Et ass elo eng déck Woch, dass ech all Dag Brennnesselen iessen an ech spieren, dass se mir gutt deet. Well ech bal all Dag eng Foto vu menger Ausbeute gedeelt hunn, sinn ech lo well ëfters gefrot ginn, wéi ech se notzen an hunn ech mech dofir entscheet, dëse Post ze schreiwen.
Fir d'éischt mol, looss mech kuerz drop agoen, wisou d'Brennnessel absolut rëm hier Plaz an der Kichen an am Stot verdéngt huet:
si ass super gesond a bréngt, sou wéi all Wëllkraider, vill méi Vitaminnen a Närstoffer wéi Geméis aus dem Supermarché ;
et ass e Cadeau vun der Natur, also ech weess net wéi et dir geet, mee ech freeë mech ëmmer rëm, wann ech einfach mol iessen "geschenkt" kréien ;
si ass zimmlech iwwerall grouss vertrueden a kann also ouni schlecht Gewësse gepléckt ginn. Vill Leit hunn se souguer am Gaart stoen, et wär immens schued net dovunner ze profitéieren ;
et handelt sech bei der Brennnessel em e kostbaart Wëllkraut, wou reegelrechten Heelstatus an der Naturmedezin huet. Si wierkt bluttbildend a bluttrengegend (léist Schlaken- a Gëftstoffer am Blutt), stoffwiesselureegend, entwässerend a waasserdreiwend, entseiernd an entzündungshemmend (bei Giicht a Rheuma), bluttdrocksenkend, schläimléisend, cholesterinsenkend, stäerkend, toniséierend, aphrodiséierend, konzentrationsfuerderend (am Alter). Méi doriwwer kanns de an dësem Post noliesen: click.
Wéi a wou pléckt een se ?
Dat wat ech am Meeschte gefrot ginn, wann et em d'Brennnessel geet, ass wéi een se am beschte plécke kann ouni sech dobäi ze picken. Do kann ech lo net groussaarteg eppes Magesches dozou zielen. Et ginn zwar wuel Leit déi eng Plécktechnik entwéckelt hunn, fir sech net dobäi ze picken, mee dat einfachst fir dech ass warscheinlech einfach Händchen unzedoen oder mat enger Schéier ze schaffen. Dat selwecht gëllt natierlech fir d'Verschaffe vun denge Blieder.
Natierlech ass et wichteg do ze plécke wou am mannste Verschmotzunge sinn, dh. beschtefalls net laangt enger vill befuerener Strooss oder um Weerand wou warscheinlech vill Muppen hier Geschäfter maachen.
Wéi een Deel vun der Brennnessel kann ee benotzen?
Benotz du d'Brennnessel fir an der Kichen ze verschaffen, sou kanns du op jonk Planzen déi nach net sou héisch sinn oder déi iewescht Blieder (déi éischt 5 Bliederkoppelen Maximal) vun der Planz zréckgräifen. Bei den ënneschte Blieder vun der Brennnessel ass de Stéckstoffgehalt ze héisch a well déi Blieder méi al sinn, sinn se allgemeng zéi. Den Ament ass dat nach net sou de Problem, well d'Planzen allgemeng nach jonk sinn, mee ab dem spéide Fréijoer oder Summer wann d'Planzen héisch sinn ass dat scho wichteg an Uert ze huelen.
D'Brennhoër neutraliséieren
Dat Wichtegst, wann ee fierhuet d'Brennnessel z'iessen ass natierlech d'Brennnhoer als aller Éischt ze neutraliséieren.
Hues de wëlles deng Brennnessel réi an der Zalot ze verschaffen, kanns du mat engem Nuddelholz iwwert deng Blieder fueren, domat ginn d'Hoer "entschärft".
Duerch mixen an engem Stand- oder Stabmixer ginn d'Hoer och neutraliséiert.
Eng weider Variatioun ass och d'Blieder kuerz ze blanchéieren oder ze kachen. Andeems d'Blieder mat waarmem Waasser a Kontakt kommen, verléiert d'Brennnesselgëft u Wierkung. Wichteg ass, seng Brennnessel ëmmer nëmme kuerz ze kache fir dass all d'Vitaminnen an Närstoffer enthale bleiwen.
Well ech kee Prezisiounskach sinn, deen an der Kichen alles ofweit, mee e kreative Chaot, dee gäre ronderëm experimentéiert an sech dobäi op säi Bauchgefill verléisst, deelen ech hei keng fest Rezepter, mee éischter Impulser, déis du fir dech kanns mat an d'Kichen huelen. Wann dat dir net duergeet, dierfs du an d'Eegeverantwortung goen a selwer no détailléierte Rezepter sichen, den Internet ass voll domat.
Brennnessel als Geméisersatz
Kuerz blanchéiert léisst se sech wonnerbar an Pastazoossen, Quichen, Muffins asw. verschaffen.
Alternativ kanns de deng réi Brennnesselblieder einfach bei eng gebroden Zwibbel ginn an am Ueleg ubroden. Wann se ufänkt knuspereg ze ginn einfach salzen a pefferen. Sou kanns de se direkt als Bäilag iessen oder si als Topping op Quinoa, Risotto, Zalot asw.
Brennnessel ass e wonnerbare Spinat Ersatz a ka genee sou gekacht ginn:
Nodeems de deng Blieder vun de Stiller ofgetrennt a gewäsch hues kanns de se fir Max. 10 Minutten am Waasser kachen. An Tëschenzäit kanns de eng Zwibbel kleng schneiden an an der Pan mat bëssen Ueleg ubroden. Deng ofgeschotte Brennnesselblieder derbäi ginn an sou wéi gewinnt würzen. Du kanns se sou iessen oder mat engem Püréierstab mixen.
