top of page

HEELAARBESCHT EENZEL

Klangmassage

En Moment fir dech ganz alleng.

fotoGRAFIE

Fotografie 

Deng eegen Foto Seance.

DSC02509 nologo.jpg

workshops

Energeetesch Hausrengegung 

Du gëss an dësem Workshop gewuer wisou energeetesch Rengegung vun dengem Wunnraum sou wichteg ass, du léiers wéis du eenzel Reim oder däi ganzt Doheem richteg energeetesch rengege kanns.

Energeetesch Aurarengegung & Rengegung vu Géigestänn 

Du gëss an dësem Workshop gewuer wisou energeetesch Rengegung vun denger Aura sou wichteg ass, du léiers wéis du déng oder aner Leit hier Aura, sou wéi och verschidde Géigestänn richteg energeetesch rengege kanns. 

Verbindung zur Natur - de Wee zréck zu Dir...

Du léiers an dësem Workshop, wéis du eng méi déif a bewosst Verbindung zur Natur kanns schaafen.

Introduktioun: Schamanesch Rees

Dese Workshop ass eng Introduktioun an d'Welt vun der schamanescher Rees. Du léiers däi Totem Déier kennen a gëss gewuer wéis du mat em schaffen kanns.

HEELAARBESCHT AM GRUPP

Schamaneschen Heelkrees / Fraekrees

Eng Auszäit aus dengem Alldag, deen dir erméiglecht dech ze zentréieren, mat denger Séil a Kontakt ze kommen an dir Raum ze ginn fir Selbsterkennung an Heelung.

Heelsame Klangowend

Heelung mat Klang

52721255469_8c98eed5f2_o.jpg
DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page