D’Kamill : Mammekraut, Sonnekraaft a Liichtegkeet
- 30 juin 2022
- 3 min de lecture

Ech war déif beréiert wou ech viru puer Deeg der echter Kamill ënnerwee begéint sinn, vu wäitem huet se mech ugestraalt wéi se houfreg an der praller Sonn stoung, hier ganz Schéinheet ze weisen. Sou dacks sinn ech der Hondskamill schon begéint, awer der echter Kamille war ech bis dohin am Minett nach net begéint.
Déi echt Kamill (lat. Matricaria chamomilla) ass e medezinescht Kraut mat anti-inflammatorescher an antiseptescher Wierkung. Si kann bei Krämp am Bauchberäich, sou wéi bei Péng (Kapp-, Oueren- a Zännwéi) an Erkältungen agesat ginn a wierkt allgemeng berouegend op Mo, Daarm an Nerven. Am äusserleche Gebrauch hëlleft se wonnerbar Wonnen ze heelen a suergt fir d'Schéinheet vun Haut an Hoer. Si ass een vun den éischte Kraider wou een de Kanner als Téi ka ginn an dofir ass se ville vun eis eng Erënnerung aus déifster Kandheet.
Hiere botanesche Numm staamt vum laténgesche Matrix, wat Gebärmutter heescht. Domat ass et kee Wonner, dass si e wichtegt Fraekraut ass. Si begleed d’Fraen gären bei der Schwangerschaft an och als Gebuertskraut gouf se gären agesat. Si ass och menstruatiounsreguléirend a kann a Form vu Kompressen oder Spülungen bei Schlaimhautentzündungen oder Pilz am Intimberäich benotzt ginn.
Inhaltlech ass virun allem ze soen, dass d’Kamill vill Magnesium enthält, an och eng perfekt Aschleiserplanz ass fir Leit deier hire System Problemer hunn, Magnesium opzehuelen.
Si wiisst op sonnege waarme Platzen an et besteet Verwiesslungsgefor mat der Hondskamill, déi zimmlech iwwerall ze fannen ass. D’Hondskamill wiisst allgemeng méi héisch, richt net, huet keng medezinesch Wierkung an ass souguer liicht gëfteg. Am Géigesaz dozou verstréimt d’Kamill en intensiven Doft. Hiere Bléiebuedem ass gebéit an d’Blieder hänken erof. Bei der echter Kamill ass de Blummebuedem huel, bei der Hondskamill souwéi der falscher Kamill ass de Blummebuedem komplett gefëllt an méi flaach.
Ween op Nummer sécher well goen, fënnt natierlech gedréchent Kamill am Handel an och den äthereschen Ueleg ass e wonnerbare Begleeder. Kamill kann och am Gaart ugeplanzt ginn a soll zimmlech onkomplizéiert sinn, wann een eng sonneg Platz fir si fënnt. Sou huet een eppes vun hirer Schéinheet an et kann een och vun hirer Heelkraaft profitéieren.
Zanter der Alsteenzäit begleet d’Kamill de Mënsch schonn. Doduerch dass si sou e Sonnenanbeter ass, gouf se bei de Germanen dem Sonnegott Baldur gewidmet. Och bei den alen Ägypter war se héisch veréiert, des hunn se och mat der Sonn verbonnen.
Am Volleksglaawen zielt déi Kamill, déi em d’Summersonnewend gesammelt gouf als besonnesch heelkräfteg, dofir zielt se zu den Summersonnenwendkraider.
Feinstofflech gesinn, dréit d’Kamill d'Mammekraaft a sech - si ass wéi eng Mamm séi sech besuergt em hiert Kand këmmert an dofir ass et keen Zoufall dass se am Volleksmond och Mammekraut genannt gëtt. An sou wéi mir dat vun eiser Sonn kennen ass och d’Kamill d’Sënnbild vun der Kraaft. Awer keng destruktiv Kraaft déi alles em sech platt mëscht, si mëscht dat mat ganz vill Douceheet an an aller Bescheidenheet, dat trotz hirer onmoosseger Schéinheet.
Wéi all Blumm déi d’Kraaft vun der Sonn an sech dréit ass d’Kamill stëmmungsophellend, kann ons an donkelen Zäiten Trouscht schenken an hëlleft eis, eis eegen Heelkräften ze aktivéieren.
Natierlech kann och mat der Kamill gereechert ginn, si bréngt Liichtegkeet an Sanftheet an de Raum. Wann een zum Beispill gereechert huet fir negativ Energien aus engem Raum ze kréien, kann si mat hirer Sonnekraaft dozou bäidroen d’Raimlechkeeten auszegläichen an ze harmoniséieren.
Si kann och wonnerbar zur Ënnerstëtzung bei Stress a Nervositéit gereechert ginn an hëlleft zur Entspanung ze kommen. Si berouegt d’Häerz mat hirer doucer Energie an hëlleft bei Angschtzoustänn.
Sou wéi d’Gänseblimmecher ass och d’Kamill an der feinstofflecher Welt beléift. D’Feeën wëssen se fir hier Liewensfreed ze schätzen a genéisse gären e sonnegen Dag bei hirem angeneemen Doft bei enger klenger Mëttesrascht.
Elo wou ech des puer Zeilen iwwert se verfaasst hunn spieren och ech nees hier Guttmiddegkeet a weess och wisou ech hier begéint sinn… Ech kann méi vun hierer Rou an Harmonie gebrauchen a gi mer dorops hin eng Taass Téi kachen.
Mat sonnege Gréiss,
Cynthia
Comentarios