

Wëll Kraider fir wëll Séilen
An dësem Kraiderowend deelen ech meng Léift a mäi Wëssen iwwert d'Kraider. Meng kloer Intentioun ass dass d'Leit sech bewosst ginn, dass d'Natur eis ëmmer zum richtege Moment genee dat bereet stellt, wou mir brauchen. Eis Kraider, déi vill ze oft nach ze onrecht als Onkraut betitelt ginn, hunn et mächteg a sech a kënnen eis a ganz vill Hisiichten ënnerstëtzen.
All Kraiderowend setzt de Fokus op eng wëll Planz, déi grad an deem Moment vum Joer wichteg ass.
Du léiers des Planz op allen Eebene kennen, dh.
-
kierperlech - wéi se op de Kierper wierkt an dech bei alldeegleche Boboen ënnerstëtzen kann,
-
feinstofflech - wéi se op d’Séil wierkt an dech op dësem Niveau begleede kann,
-
magesch - wéi eng magesch Funktioun se huet
Dësen Owend ass eng gutt Mëschung aus bëssen Theorie a vill Praxis. Du léiers d’Planz mat all denge Sënner kennen a kenns an d’Spieren.
Et ass en Owend wous du direkt léiers, wéis du mat dëser Planz kanns schaffen a ganz vill dovunner direkt kanns mat an däin Alldag weider huelen. Op der aner Säit ass dësen Owend eng Kloer Auszäit aus dengem Alldag, e Moment vun der Verbindung, wous de rëm ganz an d'Fille kenns a léiers aner Wee'er wéi ëmmer nëmme mam Kapp un d'Saach erun ze goen.
Bass de bereet an di magesch Welt vun de Kraider anzetrieden an nei Wee'er ze léieren, wéis du dech an déng Léifst kanns ënnerstëtzen? Ech stellen der Planze fir, déis de souwuel kanns sammelen, wann s du dat wëlls, awer och einfach fräi am Handel kafen.
Keen Vierwëssen néideg.
Am klenge Grupp.
Wéini? Den 29.11 vun 19:00 - 21:30 Auer
Wou? Zu Esch/Uelzecht beim Black Moon Werifesteria
Präis: 70 €
Fir dech unzemellen, kontaktéier mech weg per Mail (info@blackmoonlux.com).
Deng Plaz ass garantéiert soubal se bezuelt ass - du kanns no denger Umellung mat Digicash, Iwwerweisung oder Paypal bezuelen.
Dëse Montant kann net op aaneren Workshop transféréiert ginn.
Dëse Montant kann net rembourséiert ginn, ausser falls de Workshop ofgesot muss ginn.
Virun 2 Wochen war ech op dengem Kraiderowend an ech muss soen, et beréiert mech bis haut. Ech hu vill Neies geleiert, an et huet mir immens gefall, dass mir d'Brennnessel deen Owend an engem ganz neie Liicht an op allen Ebenen hunn dierften kenneléieren.
Deng Leidenschaft, dei een all Sekonn am Kuer gespuert huet an d'Verbannen vun de reng medizinischen Effekter vun der Planz mam schamaneschen Aspekt an dem respektvollen Emgang domat, et war einfach alles stemmeg. Och, dass mir d'Brennnessel mat alle Senner hunn dierfen erliewen, riichen, schmaachen an d'praktescht Schaffen op der Plaz mat dengen Uleedungen hunn dozou baigedroen, dass ech dai Kraiderowend nach laang an Erennerung wärt haalen. Fir mech war et einfach magesch.
An dei Magie huelen ech haut mat, well ech tatsächlech elo déi eischte Kéier a mengem Liewen Brennnesselswurzelen ausgruewe wärt fir selwer eng Tinktur hierzestellen an dat am déiwe Respekt an mat all menger Léift, genau sou, weis du eis dat deen Owend virgeliewt hues.
Mir mech war et secher net deen leschten Kraiderowend bei dir!
Nora
Et war schéin, erhuelsam an ech hu vill geléiert. Fir mech ass et schwiereg, mech mat der Natur ze identifizéieren. Mee duerch dech hunn ech e Stéckelchen Natur rëmfonnt a kann et kaum erwaarden, dat ëmzesetze, wats du eis mat op de Wee ginn hues.
Merci, ech sinn dankbar fir dee wonnerbare Krees dee mir haten a freeë mech schon op dee nächsten Owend.
Giovanna
Ech wollt dir Merci soen fir den leierreichen an kraaftvollen Wëllplanzenowend wou’s du eis mat Herz an Seele dein Wëssen iwwert Brennessel mei no bruecht huest.
Sierf durch deng Erklärungen, Meditation, eis selwergemaachten Tinktur die magesch Schutztäsch souwei schamanesch Rees. Du huest deng Berufung fond an et ass esou schein deng positiv Energien ze spieren.
Ech kann just soen et wuar eng magesch a wertvoll Zait dei mir all zesummen verbruecht hun.
Merci dass du dein Wessen mat eis deelst.
Monique











Black Moon Werifesteria
De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also.
Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.
Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.
Iwwert Mech
Mäi Numm ass Cynthia Diogo.
Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn.
Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.
Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.
Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen.
Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach.
