top of page

verbindung zur natur - de wee zrÉCK zu dir

E Retour an d'Natur ass e Retour zu sech selwer.

De Mënsch ass en integralen Deel vun der Natur an domat erlaabt eng bewosst Verbindung mat der Natur net nëmmen am haitegen Moment ze sinn, sech ze verankeren, ze rengegen, opzelueden, Gedanken lass ze loossen, mee och eng déif Verbindung mat senger eegener Séil .

 

D'Verbindung mat der Natur ass en Zréckkommen a säin eegene Kär. 

Mäin Häerzenswonsch ass, datt ëmmer méi Leit sech un dës Verbindung erënneren a nei léieren, wéi se duerch d'Natur un d'Quell vun hirer eegener Séil zréckkommen an als direkt Resultat datt eis Äerd den hellegen Aspekt, de Respekt an d'Léift kritt, déi se verdéngt.

An dësem Workshop léiers du, wéis du eng méi déif a bewosst Verbindung zur Natur kanns schafen a wéi dat dech op dengem Wee weiderbrénge kann. Dëst kann e wichtegt Instrument souwuel an dengem Wuelbefannen wéi och op denger Rees vun denger Selbstentdeckung sinn.

Programm: (kennt do) 

Plaatz: (kennt no) 

Datum: (kennt no)

Fir weider Froen, kanns du dech gären bei mir mellen.

Cynthia

bottom of page