top of page
53181886591_66972208ae_o.jpg

introduktioun: schamanesch
Rees

​Du interesséiers dech fir d'schamanesch Reesen, mee weess net wierklech wou ufänken? Da bass du hei genee richteg.
   
- ech erklären dir d'Prinzippie vun der schamanescher Rees ;

 

- du léiers wéis de dech op eng schamanesch Rees richteg präparéiers ;

 

- du léiers wéis de dech schütze kanns a wourops de oppassen dierfs.
       
Am Schutz a gedroe vum hellege Raum guidéieren ech dech mat menger Trommel duerch deng éischt schamanesch Reesen. Du léiers däin Totem Déier kennen a gëss gewuer wéis de mat em schaffe kanns.

 

D'Ziel vun dëser Begleedung ass, dass du d'Basis hues fir doheem an dengem Tempo weiderzereesen.

Natierlech kann ech dech och am weiderhin duerch deng nächst Reese begleeden.
   

Du brauchs keng Virkenntnesser, just Interessi, en oppent Häerz an Oppenheet, eng nei Erfarung wëllen ze maachen. 

Dauer an Austausch:

 

90 Mn - 90 € oder

120 Mn - 120 €

Wat ass eng schamanesch Rees? 

D'schamanesch Rees ass e wichtegt Ritual am Schamanismus. Et handelt sech dobäi em eng spirituell Praxis, eng Rees an sech selwer an ass ze vergläichen mat enger Dramrees.


Wat ass en Totem Déier? 

Den Totem ass e Geeschtwiesen an Déiregestallt an ass däi perséinlechen Weebegleeder a Beschützer.  All Totem Déier huet ganz spezifesch Eegenschaften an ass mam Mënsch senger Perséinlechkeet verbonnen. Domat mécht en méi wéi just begleeden, en ënnerstëtzt an ass e Spigel fir däin eegent Wiesen.

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page