top of page
Snapseed 2.jpg

Energetesch Rengegung

 

An dësem Workshop well ech mat iech deelen, wat energetesch Rengegung ass a firwat se grad elo an dëser Joreszäit sou wichteg ass.

Dir léiert wéi ee mat verschidden einfachen Methoden sech selwer (seng eegen Aura) sou wéi déi vun aner Leit an awer och Raimlechkeeten (Doheem, Büro) a Géigestänn energetesch rengegen a nees positiv opluede kann.

No dësem Workshop wësst dir genee, wéi dir méi einfach duerch den Alldag kommt ouni en „Opfer“ vun onerwënschten Energien ze sinn. 

 

Dese Workshop beinhaltet:

  • Theoriewessen - ech erklären Ierch wat wichteg ass an dir léiert vill verschidde Methoden (Räucherungen, Kraiderwëssen, ätheresch Ueleger, Klang asw.) ;

  • Praxis - mir setzen dat praktesch direkt em an ech stin Iech dobäi zur Säit ;

  • E schrëftlechen Cours an deem der doheem alles noliesen kennt ;

  • Eng Paus mat enger Stäerkung (Gedrénks a Snacks) ;

  • E klenge Coffret mat allem waat der braucht fir direkt doheem lasszelee'en.  

Dëse Workshop ass esou opgebaut, dass een mat einfachsten Mëttelen léiert an dat direkt ëmsetze kann. Et ass kee Virwëssen néideg, nëmmen en oppent Häerz an Interessi. 

Datum: neien Datum kennt geschwenn (vun 13.00 - 18.30 Auer) 

Präis: 135€

Wou? Beim Black Moon Werifesteria zu Esch/Uelzecht (genau Adresse bei der Umeldung).

Am klenge Grupp (Max. 6 Leit).

Fir är Platz ze reservéieren, schreift mir w.e.g. eng Mail (blackmoon.lu@yahoo.com). Är Plaatz ass no der Bezuelung reservéiert (Iwwerweisung, Digicash oder Paypal).

 

Méi Infos:

Wat ass energetesch Rengegung?

Energetesch rengegen heescht ganz einfach Energien ze befreien, déi engem näischt bréngen. Dat kennen souwuel negativ Energien sinn déi een op enger Platz (am Supermarché, op der Aarbecht, am Wartesall) onbewosst opgesaugt huet a mat sech ronderemschleeft, sou wéi och Energien déi mir selwer duerch eis Gedanken, Stress, Sträit generéiert hunn. Des Energien droe mir wéi Gewiichter an eisem eegenen Energiefeld ronderëm a se kennen eis midd a treiblos maachen, Emotiounen an eis eropbréngen an bremsen, rsp. blockéieren, nei Projet'en ëmzesetzen.

 

Des Energien fënnt een net nëmmen an eiser Aura erëm, déi kennen sech och a Raimlechkeeten festsetzen. Ween scho mol an e Raum erakomm ass an dee grad gestridden ass, dee weess genee wat ech mengen. Oft spiert een dass d'Energie op enger Platz engem net gefält, ouni genee ze wëssen, u wat et läit. Meeschtens ass et sou dass des Energie vu Mënschen an de Raim festsetzen an da rëm vun aner Leit opgeholl ginn, et ass en éiwegen Zyklus: eis Gedanken kennen d'Energie an engem Raum prägen, sou wéi negativ Energie an engem Raum och eis Gedanken kenne prägen. Dëst geschitt ganz onbewosst. Dofir mécht et Sënn net nëmmen seng eegen Aura, mee och säin doheem energetesch ze rengegen. 

Heelsteng sinn och dofir bekannt, negativ Energien opzehuelen an ze transforméieren. Bei dësem Prozess bleift ëmmer en Deel vun der negativer Energie un de Steng hänken, wouduerch de Steen mat der Zäit seng Wierkung verléiert. Aus dësem Grond soll een Heelsteng reegelméisseg entlueden, rsp. rengegen a nees oplueden.  

Nemme wa mir eis (rsp. eist doheem, eis Géigestänn) vun dësen onnéidegen Energien befreien, kenne mir Platz schafen fir Neies. Dobäi geet et net duer déi onerwënschten Energien ze rengegen, et ass och wichteg duerno mat positiven Energien dëse Fräiraum ze fëllen...  

 

 

Fir wien ass dëse Workshop?

Dëse WS ass fir jiddereen, deen sech fir Energien interesséiert a wëll léieren, wéi e besser kann domat ëmgoen. 

Ganz besonnesch och sensibel/hypersensibel Mënschen, déi oft onbewosst aner Energien oprafen, wouduerch Gefiller opkommen, déi guer net hier eegen sinn. 

Déi energetesch Rengegung erméiglecht et ëmmer rëm zu sech zréckzekommen an sech vun allem ze befreien, wat engem net gehéiert oder net gutt deet. Duerch eng reegelméisseg Uwendung erméiglecht se eis, méi bewosst déi verschidden Energien wouer ze huelen an besser domat ze schaffen.

Des Praxis ass fir mech iwwerliewenswichteg ginn an dofir läit et mir sou um Häerzen, se mat iech ze deelen. 

Fir weider Froen, kennt der iech gären bei mir mellen.

Cynthia

Snapseed 3.jpg
50519939378_a62e30275d_k.jpg
Snapseed 5.jpg
bottom of page