top of page

D'Pissblumm - Sonnekraaft, Stäerkt a Transformatioun

Haut wollt ech mer Zäit huelen, iwwert e Wëllkraut ze schreiwen, wat grouss vertrueden ass, jidderee kennt awer vun deene Mannste wäertgeschat gëtt: d'Pissblumm.


Wisou d'Pissblumm vu villen als lästegt Onkraut ugesi gëtt, hunn ech bis haut net verstan. Fir mech gehéiert si (sou wéi d'Brennnessel) zu eise lokalen Heelplanzen, déi fälschlecherweis zum Aussenseiter ginn ass, obwuel si richteg vill ze bidden huet.



Fir d'éischt mol ass déi ganz Pissblumm iessbar: d'Wuerzelen, d'Blieder, de Still, d'Bléi - einfach alles. Ech weess, vill vun ons hunn als Kand verklickert kritt, dass de Still, rsp. déi Mëllech am Still gëfteg wär, dat ass allerdéngs net de Fall. D'Pissblumm enthält ganz vill Batterstoffen déi ganz wichteg sinn fir de Kierper. Fréier huet d'Geméis allgemeng méi Batterkeet enthalen, mee dëst ass gréisstefalls erausgeziicht ginn - wat immens schued ass. Wann een also op d'Pissblumm zréckgräift huet een d'Méiglechkeet, sech rëm en Deel Batterstoffen zréck an säin Teller ze huelen. Mir si mëttlerweil vum Verbrauchermaart sou op Zocker getrimmt ginn, dass eleng dat schonn eng kleng Revolutioun ass. Grad elo am Fréijoer, enthält d'Wuerzel de gréissen Undeel vu Batterkeet, dh. et ass elo de perfekte Moment fir d'Blieder an de Still z'iessen, zB. an deem de deng Zalot bëssen domat oppepps. Am Laf vum Summer wandert d'Batterkeet vun de Wuerzelen an d'Planz sou dass d'Blieder ab Enn August richteg batter ginn, deen Ament awer d'Wuerzel méi douce gëtt. 


Nieft der Batterkeet huet d'Pissblumm nach ganz vill aner Attributer déi positiv op eise Kierper wierken:


Eng Kuer am Fréijoer bréngt den iwwerseierte Kierper sou richteg a Schwong. Am Wanter huet een d'Tendenz méi fetteg, séiss an allgemeng net sou gesond z'iessen, wouduerch sech Schlaken am Kierper festsetzen. Duerch des Kuer kennen des Oflagerungen aus dem Kierper gespullt ginn, wat dem Kierper och hëlleft besser déi wichteg Vitaminnen an Närstoffer opzehuelen. Dofir kann een wärend 4 Wochen 2 Tase Pibblummentéi den Dag oder 2 EL frëschgepressten Pissblummejus drénken. Fir den Téi kann een all d'Deeler vun der Planz benotzen. Fir de Jus, geheit een 2 Hännvoll jonk Blieder duerch den Entsafter. Ween dat net pur well drenken kann nach 2 Muerten derbäi geheien. Well d'Brennnessel och eng rengegend Wierkung huet, loossen sech des zwou Planze fir eng Kuer wonnerbar vermëschen.


Des rengegend Wierkung ass sou ze erklären dass d'Pissblumm wonnerbar op all Flëssegkeeten am Kierper wierkt. Sou kuerbelt si d'Galeblos un an hëlleft hier, Galeflëssegkeet ze produzéieren. Well d'Galeblos mat der Liewer zesummeschafft, huet dëst eng wonnerbar Wierkung op d'Liewer, déi doduerch entgëft gëtt. Si huet och eng grouss Wierkung op d'Nieren, déi doduerch ganz vill schaffen, wat domat dann och hiren Numm erkläert.


E grousse Virdeel vun der Pissblumm ass, dass si eng Einschleiserplanz ass, dh. si hëlleft dem Kierper Närstoffer besser opzehuelen. An deem Sënn kann se och dem Kierper hëllefe Kalzium opzehuelen, woumat verschidde Leit e Problem hunn.


Well se verdauungsfuerdernd ass, ass se fréier ganz gären als Likör ugesat ginn, sou konnt se als Verdauungshëllef nom Iesse genoss ginn. Dat klappt natierlech och mat engem Téi. An der Kiche kann een dat natierlech och notzen an deem een se bei fetteg Speise bäimëscht.


D'Blieder vun der Pissblumm kenne wéi gesot frësch als Zalot giess ginn, mee se kennen och gekacht wéi Spinat zoubereet ginn. De Still, deen un de Rouer erënnert gëtt bis haut réi zum klassesche Kärntner "Röhrsalat" (Gromperenzalot mat Pissblumm) verschafft, mee och dëse ka gekacht ginn an zum Beispill als gesonde Spaghetti Ersatz giess ginn. Wann d'Blumm nach zou ass kënnen d'Knospen an Esseg ageluet ginn a wéi Kapere verwent ginn. D'Wuerzele kenne rei (geraaspelt) oder gekacht giess ginn. Mat de Wuerzele léisst sech och Kaffiersatz maachen, dofir ginn d'Wuerzele gewäsch, geschnidden, gedréchent, geröstet an da kleng gemuelen.


