top of page

Buschwindröschen (Anemone nemorosa)

All Bëschgänger ass hier scho begéint, si ass schliisslech eng vun deenen éischten Bléien déi sech ganz am Ufank vum Fréijoer weist an de Bëschbuedem mat grousse Teppecher dekoréiert, an zwar genee dann wann de Bësch et kann gebrauchen, well e nach bëssen traureg ausgesäit, well d’Beem nach keng Blieder hunn. Duerch déi plakeg Beem, kann si zwar vun de Sonnestralen profitéieren, mee virun der d‘Loft ass si net geschützt. An déi kréien des Blimmercher däitlech ze spieren, wéi se mat hire Käpp mat all Wandstouss hin an hier fléien, mee dat ass och richteg sou, wellsi sinn déif verbonnen mam Wand: hire Numm Anemon kennt vun „anemos“ - dat griichescht Wuert fir Wand. Dofir gëtt se och a ville Sproochen „Wandblumm“ genannt.


Et gëtt gezielt, dass déi griichesch Göttin Flora jalous war op eng wonnerschéin Fra, déi hirem Mann Zephyr, de Gott vum Wand, schéin Aen gemaach huet. An hirer Roserei huet se dunn hier Rivalin an eng Blumm verwandelt, déi den Numm Anemone kritt huet. Zênter deem gëtt se fir hier Schéinheet bewonnert.


Eng aner Geschicht ass, dass se do wiisst, wou Tréine gefloss sinn. Dass se aus dem Buedem gespréist ass wou dem Aphrodite hier Tréinen de Buedem beréiert hunn, wéi den Adonis verstuerwen ass. Dofir gëtt se och mat Trauer an Doud a Verbindung bruet.



Sie ass an der magescher Welt beléift, et gëtt gesot, dass Fee’en an hiere Bléien wunnen, well si bei schlechtem Wieder oder Nuets zouginn an sech a kleng Glacken verwandelen, an déi sech d’Fee’en verstoppen a schlofe kennen.


Och wann des Bléien zaart an zerbriechlech wierken an en Symbol fir Onschold sinn, soll een sech net täuschen loossen. Sie stinn dem fir di Joëreszait typesch schwankenden Wieder stand a maachen sech mat aller Muecht staark fir d’Fréijoer – a sinn dofir e staarkt Symbol fir den Neiufank a Kraaft.


Déi däitsch Volleksnimm „Kopfschmerzblume“ an „Hexenblume“ weisen zousätzlech dorop hin, dass mat hier net ze spaassen ass: all Deeler vun der Planz si gëfteg. Et handelt sech hei op kee Fall em eng iessbar Planz. Och wann si fréier als Heelplanz benotzt gouf, gëtt se haut just nach an der Homeopathie ugewend.


Trotzdeem kann een op feinstofflecher Ebene mat hier schaffen, zB andeems een sech mat hier verbënnt. Sie steet fir nei Energie, begleet d’Trauregkeet an der Trauer. Ales kann lassgelooss ginn an et gëtt Platz fir Neies gemaach.


An der Alpengéigend ass schonn ëmmer mat hier geräuchert ginn – fir an e Rauschzoustand ze kommen an „Hexewessen“ ze kréien oder och a Kontakt mat de Naturwiesen ze kommen. Sou dierf een sech och net wonneren, dass et Kraidermëschungen gi, déi Buschwindröschen enthalen, mee opgepasst an der fräier Natur steet se op ville Platzen ënner Naturschutz.




Mots-clés :

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page