

Amulett Ketten & HEXEFLÄSCHEN
All magesch Fläsch ass en Unikat a dréit en Zaubersproch an sech. Dësen kann een aktivéieren, éier een den Amulett em den Hals deet.
D'Hierstellung vun dësen, ass eppes wat mir ganz besonnesch gefält, well ech domat alles verbannen, wat mer um Häerzen läit: Kraider, Heelsteng, Energieaarbescht, kraaftvoll Wieder an Intentiounen. All Fläsch enthält Zutaten, déi déi passend Wierkung an sech droen. Des ginn mat Spréch an Energie verstäerkt an dat Ganzt gëtt mat Wues versigelt.
Genee wéi bei der Amulett Ketten, ass all Hexefläsch en Unikat a dréit en Zaubersproch an sech. Dësen kann een aktivéieren, fir déi voll Wierkung fir sech ze empfänken. D'Hexefläsch kann een op eng fir sech besonneg Plaatz stellen, mathuelen (an der Täsch oder Posch mat sech droen) oder fir déi Versioun mat Unhänger ophänken oder em den Hals droen.
talisman
All Talisman dréiht e Symbol, wat seng eegen Wierkung huet.
Agebrannt op enger natierlecher Pinienholz Scheif mat Schuel mat gudden Intentiounen / Energien a versiegelt mat engem Sproch.