QUANTENHEELUNG Mat der 2
punkt METHODE
Wat ass Quantenheelung?
D'Quantenheelung mat der 2 Punkt Methode, sou wéi se vun den amerikanesche Chiropraktiker Dr. Frank Kinslow an Dr. Richard Bartlett entwéckelt ginn ass, ass eng einfach Technik déi et erméiglecht kierperlech, souwéi séilesch Problemer ganz einfach ze erliichteren oder souguer dauerhaft verschwannen ze loossen.
D'Quantenheelung baséiert op déi physikalesch Erkenntnis, dass Matière aus Energieschwingungen besteet, Blockaden sinn dobäi e "net fléisse vun Energien".
D'Quantenheelung kann all Liewenssituatioun, sou wéi all Thema ennertstëtzen. Et ass eng ganz effektiv Transformatiouns- an Integrationsmethode, déi als Ziel kann hunn:
- kieperlech Problemer ze verbesseren,
- Blockaden, Angschtzoustänn, Trauma, aal Musteren a negativ Glawenssätz opzeléisen,
- positiv Glawenssätz ze integréieren,
- Selbstwärtgefill a a Selbstvertrauen ze aktivéieren,
- spirituell Entwécklung ze fuerderen,
- Bewosstsinn ze erweideren,
- nei Usätz ze fannen an Liewenszieler ze erreechen,
a villes méi...
Wéi leeft eng Eenzelsëtzung of?
Eng Sëtzung fänkt mat engem Viergespréich un an deem mir zesummen kucken, wéi eng Themen opgeléist kenne ginn a wéi nei Impulser kennen mat afléissen.
Fir e beschtméiglecht Resultat ze kréien an d'Quantenheelung z'intégréieren, ass et vu Vierdeel am Uschloss eng Seance Klangtherapie oder Liichtfrequenzen mat anzebauen.
Quantenheelung Eenzel
Dauer vun der Seance: 90 Mn
Austausch: 90 €
Quantenheelung a Verbindung mat Liichtfrequenzen oder Klangtherapie
Dauer vun der ganzer Seance : 150 Mn
Austausch: 150 €
Black Moon Werifesteria
De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also.
Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.
Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.
Iwwert Mech
Mäi Numm ass Cynthia Diogo.
Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn.
Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.
Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.
Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen.
Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach.