Beltane - Widdergebuert vun der Gëttin
- Cynthia
- 29 avr.
- 4 min de lecture
D’Energie vu Beltane - zanter dem Weekend kribbelt se ënnert der Haut an ech beobachten se mat Interessi. Elo fillen ech se an de Schanken a notzen de Moment fir Wieder doriwwer fléissen ze loossen.
Pragmatesch gesinn ass Beltane den Ufank vun der suergloser Zäit – keng Donkelheet, keng Keelt, keng Hongersnout. Alles wiisst, alles blitt, d’Deiere sinn am Fréijoersrausch. D’Liewe feiert hiren Héichpunkt an hirer voller Pracht, et ass e Fest vun Euphorie a wëllem Danz, sou wéi d’Natur eis et fiermëcht.

Am keltesche Joreskrees steet Beltane géigeniwwer Samhain, dem Fest vum Doud, a jiddereen deen sech scho bëssen domat befaasst huet, weess genee, dass och domat net ze spaassen ass. Et ass ee vun deene Momenter am Joer wou de Schleier tëschent de Welte ganz dënn gëtt a gefillt, mat den Energien déi déi läscht Joren ëmmer rëm op e Neits sou gepusht hunn, déi Schleieren ëmmer méi dënn ginn an op dësen Deeg quasi verschwannen. Wann Samhain den Doud feiert an e groussen Abschid ass, feiert Beltane d’Liewen an e glécklecht Wëllkomm zréck. Awer net d’Liewe wéi an engem Billerbuch, mee d’Liewe mat all senge Facetten.
Ech wollt hei awer kee pragmateschen Text schreiwen, mee bësse mat dir deelen, wat déi Deeg duerch mech gelaf ass vun Impulser, Gedanken an Emotiounen. Villäicht kanns du awer och guer näischt domat ufänken, an dat ass och ok. Ech si net gewinnt hei sou perséinlech Impulser ze deelen, déi aus menger Liewenserfarung entstinn an awer weess ech dass déi Saachen net aus Dommheet duerch mech fléissen an déi eng oder aner Séil egal wéi kann erreechen.
Wann s de bereet, bass géif ech dech alueden dech op des Energie anzeloossen, mee kleng Virwarnung: Beltane ass näischt fir schwaach Nerven.
Beltane ass fir seng grouss Feieren, déi op dësem Fest ugefaange ginn, bekannt. Jo et geet wéi ëmmer beim Thema Feier em Rengegung, Ales verbrennen, Neies entstoe loossen. An jo et ass e glécklecht Wëllkomm vun der Natur a vum Liewen, mee déi Séilen déi sech trauen genau hinzefillen, déi spiere genee – et ass OCH a VIRUN ALLEM eng Aluedung fir en Heemkommen, e Wëllkomm zu sech selwer, oder eng Opportunitéit fir rëm komplett bei sech zréckzefannen.
D’Feier vu Beltane steet fir d’Liewen - net fir d’Liewen aus dem Billerbuch, mee fir d’Liewen a senger puerster Form, sou wéi et wär, wann s du net misst 10 To Do Leschten ofklappen, am Stau stoen, schaffen, Hausfra, Mamm, Fra, Frendinn, Duechter (an déi aner vill Masken déis de mat der dréis) sinn, mee deng eenzeg Aarbecht wär deng Flam ze pfleegen a nären. Beltane steet fir däin ënnerlecht Feier.
A lo kennt den tricky Part:
Kuck der déi Flam mol un, ass se kleng a schwaach, hues du villäicht ënnerwee vergiess no dengem Feier ze kucken? Elo ass de richtege Moment fir dëst Feier grouss brennen ze loossen, well dëst Feier freet fërmlech dono d’Stäre vum Himmel ofzefakelen.
Beltane luet dech an dech mat dengem ënnerleche Feier ze verbannen, mat denger Leidenschaft, mat denger Kreativitéit, denger Sexualitéit, denger ënnerlecher Kraaft.
Bass du gutt mat dëser Säit vun dir connectéiert an ass des Flam gutt um Brennen, da kanns du d’Energie vu Beltane notze fir dech an deng Undeeler ze feieren. Looss alles lass fir een Ament, all Gedanken, all Glawen, gei an d’Spieren a feier dech sou wéis du et am Beschten kanns. Fir Beltane fir sech ze feieren an ze liewen, muss ee net plastesch ronderëm d’Feier danzen obwuel dat natierlech eng ganz gutt Alternativen ass – d’Hexe vun der Walpurgisnuecht wosste schonn deemools wat gutt wär, mee alles wat deng Liewensflam, deng Leidenschaft, deng helleg Sexualitéit, déift Lassloossen an deng puer Freed erwächt ass natierlech erlaabt an erwënscht. Looss dech vun der berauschender Energie vun dësem hypnotesche Joreskrees droen a vertrau denger Séil.
Huet däi Feier gelidden, hues du deng Kreativitéit, deng Leidenschaft aus den Ae verluer an deng ass Flam geschwächt, da kann et sinn, dass de em des Deeg villäicht eng Trauer verspiers. Oder awer och eng Frustratioun, eng Roserei, well deng ënnerlech Gëttin ganz genee weess, wéi et ass, mat erhobener Broscht dëst Feier ze spieren, ze liewen.
Wat schéin ass, Beltane ënnerstëtzt dech sou gutt wéi keen anert Fest dobäi, dir des Deeler rëm zréck ze eroberen. Et stécht souvill an der Kraaft vum Feier an du kanns se fir dech notzen.
Jo Beltane ass d‘Fest vum Liewen, mee
Beltane brennt.
Beltane steigt op.
Beltane rappt a Fatzen.
Beltane verlaangt Widdergebuert.
Gëff selwer zum Feier, looss déi Deeler déi dëse Wanter geschlof hunn oder souguer gestuerwe sinn, ofbrennen. Erënner dech un deng Kraaft, erënner dech un deng Muecht, looss deng Flam hell brennen, bis d’Sonn am Universum Konkurrenz kritt. A wann de fäerdeg bass, sëtz an den Äschen a looss Neies zum Liewen entstoen.
Natierlech kléngt déi romantiséiert Versioun schéin, mee wann s du schonn um Wee vun der Selbsterkenntnis bass, weess de dass sou Momenter, sou Asiichten net einfach a mat Sécherheet oft net agreabel sinn. Dofir hu mir oft Tendenz genau do wechzekucken. Mee wann s du dëse Moment notz, da stells de fest dass villäicht e puer Tréinen musse fléissen, fir déi al Versioun vun dir, dee Käfeg deen ze kleng ass, aus deem s de ausgewuess bass.
Villäicht spiers de awer deen Deel an dir, deen net méi wëll weidermaachen, ouni dëst Feier, an dann ass elo de Moment fir sech mat dësem Undeel ze verbannen an am nächste Schratt deng Muecht zréckzehuelen, fir endlech d’Kinnigin vun dengem Liewen ze ginn an däi Feier rëm zur dénger Prioritéit ze maachen.
Beltane ass deen Ament villäicht d’Péng, d'Tréinen, déi wëll Freed, déi mat der Trauer fir dat waats de lassloosse wëlls, muss, dierfs, verwéckelt ass.
Dann ass et elo de Moment fir dech, dech bei däi Feier ze setzen. Mee traus de dech och, net ewech ze kucken?
Comments