Brennesselpesto
Wanns de d'Brennesselblieder mat Sonneblummekären, enger Zéif Knuewléck, Olivenueleg, Salz, Peffer an Zitroun zesummemix, hues du ganz séier e Pesto gezaubert. Dee schmaacht nach besser wanns de deng Kären kuerz an der Pan röstest.
Brennesselszopp
Du kanns ganz einfach 2 Hännvoll Brennnesselen an deng Geméiszopp geheien. Wichteg ass do rëm, d'Brennnesselen zum Schluss bäizefügen an nëmmen kuerz (Max. 10 Mn) kachen ze loossen. Bei mir ginn se ni mei wei 2 Minutte kache gelooss, well ech meng Zopp souwisou mixen. Sou enthäls du déi voll Kraaft an de volle Goût vun der Brennnessel.
Wells de eng reng Brennnesselszop kachen, da kanns du de Prinzip vun enger Gromperenzopp huelen dh. einfach eng Zwibbel ubroden, würzen mat Bouillon ofläschen an Gromperen dra kachen (alternativ kanns de och nach Muerten an/oder Courgette bäifügen). Ganz zum Schluss kanns de deng Brennnesselblieder derbäi ginn. Dat Ganzt mixen a wéi gewollt verfeineren. Rechen sou mat 500 Gramm Brennesselen fir eng Zopp.
Smoothie oder Jus
Du kanns einfach e puer Blieder Brennnessele mat an däi grénge Smoothie oder Jus ginn.
Mäi Lieblingsjus besteet aus 1/2 Fenchel, 1 Apel, 1 Zitroun, e klengt Stéck Ingwer an eng Handvoll Brennnessel.
2-3 Wuerzelen an eng Handvoll Brennnesselblieder sinn eng aner beléiften Alternativ.
Dofir kanns de deng Blieder einfach mat dengem Uebst / Geméis réi an den Entsafter ginn.
Téi a Brennnesselwaasser
Natierlech eegenen sech déi frësch Blieder och fir Téi opzegéissen. Fir däin Téi kanns de deng Brennnessel mat kachendem Waasser iwwergéissen a 10 Minutten zéie loossen. Reche mat 3-4 Téiläffel frësche Blieder pro Taass (200 ml). Brennnesseltéi kann zB. bei Blosenentzündungen hëllefen.
Alternativ kanns du Brennnesselwaasser hierstellen an deem du deng Blieder an eng Fläsch Waasser gëss an iwwert Nuecht zéie léiss. Dëst Waasser kanns du iwwert den Dag drénken. Doduerch dass d'Brennnessel net erhëtzt ginn ass, huet si nach ëmmer hier voll Power.
Wichteg ass ze soen, dass duerch d'Brennnesseltéi (oder -waasser) d'Aktivitéit vun de Nieren ugekuerbelt gëtt an et ass wichteg genuch Waasser dobäi ze drénken. Et geet also net duer säi Waasser wat een iwwert den Dag drénkt mat Brennnesselwaasser ze ersetzen.
Brennnesselen dreschnen
Wëlls du dat ganzt Joer vun der Kraaft vun der Brennnessel profitéieren, ass et natierlech och méiglech deng Blieder dreschnen ze loossen. Wann se gedréchent sinn, kanns du se am Schrauwglas (beschtefalls donkelt Glas) oder an der Pabeiertut donkel lageren.
Net nëmmen an der Kiche kann een op d'Brennnessel zréckgräifen:
Räucheren
Wann deng Blieder gedréchent sinn, kanns du natierlech och domat räucheren. Si ass eng staark Schutzplanz. Och hier Wuerzele kenne geräuchert ginn.
Amulett
An engem Stoffene Säckchen kanns du déi gedréchent Brennnesselblieder bei dir droen. Dësen Amulett beschützt dech an hält negativ Energië wech.
Brennnessel Hoerwaasser
D'Brennnessel ass e perfekt Tonikum fir d'Kapphaut. Si hëlleft d'Talgproduktioun ze reguléieren a Schubber ze bekämpfen.
Hir entzündungshemmend Wierkung ka bei dreschener, juckender Kapphaut Hëllef spenden. Mee domat ass et net gedoe - well si och duerchbluddungsfuerdernd ass, kann se souguer de Wuesstum vun den Hoer ukuerbelen.
Sou kanns du deng Brennnesselen einfach mat kachendem Waasser opschëdden a 15 Mn zéie loossen. Ofkille loossen, d'Flëssegkeet ofseihen an nom Hoer wäschen deng Hoer domat spullen an an d'Kapphaut masséieren.
Alternativ kanns du Äppelesseg (am Verhältnis Äppelesseg zu Waasser 1:5) mat opkachen.
Dünger
D'Brennnessel léisst sech wonnerbar als Dünger (Brennnesseljauche) gebrauchen. Well ech dat selwer bis elo ni gemaach hunn, loossen ech dech dat selwer nosichen. Desweideren kann een och mat der Brennnessel mulchen.
Ech hoffen du hues mat dësem Post déi néideg Informatioune kritt, fir d'Brennnessel an deng Kichen, däi Stot an domat hoffentlech och e Stéck wäit an däin Häerz ze huelen.
Vill Spaass beim Probéieren!
Cynthia
Comentarios