"Ech sinn net fotogen" - dat ass de Saz deen ech definitiv am dacksten ze héiere kréien, wa Frae mech fir eng Seance kontaktéieren. Natierlech huelen ech déi Erausfuerderung ëmmer ganz gären un. Mëttlerweil froen ech mech souguer, op déi Thees vu fotogen/net fotogen net e Mythos ass. Natierlech ginn et Leit déi ee bei egal wéi enger Situatioun aus egal wéi engem Wénkel ka knipsen an déi et iergendwéi ëmmer fäerdeg brénge gutt auszegesinn. Mee siefe mer mol éierlech, dat ass éischter d'Ausnam. Richteg ass et awer och, dass ech an deene mëttlerweil 15 Joer an deenen ech ëmmer rëm Fotoe vu Frae gemaach hunn, nach keng Fra viru menger Lëns hat déi sou onfotogeen war, wéi si dat selwer vun sech erwaart huet.
Ganz oft, wann ech mat Fraen doriwwer schwätzen, dass ech Fotoe maachen, zielen si mer wat si alles bei sech net gutt fannen, alles Grënn wisou si der Meenung si, dass si net gutt genuch ausgesi fir Fotoen ze maachen. Mir perséinlech brécht et ëmmer rëm d'Häerz, well ech einfach feststellen, dass d'Fraen sou streng mat sech selwer, mat hirem Ausgesi sinn. Dat ganz oft bei Fraen, déi ech wonnerschéi fannen a wou ech eigentlech ni erwaart hätt, dass sou Gedanken si géif ploen.
Wéi eng Fra dréit net des Wäertung vun "net gutt genuch sinn" mat sech?
Wéi vill Frae kennen einfach 100%eg zu sech stoen an sech acceptéieren, schéi fannen, wéi se sinn?
A wann een Deel vu mir dat guer net unhuele well, guer net gleewe well, dass déi Fra tatsächlech gesot huet, wat alles bei hier net gutt wär, well ech et guer net erkenne kann, da brauch ech just de Spigel kuerz zeréckdréinen an op mech ze halen. Wéi vill Joren hunn ech domat verbruet mech fir Saache schlecht ze maachen déi zu mir gehéieren? Wéi vill Joren hunn ech gebraucht fir ze verstoen, dass ech gutt sinn, wéi ech sinn. Dass alles wat mech aus onerreechbarer perfekter Norm eraushelt, mech genee zu deem mécht, ween ech sinn. A wann ech no ganz vill investéierter Zäit esouwäit komm sinn, dass ech mäi Fridde mat mir geschloss hunn, well ech virun allem bei mir bannendran de Fridde konnt fannen, wéi oft kommen déi Theme rëm héisch? Bei all neiem Kilo op de Rëpper, bei all neiem Reef ënnert den Aen, bei all Feststellung, dass mäi Kierper méi al gëtt an ëmmer rëm ännert, mat all de Stereotyppen déi domat verbonne sinn.
An andeems ech mat aller Kraaft dogéint wierke well, well ech mäi Liewen net well vun dëse Stereotyppen féiere loossen, spieren ech wéi déif se a mir, an eis Fraen implantéiert gi sinn.
Vun enger Gesellschaft, bei deenen d'Schéinheet vun der Fra als oberste Prioritéit gëllt an enger Konsumwelt, déi déi onméiglech Perfektioun priedegt, fir hier Gëftstoffer mat grousse Versprieche fir deiert Geld ze verkafen. Vum Patriarchat, dee schon emmer verstan hat, wéi en d'Fra kéint kleng halen, andeems en si zu hirem eegene Feind mécht an all Fraen an eng onméiglech Konkurrenzkampf stiechen, wou keent gewanne kann.
An jo, ech schwätzen hei geziilt vu Fraen. Natierlech ginn et och Männer déi mat dësen Theme kämpfen an och déi hu meng vollste Compassioun. An awer denken ech, dass do leider eng kloer Duebelmoral herrscht.
Wat well ech hei iwwerhaapt soen?
Meng ganz Léift geet eraus, un all Fra, déi et net kann unhuelen, wann een zu hier seet "du bass schéin".
Meng ganz Léift geet eraus, un all Fra, déi sech net kann am Spigel kucken ouni béis mat sech ze sinn.
Meng ganz Léift geet eraus, un all Fra déi hier eegen innere Gëttin net unhuele kann.
De Wee vun der Selbstléift kann e laange, schwierege Wee sinn, mee ech hoffen du traus dech en ze goen.
One step at a time.
I see you.
Cynthia
Kommentarer