top of page

Beschützer vun der Flam



Déi kleng Flam am Häerzen - laang war ech mer guer net bewosst, dass se iwwerhaapt do wär.


A wéi sollt ech se dann schätzen oder op se oppassen, wann mer hir Existenz net bewosst war? Ech hunn se net geniert oder wann da mat de falschen Saachen, falschen Energien. Ech hat et méi wéi eemol fäerdegbruecht, dass se bal ganz aus gaangen ass. Op Spuerflam sinn ech reegelrecht gelaf.


An hu mech ëmmer rëm gefrot „ass dat do schonn alles am Liewen?“ Vill ze fréi opstoen fir am Stau ze stoen, gestresst no enger Parkplaz sichen, scho genervt op der Aarbecht ukommen, schaffen, heemkommen a kaum Zäit méi fir eppes hunn, erschöpft vu mengem Dag. Repeat, repeat, repeat. Erschöpft vun mengem Liewen. Vun Feierowend zu Feierowend liewen, den Daag iergendwéi verdrängen, vu WE zu WE liewen, déi ganz Deeg vun der Woch einfach iwwert mech ergoen loossen. Vun Vakanz zu Vakanz liewen, de nächste Congé kennt geschwenn… an awer ni séier genuch.


Dat mëllt Hamsterrad an deem mir all dréinen, scho laang spieren ech dass dat näischt fir mech ass. Ech kann séier genuch lafen, mee well ech dat? Nee - ech well mer Zäit huelen an kucken wat ronderëm geschitt. Ech well d’Blummen um Wee beschnoffelen, d’Wolleken beobachten, de Villercher nolauschteren. Am Hamsterrad ass alles gro, do gëtt et näischt ze kucken a wann hätt een souwisou keng Zäit fir eppes matzekréien…


An ëmmer rëm déi Selbstfierwerf, firwaat kanns de dann net einfach matrennen ouni permanent doriwwer ze kloen, et a Fro ze stellen an es permanent midd ze sinn? Déi Aner maachen et alleguer, kuck si maachen dat vill besser… Daat ass nun mol esou, „c’est la vie“ seet de Fransous. An Iwwerhaapt dierfs de net kloen, vill Leit geet et souvill méi schlecht wéi dir.


Laang hunn ech de Feeler bei mir gesicht. Wann een alles huet, wat ee brauch an nach villes méi, wat een net brauch an awer net zefridden ass, da kann jo nëmmen eppes futti sinn bei engem, oder? Iergendwéi funktionéieren aus Gewunnecht a mech ëmmer rëm gefrot wien mir dee kranken Konzept als Liewen verkaf huet.


Ween war et eigentlech? Meng Elteren – déi wollten dach just dass et mir, am Géigendeel zu hinnen an hiren Anen u guer näischt géif feelen. Si selwer hu soss näischt kannt wéi dat Hamsterrad. Meng Proffen? An ass de ganze Schoulsystem net schon selwer en Hamsterrad? Eis Politik? Eis ganz Gesellschaft? Déi global Mënschheet? Ween huet dat verdammtent Hamsterrad iwwerhaapt erfonnt a wien profitéiert dovunner wann all Hamster erschöpt oder hypnotiséiert duerch säi Rat leeft ouni wierklech vill méi vum Liewen ze erwaarden?


Ech gesinn all Dag Leit an engem gëllenen, mat Diamanten versaten Hamsterrad lafen. Si sinn houfreg iwwert hiere ganze Blingbling, mee ganz glécklech gesinn se net aus, well se schneiden all eng Schnëss. Ass dat dann elo d’Liewen?


Ech kréien geschwënn 41 Joer an ech hunn nach ëmmer net wierklech erausfonnt wat d’Liewen dann sou genee ass. Ech weess mëttlerweil just, dass d’Liewen vill méi ass, wéi en Hamsterrad, vill méi wéi e System an deen ech net passen, vill méi wéi e konditionéieren Mënsch sech eigentlech virstellen kann. D’Liewen ass vill méi wéi dat, wat mir erschafen an wouvunner mir dreemen… all d’Grenzen hu mir eis selwer gesat oder mir hun se gesat kritt.

Kleng Flam am Häerzen, elo weess ech dass du do bass. A wat ech méi oft stoe bleiwen an d’Blummen beschnuffelen, wats du méi grouss gëss. Du brenns ëmmer méi hell a gess ëmmer méi grouss. Mëttlerweil schwätz du mat mir a sees mir Owes, kuerz éier ech aschlofen, wats du der wënschs, wat ech als Nächst soll maachen… ech wäert net ophalen dech ze fidderen, an dëst Kéier gëtt och kee fault Holz méi dra geheit.


Ech léieren nach, an heiansdo dréinen ech nach en Tuer am Hamsterrad, well en alen Hamster brauch Zäit fir sech emzewinnen, mee ech loossen dech net méi ausgoen.


Ech ginn elo zum Beschützer vun dëser Flam, dat ass mäi Verspriechen.


Cynthia

Comentarios


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page