top of page

Hei fenns de en Iwwerbléck vun de Fotoseancen déi ech aktuell ubidden:

ARTISTESCH SEANCE

Däin Häerz sehnt sech no aussergewéinleche Fotoen an du wells deng inner Magie no baussen weisen.

Titre 2

Des Seance ass fir dech wann s du e passenden Outfit an Accessoiren hues a se op mystesch oder magesch Art a weis a Szene gesat kréien wells. Du kemmers dech selwer em däi Make-Up oder bass bereed op eegen Käschten an Initiative eng Make-Up Session firun der Fotosession ze buchen. 

Detailler:  

  • mir sichen zesummen no engem Konzept / Mise en Scene fir dain Outfit,       

  • Fotosseance vun 60 Mn. 

  • Du enthäls all d'Fotoe vun der Seance op engem USB-Stick.

  • Ech verschaffe 5 Fotoen am fantasy Style

  • Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn.

245 / 295 €

Titre 2

Des Seance ass fir dech wann s du e passenden Outfit hues awer keng Accessoiren fir däi Kleed an Szene ze setzen. Du kemmers dech selwer em däi Make-Up oder bass bereed op eegen Käschten an Initiative eng Make-Up Session firun der Fotosession ze buchen. 

Detailler:          

  • ech sichen déi passend Accessoiren (Kappschmuck a Schmuck) fir däi Kleed

  • eng Fotosseance vun 60 Mn. 

  • Du enthäls all d'Fotoe vun der Seance op engem USB-Stick.

  • Ech verschaffe 5 Fotoen am fantasy Style

  • Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn.

... €

Package "INNER GODDESS"

Des Seance ass fir dech wann s du dech komplett wells verwinne loossen: ech suerge fir dech no engem kompletten Outfit mat Kappschmuck, Accessoiren a Parréck, deemno Thema. Ech kemmere mech selwer em dai Make-Up an deng Hoer.

Detailler:          

  • Outfit, Kappschmuck, Accessoiren a Parréck stellen ech zur Verfügung

  • eng Fotosseance vun 90 Mn. 

  • Du enthäls all d'Fotoe vun der Seance op engem USB-Stick.

  • Ech verschaffe 5 Fotoen am fantasy Style

  • Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn.

... €

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page