top of page

Wat mecht een domat?

E perséinleche Sproch entsteet andeems ech mech mat dengem Numm a Gebuertsdatum verbannen. Dann bieden ech drëms, dass de Spirit vun de Planzen, Heelsteng asw. déi dech an dengem aktuellen Zoustand ënnerstëtze kennen, sech weisen. Sou entsteet deng ganz perséinlech Fläsch. Dobäi kriss du och eng Kaart wou de ganzen Inhalt vun denger Fläsch opgelëscht ass, sou wéi d'Wierkung an d'Messagë vun de jeeweilegen Zutaten.

Du kanns deng Fläsch op däin Nuetsdësch, däin Altoer, oder eng Platz histellen, wou s du dech ëfters am Dag kanns domat verbannen. Verschidde Leit droen hier Fläsch léiwer bei sech an halen se an der Täsch, der Posch oder hänken se an den Auto. 

Hexefläsch

Eng Hexefläsch ass e mageschen Talisman. All Fläsch ass en Unikat an enthält Zutaten,  wéi Kraider, Heelsteng, Salz, Runen asw. déi déi passend Wierkung an sech droen. Des gi mat Spréch an Energie verstäerkt an dat Ganzt gëtt mat Wues versigelt.

Eng Fläsch kann e feste Sproch enthalen (staarke Schutz, Léift & Selbstléift, Schutz & emotionell Balance, Fülle...) oder awer e perséinleche Sproch. 

e perséinleche sproch 

52721479148_0e8d1b690a_w.jpg

TALISMAN

All Talisman dréiht e Symbol, wat seng eegen Wierkung huet.

 

Agebrannt op enger natierlecher Pinienholz Scheif mat Schuel mat gudden Intentiounen / Energien a versiegelt mat engem Sproch. 

52721255489_8e000e68f0_w.jpg
52721407350_c8007eac71_w.jpg
53311851323_db34401862_o.jpg
53320379078_bef44439c2_o.jpg

KRAIDERWIERK

Am Kraiderkeller gett emmer getüftelt.Do fënns de Kraiderwoll, Réichermëschungen, Réicherbündelen, energeetescht Kraidersalz an nach méi.

Am Beschten du schreifs mech un fir ze wëssen wat grad do oder wats du dir wenschs.

_DSC7426.jpg
DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg

© 2024 Black Moon Werifesteria

Black Moon Werifesteria - Esch-sur-Alzette (Lëtzebuerg) - info@blackmoonlux.com

bottom of page