Pissblumm Bléi

Awer och feinstofflech huet dës Heelplanz richteg vill ze bidden. Op dëser Stell géif ech dech alueden, der eemol puer Minutten ze huelen an dir se richteg unzekucken.


Warscheinlech erkenns de direkt dass d'Pissblumm en decke giele Kapp huet - eng Bléi déi un eng kleng Sonn erënnert. An tatsächlech ass et sou dass d'Pissblumm eent vun de Sonnekraider ass, wou d'Energie vun der Sonn ophëlt a späichert. Domat kann si eng ophellent Wierkung op eise Gemitt hunn, wa mir eis mat hier verbannen. Si ass mam Solarplexus verbonnen an hier Kraaft spent eis Selbstsécherheet. Si kann och hëllefen, wann een sech mat alen Traumae beschäftegt. Do kann d'Bléi zB. als Téi gedronk ginn oder och geräuchert ginn.


Dëse schwéiere Kapp brauch e staarke Still. Tatsächlech ass et sou, dass d'Pissblumm bei all Wieder riicht steet an de Kapp net hänke léisst. Hiere Still steet fir eist Réckgrat. Energeetesch gesi gëtt si der Selbstbewosstsinn, an d'Kraaft, fir dat wat der wichteg ass, riicht ze stoen.


Och di grouss a staark Pfeilwuerzelen sin en typescht Merkmal vun der Pissblumm. Si ass fest verankert a wee scho probéiert huet eng Pissblumm aus dem Buedem ze zéien, weess dass dat net sou eng einfach Tâche ass. Duerch des Attributen kann se dir hëllefen, dech mat denge Wuerzelen auserneen ze setzen an och mat béide Féiss ganz fest um Buedem ze stoen. Ganz typesch fir d'Pissblumm ass och dass si oft op total onerwaarte Plaze wiisst, wou een net fir méiglech gehalen hätt, dass do iwwerhaapt eppes kéint wuessen. Domat ass si e Virbild fir Kraaft, Duerchsetzungsverméigen a bëssen och fir Anarchie (si léisst sech net virschreiwe wou si ze wuessen huet).


Fir mech ass et keen Zoufall, dass si Löwenzahn heescht, well si dréit déi staark selbstbewosst Sonnenenergie vum Léiw a sech. Den Numm Löwenzahn kennt awer vun do hier dass d'Zacken an de Blieder un d'Zänn vum Léiw erënneren. Dëst fënnt ee bis am Engleschen erëm wou dandelion vum franséischen "dent de lion" ofgeleent ass.


Fir ze räucheren eegent sech d'Bléi souwéi d'Wuerzelen. Si kann eis Kraaft an Energie ginn, wa mir grad selwer keng hunn. Si kann eis och de néidege Mutt an Duerchsetzungsverméige schenken, nei Wee'er ze goen. Sou wéi si op materiellem Niveau al Schlaken aus dem Kierper léisst, kann si och op feinstofflecher Basis, dofir suergen dass festgefueren Energië rëm zum Fléisse kommen. Si verbënnt mat der Sonn a gëtt Liichtegkeet a Wäermt em d'Häerz. Si kann awer och als Schutzplanz fir Schutz agesat ginn.


Zu gudder Läscht well ech nach dorop ze schwätze kommen, dass d'Pissblumm e Symbol vun der Transformatioun ass. Wann si komplett ausgeblidd ass, verwandelt si sech an eng Pusteblumm an hire Som kritt kleng Fallschiermer fir sech sou gutt a wäit ze verbreeden. Elleng dat ass eppes wat a mengen Ae magesch ass. Interessant ass et ze wëssen, dass d'Pissblumm scho wärend hirer Bléizäit déi fluffeg Pusten an sech dréit an domat erënnert si eis dass mir alles an eis hu wat mir brauchen, egal a wéi engem Stade an eisem Liewe mir eis grad befannen. Kee Wonner dass si an dëser Form schonn zanter Joerhonnerte fir Orakel a Wënsch benotzt gëtt.


Ech hoffen ech konnt dir mat dësen Zeilen d'Geleeënheet ginn, d'Pissblumm emol mat aner Aen ze betruechten. Hei widderhuelen ech meng Aluedung - Sëtz dech mol fir 5 Minutte bei si a lauschter wat se der zouflüstert... du wäerts net schlecht Staunen.


Detailler vun der Pusteblumm

Mots-clés :

Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page