top of page

FREIJOERSKREES fir Fraen

Dëse Krees ass eng Auszäit aus dengem Alldag, deen dir erméiglecht dech ze zentréieren, mat denger Séil a Kontakt ze kommen an dir Raum ze ginn fir Selbsterkennung an Heelung.

Et dréit sech des Kéier alles em d’Fréijoer - mir kommen zesummen a setzen eis mat dëser Zäitqualitéit auserneen.

💫Wéi eng Energie bréngt d’Fréijoer mat a wéi kann een am beschten domat fléissen?

💫 D’Fréijoer an de weiblechen Zyklus. Vill méi wéi just en Zesummekomme léiers de villes iwwert däin Zyklus a woufir d’Fréijoer am weiblech Zyklus steet.

Wéi ëmmer dierf meng Léift fir de Joreskrees, Naturschamanismus a Pflanzenwëssen mat afléissen.

✨ Dëse Krees gëtt fir all jeeweileg Joreszäit mat de passenden Zäitqualitéiten an Informatiounen zum weiblechen Zyklus widderholl. Dobäi ass et egal obs du selwer en Zyklus rsp eng Gebärmutter hues oder net (méi). Des Prinzippie gehéieren zum Frasinn a schwéngen op déi eng oder aner Manéier ëmmer mat ✨

Am klenge Grupp (max. 6 Fraen)









Wéini? Den 26.04 vun 18:00 - 21:00 Auer

Wou? Zu Esch/Uelzecht

Präis: 70€

Fir dech unzemellen, kontaktéier mech weg per Mail (info@blackmoonlux.com).

 

Deng Plaz ass garantéiert soubal se bezuelt ass - du kanns no denger Umellung mat Digicash, Iwwerweisung oder Paypal bezuelen.

 

​Dëse Montant kann net op aaneren Worshop transféréiert ginn.

 

Dëse Montant kann net rembourséiert  ginn, ausser falls de Workshop ofgesot muss ginn.

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page