top of page

Schamaneschen Fraenheelskrees

 

Dëse Krees ass eng Auszäit aus dengem Alldag, deen dir erméiglecht dech ze zentréieren, mat denger Séil a Kontakt ze kommen an dir Raum ze ginn fir Selbsterkennung an Heelung.

Mir kommen an der Zäit tëschent Imbolc an dem Fréijoers Equinox zesummen an notzen des Zäitqualitéit fir déif anzetauchen an lasszeloossen, wat virum Fréijoer nach dierf lassgelooss gin. Nodeems esou Raum fir Neies geschaaft ginn ass, kenne mir eise Fokus op eis Zieler vun den kommende Wochen setzen.

Wëllkomm sinn all Fraen, déi oppen sinn fir Heelung a Loscht hunn, schamanesch drun ze schaffen.

 

Am klenge Grupp (max. 6 Leit) 

Wéini? Den 25.02 vun 14:00 - 17:30 (KOMPLETT BESAT)

Wou? Zu Esch
Präis: 70€ 

bottom of page