top of page
DSC04040-Edit copy.jpg

SCHAMANESCHEN HEELKREES - Wantersonnewend & Ufank vun de RAUHNUECHTEN

D’Wantersonnewend steet fir déi längste Nuecht vum Joer an déi déifsten Däischterheet. Ab dësem Moment steet d’Rad stëll an da geschitt eppes magesches: d’Widergebuert vun der Luucht - mir wanne rëm all Dag u Luucht. Och wann et nach bëssen dauert, bis ee wouer hellt, dass d’Deeg méi hell ginn, ass dëse Moment e staarken Event am Joreskrees a gouf schonn ëmmer grouss gefeiert.

Gläichzäiteg markéiert dësen Zäitraum och den Ufank vun de Rauhnuechten, de Schleier tëschent de Welten ass ganz dënn.

Du léiers wat déi aktuell Zäit mat sech bréngt a mir verbannen eis ganz bewosst mat de passenden Themen.

Dësen Owend ass eng wonnerbar Geleeënheet fir dech am geschützte Krees mat dir selwer ze verbannen, un dir ze schaffen an deng Energie ze héischen. Et erwaarden dech eng schamanesch Rees, e Ritual a villes méi.

Et si keng Virkenntnesser néideg, nëmmen de Wellen un sech ze schaffen an en oppent Häerz. Am klenge Grupp.

Am klenge Grupp (max. 6 Fraen)









Wéini? Den 21.12 vun 18:30 - 22:00 Auer

Wou? Zu Esch/Uelzecht

Präis: 80€

Fir dech unzemellen, kontaktéier mech weg per Mail (info@blackmoonlux.com).

 

Deng Plaz ass garantéiert soubal se bezuelt ass - du kanns no denger Umellung mat Digicash, Iwwerweisung oder Paypal bezuelen.

 

​Dëse Montant kann net op aaneren Workshop transféréiert ginn.

 

Dëse Montant kann net rembourséiert  ginn, ausser falls de Workshop ofgesot muss ginn.

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page