top of page

D’Brennnessel: Heelerin, Schutzplanz a Kriegerin mat groussem Häerzen


D’Brennnessel ass ee vun de Wellkraider wou warscheinlech jiddereen kennt, wann och leider net ëmmer zum Gudden. Sie gëtt oft als Onkraut betitelt, e Wuert mat deem ech mech ganz schwéier dinn zemools wann ee weess, wéi räichhalteg a villsäiteg heelend des Planz ass.


Zu hirem Numm: den éischten Deel Brenn misst jidderengem aliichten dee scho mat plakegen Been dra stoung. D’Wuert Nessel gëtt ursprénglech aus der Textilhierstellung, ofgeleet vum germaneschen Wuertstamm „net“ oder „nez“ (Gewebe, Netz). Aus Brennnesselen ass a fréieren Zäiten nämlech Gewebe hiergestallt ginn.


D’Brennnessel wiisst „ruderal“, dat heescht si verfollegt de Mënsch a besidelt oppen an heefeg gestéiert Flächen wéi Wunngebitter, Industrie- an Offallentsuergungsanlagen souwéi Verkéiersstroossen. Sie erobert sech gären Gebidder déi de Mënsch zerstéiert huet a wierkt doduerch als Heelerin: mat hire laange Wuerzelen heelt si dee Buedem andeems si Stéckstoff ëmwandelt a bitt wann si fäerdeg ass de beschte Buedem fir di kommend Joren.


An der Naturmedezin ass si een vun de heelsaamste Kraider iwwerhaapt an huet scho laang Heelstatus erreecht. Sie wierkt bluttbildend a bluttrengegend (léist Schlaken- a Gëftstoffer am Blutt), stoffwiesselureegend, entwässerend a waasserdreiwend, entseiernd an entzündungshemmend (bei Giicht a Rheuma), bluttdrocksenkend, schläimléisend, cholesterinsenkend, stäerkend, toniséierend, aphrodiséierend, konzentrationsfuerderend (am Alter).


Desweideren ass si räichhalteg an enthält héisch Wäerter un Eisen, Magnesium, Vitaminn C an E, Kalium an Eewäiss. Sie ass eng vun de wichtegste Planzen zur Vermeidung vun Bluttaarmut. Jo, dir hutt et verstane, d’Brennnessel ass eng iessbar Planz. Hier Brennhoër verléieren duerch Mixen, kuerzt Blanchéieren, Kachen oder Ubroden hier Wierkung. Et kann een och kuerz mam Nuddelholz iwwert se rullen, fir d’Picken ofzebriechen, dann ass se souguer réi genéissbar. Och gedréchent pickt se net méi. Hiere Som ass e richtegen lokale Superfood an ass bei Ermiddungszoustänn souwéi no enger Erkältung oder enger Gebuert e gudden Energieliwwerant.



Donieft ass d‘Brennnessel och eng onse stäerkste Schutzplanzen, well se sech mat hire Waffen (Stachelen) virun Attacken schützt. Sie ass mat feine Brennhoer bedeckt, déi sech wéi kleng Nolen an d’Haut bueren an e Gëft sekretéieren wat Kiselseier an aner Substanzen enthält. Dëst Gëft ass änlech wéi Ameisen- a Beiegëft, et kann een also soen datt et eng Planz ass, déi souguer eng Wuerzel am Déiereräich huet. aus desem Grond gëtt d’Brennnessel als Kriegerin mam Mars a Verbindung bruet.


Dësen Aspekt ass iwwerliewenswichteg fir déi méi kleng Liewewiesen, déi oft a Vergiessenheet geroden: ons Insekten. Déi profitéieren nämlech dovunner, dass ganz wéineg Déieren d‘Brennnessel iessen. Sou ass si immens wichteg fir d’Päiperleke, déi hier Eeër op hier Blieder leen, aus deene Raupen schlüpfen, déi sech un hier kennen ernären (ëmmer nëmmen souvill, dass si der Planz net schueden). Awer och bei de Beien, Libellen, Spannen an an der feinstofflecher Welt ass se ganz beléift an net ewechzedenken.


Ech schätzen se fir des wonnerbar Mëschung un Eegenschaften: des wonnerschéin Symbiose tëscht Kraaft an Guttmiddegkeet. Sie ass wuel eng Kriegerin, déi keng Angscht huet, sech ze verdeedegen, mee dobäi ganz vill Häerz weist, andeems se net nëmmen sech, mee déi Kleng a Schwaach verdeedegt, déi et ouni hier Hëllef e gutt Stéck méi schwéier hätten.



Och op der feinstofflecher Ebene kenne mir vun hirer Kraaft profitéieren:


Sie hëlleft Grenzen ze setzen an ënnerstëtzt een dobäi, dass een sech bei Grenziwwerschreidungen gewiert kritt. Sie kann hëllefen, méi en déckt Fell ze kréien, den eegene Raum an déi eegen Kraaft ze stäerken. Desweideren ass si déi perfekt Begleederin vun Duerchsetzungsverméigen a Wëllenskraaft. Sie léiert eis, wéi mir méi selbstsécher optriede kennen andeems si eis ënnerlecht Kraaft opbaut. Sie verdreift Ängschte an schaaft Energie fir déif Gefiller. Dofir kann sie och bei Ermiddungszoustänn wéi „Burn Out“ eng Stäip sinn.



Reecherung:


Natierlech kann och mat der Brennnessel gereechert gi, dofir eegnen sech all d’Deeler vun der Planz dh, d’Blieder, de Som an d’Wuerzelen. Säit der Antik gëtt mat hier gereechert, fir sech géint dat Béist ze schützen:

Sou gouf fréier, wann en Onwieder komm ass, zum Schutz mat hier gereechert. Och an der Walpurgisnuecht huet ee sech selwer domat agereechert, fir sech virun Verhexungen an Zauberei ze schützen. Haut kann een d’Kraaft vun der Brennnessel fir Schutzreecherungen notzen. Et kann een säin Haus domat ofreecheren, nierft dem Schutz, hëlleft sie eis och fir negativ Energien lasszeginn.


An der moderner Reecherkunde gëtt se och gären béi séileschen Problemer an Depressioun agesat, well se villes léisen kann an déi eegen Kraaft stäerkt. Sie hëlleft, de Verstand ze klären andeems si alles léist wat net dierf sinn an een ënnerstëtzt, nei Grenzen ze setzen. Well se awer och aphrodiséierend wierkt, gëtt se och ganz gären bei Liebesreecherungen benotzt.



Zu gudder Läscht ass d’Brennnessel och eng Schamaneplanz a gëtt an der schamanescher Rees genotzt fir d’Séil vum Patient rëm an de Kierper ze huelen, andeems en mat hier ofgepeitscht gëtt.


Ween dee Gedanken uspriechend fënnt, kann dat och am Alldag uwenden, d’Ofpeitschen vun der Brennnessel (Urtikatioun), kann fir Mënschen mat Arthrose a Giicht zu enger Erliichterung vun Schmäerz a Schwellungen féieren.


Ech hoffen et ass mir mat dësen Zeilen gelongen, dass deen een oder aneren dëst "Onkraut" aus engem aneren Bléckwénkel gesäit. D'Brennnessel ass eng vu mengen treisten Begleederinnen an ech géif mer wënschen, si géif en Deel vun der Unerkennung zréckfannen, wou se verdéngt.

Mat pickege Gréiss,

Cynthia


Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page