top of page

D’Johanniskraut - Haartnol, Liichtplanz a Schutzkraut


D’Johanniskraut (lat. Hypericum perforatum) ass eng vun eise stäerksten Liichtplanzen a gehéiert dowéinst och zu de Summersonnewendkraider, rsp. ass et dat Bekanntst dovunner. Souguer de Numm steet domat am Zesummenhang: d’Fester vun der Summersonnewend sinn vun der kathoulescher Kierch mam Johannistag (den 24.06.) iwwersat ginn, den Dag vum "Johannes den Täufer", vun deier des Planz de Numm huet, well se eben em des Zäit blitt. Ween dee volle Potential vun der Bléi notze well soll se em déi Zäit plécken, beschtefalls zu de Mëttegstonnen wou se am meeschten Sonnestralen kritt.


Et gi puer Johanniskrautarten, mee dat echt Johanniskraut ënnerscheed sech doduerch dass hire Stengel net huel ass an virun allem duerch di rout Faarf (den äthereschen Ueleg) wou entsteet wann een d’Bléien tëschent de Fangeren zerreift. Dëst gëtt och Johannisblutt genannt. D’Legenden erzielen dass des bluttroud Flëssegkeet d’Blutt vum gekäpptene Johannes symboliséiert oder och d’Blutt Christi, woufir een Volleksnumm fir dëst Kraut och „Herrgottskraut“ ass.


Seng Wierkung ass stëmmungsophellend, anxiolytesch (angschtléisend), antidepressiv an entspanend. Et fuerdert ënnerlech Rou an hëlleft eis, nei Kräften ze fannen, ouni eis derbäi ze lämen. Doduerch dass dëst Kraut sou eng grouss Wierkung op eist Gemitt huet an och d’Sonnekraaft sou staark an sech dréit, kann et eng grouss Hëllef sinn fir Leit déi mat Wanterdepressioune kämpfen. Och fir Leit mat Angschtzoustänn, nervöser Onrou oder liichten bis mëttelschwéiere Depressiounszoustänn kann et eng natierlech Alternative sinn. Dat ass scho laang bekannt, d’Hildegard von Bingen (eng Klouschterfra aus dem 12. Joerhonnert wou ënnert anerem bis haut fir hiert grousst Kraiderwëssen bekannt ass), huet se dofir „Arnika vun de Nerven“ betitelt, well dëst Kraut dem ganze Nervekostüm bäisteet. Et huet och eng Wierkung op eise Schlofhormon Melatonin an dréit also zum gesonde Schlof bäi. Fir all des Zwecker gëtt d'Johanniskraut am Beschten ënnerlech ageholl, entweder als Tinktur oder als Téi.


Äusserlech ugewannt wierkt se wondheelend a kann bei Verletzungen agesat gi. Vill Leit schwieren drop fir Sonnebränn ze heelen. Hei muss awer zumindest gesot ginn, dass verschidde Leit méi liichtempfindlech reagéieren an d’Sonn méi schlecht oder guer net méi verdroen. Dat ass meeschtens bei ënnerlecher Uwendung de Fall. Ween domat Problemer huet, sollt vläicht net als Aftersun op d'Johanniskraut zréckgräifen.


Bekannt ass den Johanniskrautueleg, deen duerch d'Bléiekraaft rout gëtt a ganz gutt bei Muskelverspaanungen, zemools wann des mat engem emotionellen stressbedingten Zoustand zesummenhänken. Och fir d’Hoer ze fierwen, rsp. e Roudstach ze bewierken ass dës Planz benotzt ginn.


Am Volleksglawen ass d’Johanniskraut dat stäerksten Schutzkraut virum Däiwel. Schonn bei de germanesche Mitsommerfester ass alles mat Johanniskraut dekoréiert gi. Bei eisen Anen huet en Johanniskrautkranz um Daach oder iwwert der Dier firum Däiwel geschützt. Et soll ale Soen no an der Lage sinn den Däiwel ze verdreiwen, dofir kennt een et och ënnert dem Volleksnumm „Däiwelsfluch“. Den Däiwel deen sech net konnt wieren, war sou rosen iwwert des Ëmstänn, dass en tollwüteg mat enger Nol Lächer an seng Blieder gepickt huet – méi Leed konnt en der feindlecher Planz net undoen. Dorun erënnert och de lëtzebuergeschen Numm fir des Planz: Haartnol. Tatsächlech ass den 2. Deel vum laténgesche Numm „perforatum“ schonn en Indikator op seng duerchlächert Blieder. Dat gesäit een just bei noem Betruechten oder wann een se an d’Sonn hält.


Déi Wierkung déi d’Johanniskraut grobstofflech mat sech bréngt, kann een och op feinstofflecher Ebene notzen.


Et ass eng vun eisen heemeschen Reecherplanzen a wierkt och do berouegend an entspanend. Et kann een also mat hir reecheren, wann d’Séil grad bëssen Ënnerstëtzung brauch, well een sech eleng a verlooss fillt mee och wann d’Energien am Raum net déi Bescht sinn. Déi meescht Leit kennen dat: wann een zum Beispill an e Raum kennt an deen grad hefteg Diskussiounen gehale gi sinn, da spiert een dat (op alle Fall wann ee bëssen sensibel ass). Do kann d’Johanniskraut hëllefen Rou an Entspaanung eranzebréngen. Dat gëllt och wann e Wieder opzitt an d’Energien grad ugespaant sinn.


Natierlech schützt si och gereechert géint den Däiwel oder all negativem Afloss deen een sech well (oder net well ^^) virstellen.


Si bréngt eis Sonn an en donkelen Dag, dofir sammelen ech all Joers Johanniskraut fir dann an der donkelster Zäit vum Joer, em d’Wantersonnewend wann d’Nuechte laang sinn an d’Deeg an eise Géigenden leider och net vill méi hell sinn, als Ënnerstëtzung.


Dës Verbannung mat der Sonn fuerdert och eis Connectioun mat héijen Instanzen an erméiglecht eng Bewosstsinnserweiderung.


Dir hutt et verstane, ech sinn e grousse Fan vum Johanniskraut a wéilt mer kee Wanter ouni dës préziéis Ënnerstëtzung op allen Niveauen virstellen.


Entspaante Gréiss,

Cynthia


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page