LIGHT FREQUENCY TRANSMISSION
Léier déi transformativ Kraaft vun de Liichtfrequenzen wärend enger Liichtfrequenz Iwwerdroung kennen.
Bei dëser Iwwerdroung kanns du dech komplett bekleet op d'Massageliege leeën an deng Aen zoumaachen an observéiere wéi däi Kierper a Geescht op dës wonnerbar Heelfrequenzen reagéieren.
De Fokus vun der Behandlung ass net op d'Bekämpfung vu Symptomer oder d'Erreeche vu spezifeschen Ziler, mee éischter op d'Astellen vu Gläichgewiicht an Harmonie op de kierperlechen, emotionalen, mentalen a spirituellen Niveauen.
D'Liichtfrequenzen sinn ondifferenzéiert an ongebrachent Liicht, wat direkt aus dem Zentrum vum Universum kennt. Dëse vollëmfängleche Spektrum aus Liichtfrequenzen besteet aus Energie, Liicht an Informatiounen.
De Mënsch als energeetescht Wiesen huet nieft dem materielle Kierper och en Energiekierper (och Aura genannt). Wann dësen Energiekierper mat de Liichtfrequenzen geluede gëtt, geschitt noweislech eng Ëmstrukturéierung vun der DNA, wat zu moossbar méi héijen Niveaue vu bio-photonescht Liicht resultéiert. Dës Liichtphotonen, sou wéi se an der Wëssenschaft benannt ginn, ginn duerch eis Kierperintelligenz integréiert.
Duerch dëst Schaffe mat der eegener Kierperintelligenz kanns du sécher sinn, dass d'Liichtphotonen genee do zum Asaz kommen, wou se grad gebraucht ginn.
Kierperlech gesinn ass et sou, dass d'Liichtfrequenzen bis an all eenzel Zell iwwerdroen ginn.
A wellechem Beräich kenne Liichtphotonen hëllefen?
-
kierperlech bei Krankheeten, Schmäerz a Verletzungen, als Ergänzung zu medezineschen Therapien,
-
mental an emotional bei Stress, Brunout, Iwwerfuerderung, strapazéierter Sensibilitéit, Depressioun,
-
spirituell zur Ënnerstëtzung op sengem spirituelle Wee, wann een de Sënn vum Liewen (nei) entdeckt, Mutt a Kloerheet fir säin eegene Liewenswee well kréien, seng Energie héije well an doduerch fir eng besser spirituell Connectioun suerge well, eng déif ursprünglech Verbonnenheet mam Universum well spieren.
D'Liichtfrequenzen suergen och fir eng besser Integratioun vun den aktuellen Upgrades duerch Sonnestierm an astral Evenementer.
Dëst Gläichgewiicht dréckt sech sou aus, dass d'Leit sech allgemeng méi liicht an ausgeglach fillen no enger Behandlung.
Dauer vun der ganzer Seance : 90 Mn
Austausch: 100€
Black Moon Werifesteria
De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also.
Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.
Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.
Iwwert Mech
Mäi Numm ass Cynthia Diogo.
Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn.
Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.
Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.
Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen.
Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach.