top of page

Hei fenns de en Iwwerbléck vun de Fotoseancen déi ech aktuell ubidden:

SEILEFOTOGRAFIE - Portrait Seance

Du wëlls deng Verbindung zur Natur fotografesch festhalen oder wënschs der einfach natierlech Portrait'e vun dir? Dann ass des Seance fir dech.

 - D'Fotoe fannen an der Natur am Süde vum Land statt.

 - D'Seance fënnt op engem Wochendag statt.

 - "Come as you are" - du këmmers dech selwer em däin natierleche Look.

 - Dauer vun der Seance: 60 - 90 Mn.  

 - Du enthäls all d'Fotoe vun der Seance op engem USB-Stick.

 - Ech verschaffe 5 Fotoen.

195 € 

SISTERHOOD Portrait Seance

Du wëlls deng Verbindung zu denger Häerzensschwester fotografesch festhalen? Dann ass des Seance fir dech.

 - D'Fotoe fannen an der Natur am Süde vum Land statt.

 - D'Seance fënnt op engem Wochendag statt.

 - "Come as you are" - dir këmmert ierch selwer em äre natierlechen Look.

 - Limitéiert op 2 Persounen

 - Dauer vun der Seance: 60 - 90 Mn.

 - Dir enthalt all d'Fotoen vun der Seance op engem USB-Stick.

 - Ech verschaffen 5 Fotoen.

295 € 

INNER GODDESS - ARTISTESCH SEANCE

 Du hues keng Loscht op natierlech Fotoen, däin Häerz seent sech no artistesche Fotoen. Looss dech fir de Laf vun dëser Seance an dat Fabelwiesen oder déi Gëttin verwandelen, déi déif an dir schlummert. 

 - D'Fotoe fannen an der Natur statt.

 - D' Seance fënnt op engem Wochendag oder de WE statt.

 - Ech këmmere mech fir dech em de ganze Konzept, Styling, Accessoiren asw.

 - Dauer vun der Seance 90 - 120 Mn.

 - Du enthäls all d'Fotoen vun der Seance op engem USB-Stick.

 - Ech verschaffen 5 Fotoen.

495 €

PERSONAL BRANDING Vun deNGER HäERZENSAKTIVITéIT

Du bass bereet dech mat denger Häerzensaktivitéit authentesch siichtbar ze maachen a wënschs dir Fotoe fir däin Internet Site oder däi social media? Dann ass des Seance genee dat Richtegt fir dech. 

 - D'Fotoe fannen dobaussen oder do wous du déng Aktivitéit ausféiers statt *.

 - D' Seance fënnt op engem Wochendag oder de WE statt.

 - Du këmmers dech selwer em däi Look.

 - Dauer vun der Seance 60 - 90 Mn.

 - Ech verschaffen 10 Fotoen. Des enthälls du op engem USB-Stick.

345 € 

* ech déplacéieren mech fir en Oppräis vun 0,30 € pro km

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page