummen beschnoffelt a bewonnert, och duerch d’Organisatioun vu mengen Fotoshootingen an der Natur hat ech eng Bezéiung zu „schéine Platze wou vill Blumme wuessen“ mee et war net méi wéi dat. Ech hunn dunn 2020 decidéiert de „schamanesche Wee“ ze goen an do ass eng ganz nei Déift a menger Bezéiung zur Natur komm. Ech hu mir erlaabt, eleng (dh. och ouni Hond) an d’Natur ze goen a mech richteg an intensiv ze verbannen. Ech hu geléiert an der Natur Froen op meng Äntwerten sou wéi nei Impulser ze fannen an en Deel vun deem Ganzen ze ginn.
Zu dëser Zäit louch mäi Fotoapparat schonn säit iwwert engem Joer an engem Eck ze verstëbsen an oft hunn ech mer d’Fro gestallt op ech jee rëm e Wee zréck zur Fotografie géif fannen… Duerch déi schamanesch Léier hunn ech ganz vill Zäit an der Natur verbruet (fir net ze soen all fräi Minutt) an iergendwann ass bei mir dat Bedürfnis opkomm, fir d’Schéinheet vun der Natur festzehalen – dat war also rëm e Schratt an d’Richtung Fotografie – woubäi ouni Stress, Drock a Mënschen.
2021 hunn ech eng Formatioun iwwert d’Heelkraider beim Heidi Brunner ugefaangen, déi mech ganz déif beréiert huet. Et war fir mech eng logesch Konsequenz, ech hu souvill Zäit an der Natur verbruet, mir Planzen unzekucken a wollt einfach méi doriwwer léieren, wat dat fir wonnerbar Wiesen et wären a wéi eng Wierksamkeet se hätten. Ech hu dunn eng grouss Léift zu de Wëllkraider entdeckt an no engem Joer Formatioun hunn ech decidéiert, des Léier mat engem Diplom ofzeschléissen a si zanter 2022 zertifiéiert Heelkraider Pedagogin.
Am fréien Summer 2021 hunn ech och nach eng Formatioun beim Laurent Amann iwwert d’Déierekommunikatioun gemaach, wou meng Intuitioun, meng Verbannung zu menger Séil an doduerch natierlech d’Connectioun zu aner Séilen verdéift gouf. Déi Formatioun huet mir sou gutt gefall, dass ech am Hierscht eng 2. bei him drugehaangen hunn, wou ech mäi Wëssen punkto schamanesch an energetesch Heelung verdéift a verbonnen hunn. Dës Formatioun huet mir op villen Ebenen gehollef, mäi ganzt Wëssen, wat ech op ville Platzen gesammelt hat ënnert een Hutt ze kréien.
Am Juli 2022 hun ech mat vill Begeeschterung eng Formatioun an der Sonothérapie gemaach an hun domatt mäi Gefill bestätegt, dass de Klang e festen Bestanddeel vu mengem Wee ass. Meng Bezéihung zu menger Trommel a menger Stemm waren schon a groussen Indikator an des Richtung. D'Aarbescht mat den tibetanësche Klangschuelen a mam Gong an hier déifgräifend Wierkung op Kierper a Geescht faszinéiert mech zedéifst.
Ech hunn 2022 meng Aktivitéit – Black Moon Werifesteria kreéiert, well ech mäi Wëssen zu de Kraider an alles waat mech faszinéiert well deelen.
2023 hunn ech ugefaange reegelméisseg Workshops ze organiséieren. Gläichzäiteg hunn ech Enn 2023 eng nei Formatioun ugefaangen, déi mech e ganzt Joer begleede wäert: D'Lichtfrequenz-Iwwerdroung.
Zanter September 2023 dierf meng artistesch Fotografie hier offiziell Plaz a meng Aktivitéit anhuelen an ech freeë mech immens meng Kreativitéit komplett dierfe fléissen ze loossen.
2024 hunn ech eng nei Formatioun ugefaangen iwwert Frauenheilkunde, wou ech mech nach méi déif mat den Theme ronderëm d'Weiblechkeet däerf verbannen.
Merci fir d'Liesen,
mat Léift,
Cynthia
meng Referenzen:
-
Formation de Radiesthésie beim Aurore Gehin - Aux reflets de l'Aurore (2019)
-
Reiki I beim Aurore Gehin - Aux reflets de l'Aurore (2019)
-
Lahochi beim Aurore Gehin - Aux reflets de l'Aurore (2019)
-
Reiki II beim Aurore Gehin - Aux reflets de l'Aurore (2020)
-
De Wee vum Schaman beim Nalu De Lorenzi - (Praxis und Schule für Ganzheitliches Heilen- Nalu de Lorenzi, Heilerin und Lehrerin für Neues Bewusstsein) (2020)
-
Räucherakademie (Räucheren mat heemesche wëlle Kraider) beim Adelheid Brunner - Altes Wissen (2020)
-
Ganzheetlech Déirekommunikatioun beim Laurent Amann (2021)
-
Energetesch a schamanesch Heelung (Quantum Touch, Chakren Aktivéierung, Kraaftdéierenenergie, Heelenergie weiderginn) beim Laurent Amann (2021)
-
Heilpflanzenkunde vum 10.2.-15.12.2021 mat ofschléissendem Diplom zur Heelkraidertherapeuthin am Abrell 2022 beim Adelheid Brunner - Altes Wissen
-
Bioénergie laut der Methode vum Yann Lipnick beim Katia Deltor (Modules 0 -4)
-
Thérapeute certifié en Sonothérapie (Klangmassage mat Klangschuelen a Gong) bei Psynfinity (2022)
-
Quantenheilung Teil 1 bei Mensch & Matrix (2024)
-
Liichtfrequenzen - New Energypracticioner beim Nalu De Lorenzi (Praxis und Schule für Ganzheitliches Heilen- Nalu de Lorenzi, Heilerin und Lehrerin für Neues Bewusstsein) (2024)
-
Frauenheilkunde 2024 beim Susanne Hilt - Zeitraum (en Cours)
IMPRESSUM:
Cynthia Diogo - Black Moon Werifesteria
Esch-sur-Alzette
Autorisation d'établissement 10141042/0 - 1
Black Moon Werifesteria
De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also.
Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.
Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.
Iwwert Mech
Mäi Numm ass Cynthia Diogo.
Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn.
Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.
Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.
Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen.
Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach.