top of page

Hei fenns de en Iwwerbléck vun de Fotoseancen déi ech aktuell ubidden:

SEILEFOTOGRAFIE 

Du wëlls deng Verbindung zur Natur fotografesch festhalen oder wënschs der authentesch, natierlech Fotoen vun dir?

MINI SEANCE 

 

​​Des Seance ass perfekt fir dech:

 - wanns de dir einfach natierlech Portrait'e vun dir wënschs,

 - wanns de nach ni Fotoe gemaach hues an einfach e klenge Virgeschmaach wëlls kréien,

​Detailler: 

  • 1 Location am Minett,

  • Fotosseance op engem Wochendag

  • Dauer: 60 Mn.

  • "Come as you are" - du këmmers dech selwer em däin natierleche Look.

  • 5 verschaffte Fotoen am natierleche Styl (zousätzlech Foto: 20€)

  • Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn. 

250 € 

SEANCE ​- "​MAGICAL YOU"

 

Des Seance ass perfekt fir dech:​​ 

- wann s de bereet bass, denger Séil de Raum ze ginn an dech an dengem ganze mageschen Sinn ze weisen,

- wann s de bereet bass, de Maximum aus eisem Zesummekommen eraus ze huelen.

Méi wéi just eng Fotosseance ass dëst eng déifgräifend Erfarung. Mir läit et um Häerzen, dass du dech wuel fills an dech opméchs. Nëmmen sou, kann ech de Maximum aus onsem Zesummekommen eraushuele fir esou Fotoen ze maachen, déi dech weisen, wéis du wierklech bass. Fir dëst ze erreechen, ass et mer wichteg, ouni Zäitdrock ze schaffen. Ech gesinn des Seance als komplette Projet, deen ech réischt ofschléissen, wann ech weess, dass ech deng Essenz konnt festhalen. 

Detailler:

  • 1 Location am Minett 

  • Fotosseance op engem Wochendag oder de WE

  • "Come as you are" - du këmmers dech selwer em däin natierleche Look, Outfitwiessel méiglech

  • 7 verschaffte Fotoen am natierleche Styl (zousätzlech Foto: 20€)

  • Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn. ​​

500 € 

DSC05440-Edit copy.jpg

Ech wollt dir och nach emol en decken decken Merci soen fir d'Fotoen. Se sinn all wierklech esou schéin ginn an et freet mech enorm vill ze gesinn, wéi fräi an natierlech se wierken an wat ech fir eng Ausstrahlung drop hunn. Ech war mer onsëcher wat dobäi erauskënnt well ech mech oft net wierklech selbstbewosst fillen zumools soubal eng Kamera op mech geriicht ass an d'Resultat mech och meeschtens net zefridden stellt. Mee ech hu mech wéi gesot vum éichte Moment wuel gefillt an konnt ouni Problem einfach ech sinn an genau dat gesäit een och op de Fotoen an et mecht mech frou, dass déi Deeler wou ech mer wënschen déi an mer sinn och tatsächlech do sinn an een se do gesäit

— Mona

DSC04820-Edit copy.jpg

Liebe Cynthia, ich bin dir unendlich dankbar für deine Arbeit 💜Ich bin es eigentlich nicht gewohnt vor der Kamera zu stehen. Die Art und Weise wie du das Setting (spontan, kreativ und einfach passend) gestaltet hast, hat mir mehr Selbstvertrauen geschenkt. Endlich besitze ich schöne Fotos von mir die mein wahres Selbst darstellen 💜Danke für diese tollen gemeinsamen Momente, dein Talent und deinen unbeschreiblichen Humor. 🍀🍀🍀

— Estelle

Merci pour ce moment magique. Pour moi, c'était plus qu'un simple shooting photo. Tu n'as pas seulement pris des photos (qui sont d'ailleurs magnifiques), mais tu t'es connectée à moi, tu m'as accompagnée, guidée et inspirée. Tu as trouvé les mots justes pour que je me sente à l'aise pendant mon tout premier shooting.

 

Merci de m'avoir rappelé que la forêt a plein de réponses à nos questions, qu'en tant que femmes, nous avons le droit de ne pas sourire tout le temps et que poser des limites est puissant. Merci pour ça, merci d'être toi.☀️

— Tamara

DSC05603-Edit copy.jpg

— Estelle

selbstlÉIFT RITUAL

Kanns du dech selwer unhuelen, dech selwer gären hunn, sou wéis de bass ?

Wéi oft hues du dat Gefill net gutt genuch ze sinn, net schéin ze sinn, definitiv net fotogen ze sinn ? 

​​

De Wee vun der Selbstvergebung, dem Selbstunhuelen an der Selbstléift ass e laange Prozess.

D'Fotografie kann e wonnerbaren Tool si fir dohinner ze kommen, sech selwer aus engem aneren Bléckwénkel ze gesinn, sech e Stéck weider unzehuelen a gären ze hunn.

Fir des Seance verbannen ech mäi fotografescht Handwierk mat menge spirituelle Tools.

​​Vill méi wéi "just" eng Fotosseance, ass dëst e Moment vum Zréckkommen an däin eegene Kär an en heelsame Moment fir Häerz a Séil, wou fotografesch dierf festgehale ginn. 

 

Dëst kann e Moment vu Vergeebung an déiwer Heelung sinn, wann s du bereet bass, et zouzeloossen. 

SELBSTLÉIFT RITUAL

​​Des Seance ass perfekt fir dech:

​​

- wann s de bereet bass, deng selbstkritesch Säit unzekucken an de Wee vun der Heelung an der Selbstléift ze goen,

- wanns de bereed bass, aal Glawenssätz ze transforméieren, Emotioune fléissen ze loossen, negativ Gefiller lasszeloossen an dir selwer ze verzeihen,

- wann s de dech aus enger anerer Perspektive wëlls gesinn a bereet bass, deng eege Schéinheet ze      erkennen an unzehuelen,

- wann s de oppe bass fir Spiritualitéit a Naturspiritualitéit,

- wann s de oppe bass, fir nei Wee'er ze goen.

Wat dech erwaart: 

 

  • eng déif Verbindung mat der Natur an duerch hier Hëllef eng Verbindung mat dir selwer, 

  • ech stinn dir wärend dëser ganzer Seance mat mengem ganze Wëssen a Kënnen a menger eegener Erfarung um Wee vun der Selbstléift zur Säit an hale fir dech de Raum,

  • je no Seance a Besoin - Meditatiounen, Uechtsamkeet, Zréckfannen an d'Natur, energeetesch Heelung, Ritualer... 

​Detailler: 

  • 1 Location am Minett

  • Fir dat ganzt Ritual kanns du gären 4 Stonnen aplangen

  • "Come as you are" - du këmmers dech selwer em däin natierleche Look, Outfitswiessel méiglech

  • 10 verschaffte Fotoen am natierleche Styl (zousätzlech Foto: 20€)

  • Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn. 

800 €

SISTERHOOD Portrait Seance

Du wëlls deng Verbindung zu denger Häerzensschwester fotografesch festhalen? Dann ass des Seance fir dech.

 - D'Fotoe fannen an der Natur am Süde vum Land statt.

 - D'Seance fënnt op engem Wochendag statt.

 - "Come as you are" - dir këmmert ierch selwer em äre natierlechen Look.

 - Limitéiert op 2 Persounen

 - Dauer vun der Seance: 90 Mn.

 - Dir enthalt all d'Fotoen vun der Seance op engem USB-Stick.

 - Ech verschaffen 5 Fotoen am natierleche Styl (zousätzlech Foto: 20€ / d'Stéck)

 - Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn.

450 € 

HäERZENSAKTIVITéIT SEANCE

Du bass bereet dech mat denger Häerzensaktivitéit authentesch siichtbar ze maachen a wënschs dir Fotoe fir däin Internet Site oder däi Social Media? Dann ass des Seance genee dat Richtegt fir dech. 

MINI SEANCE - "TRAU DECH" 

Des Seance ass perfekt fir dech:

 - wann s de deng Aktivitéit starts oder e klenge Budget hues ,

 - wann s de nach ni Fotoe fir deng Aktivitéit gemaach hues a wanns de einfach e klenge

   Virgeschmaach wëlls kréien ,

 - wann s de deng Säiten einfach mat neie Fotoen opfrësche wëlls. 

 Detailler:          

  •   1 Location am Minett

  •   1 Outfit

  •   Preparatiounsgespréich iwwert Telefon vun 20 Mn.

  •   eng Fotosseance vun 45 Mn. op engem Wochendag

  •   5 verschaffte Fotoen am natierleche Styl (zousätzlech verschaffte Foto: 20 €)

  •   Du kriss e kommerziellt, zäitlecht net limitéiert Nutzungsrecht fir däi Social Media, deng

   Websäit, Google, Flyers asw. 

350 € 

SEANCE - "WEIS DECH"

Des Seance ass perfekt fir dech:

 - wann s du eng Variétéit vun Fotoe wells, mat deenen s de deng Säiten opbauen kanns an

   deng Events promoten kanns , 

 - wann s de keng Loscht méi hues, op Stockfotoen zréckzegräifen,

 - wanns de däi Lokal wëlls fierstellen.

Detailler:          

  •   2 Locations (zB. eemol do wous du deng Aktivitéit ausüübs an eemol dobaussen)*

  •   puer Outfits

  •   Preparatiounsgespréich iwwert Telefon vun 30 Mn.

  •   eng Fotosseance vun 90 Mn. op engem Wochendag oder de WE

  •   10 verschaffte Fotoen am natierleche Styl (zousätzlech verschaffte Foto: 20 €)

  •   Du kriss e kommerziellt, zäitlecht net limitéiert Nutzungsrecht fir däi Social Media, deng

   Websäit, Google, Flyers asw. 

650 € 

* ech déplacéieren mech fir en Oppräis vun 0,30 € pro km

SEANCE ​- "​MAGICAL HEART-REPRENEUR"

 

Des Seance ass perfekt fir dech:​​ ​

 

- wann s de bereet bass, dech an dengem ganze Wierken ze weisen,

- wann s de bereet bass, de Maximum aus eisem Zesummekommen eraus ze huelen.​

 

Méi wéi just eng Fotosseance ass dëst eng déifgräifend Erfarung. Mir läit et um Häerzen, dass du dech wuel fills an dech opméchs. Nëmmen sou, kann ech de Maximum aus onsem Zesummekommen eraushuele fir esou Fotoen ze maachen, déi dech weisen, wéis du wierklech bass. Fir dëst ze erreechen, ass et mer wichteg, ouni Zäitdrock ze schaffen. Ech gesinn des Seance als komplette Projet, deen ech réischt ofschléissen, wann ech weess, dass ech deng Essenz konnt festhalen. 

 

​Detailler:

  • 1 Location

  • Fotosseance op engem Wochendag oder de WE

  • "Come as you are" - du këmmers dech selwer em däin natierleche Look, Outfitwiessel méiglech

  • 12 verschaffte Fotoen am natierleche Styl (zousätzlech verschaffte Foto: 20 €)

  •  Du kriss e kommerziellt, zäitlecht net limitéiert Nutzungsrecht fir däi Social Media, deng Websäit, Google, Flyers asw.

800 €

FANTASY - ARTISTESCH SEANCE

Däin Häerz seent sech no artistesche Fotoen an du wells dech fir d'Zäit vun eisem Zesummekommen an eng magesch Welt antauchen, dann ass des Seance fir dech.

MINI SEANCE - BABY FAIRY

 

Des Seance ass perfekt fir dech:

 - wanns du e kompletten Outfit hues deens de magesch an Szene setze wells

 - wanns du dech selwer schminken kanns (oder dech op eege Käschten schminken léiss)

​Detailler: 

  • 1 Location am Minett,

  • Fotosseance op engem Wochendag

  • Dauer: 90 Mn.

  • "Fairy yourself" - du këmmers dech selwer em däi Styling *

  • 5 verschaffte Fotoen am fantasy Styl (zousätzlech Foto: 30€)

  • Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn. 

350 € 

*Kappschmuck an Accessoiren kennen op Oppräis fir deng Seance verléint ginn

HIGH FAIRY

 

Des Seance ass perfekt fir dech:

 - wanns du dech wells verwinne loossen

​Detailler: 

  • 1 Location am Minett,

  • Fotosseance op engem Wochendag oder de WE 

  • Dauer: keen Zäitdrock, dese Package leeft op de Projet, net op d'Zäit

  • Ech kemmere mech em däi Styling, Kappschmuck & Accessoiren

  • 7 verschaffte Fotoen am fantasy Styl (zousätzlech Foto: 30€)

  • e Makeup kann op Oppräis gebucht ginn

  • Des Fotoen dierfen fir perséinlech Zwecker benotzt ginn. 

600 € 

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg

© 2024 Black Moon Werifesteria

Black Moon Werifesteria - Esch-sur-Alzette (Lëtzebuerg) - info@blackmoonlux.com

bottom of page