top of page

D'Sonneblumm, Liichtkraaft a Liewensenergie



Och wann et keen Wëllkraut ass, well een se just beim Bauer um Feld oder an a ronderem Privatgäert fënnt, well ech mer net entgoen loossen e bëssen iwwert des wonnerschéin a staark Erscheinung, déi bis zu 3 Meter héisch kann ginn, ze schreiwen.


Ween sech eng Sonneblumm scho mol vun méi no ugekuckt huet, gesäit direkt dass et sech net em eng eenzel Bléi handelt, mee éischter em eng Usammlung vu lauter klenge eenzelen Bléien. Dëst nennt een Infloreszenz. Si gehéiert zu de Korbblütler (Asteraceae), fir des Blummefamill sinn déi kiewechersförmeg Bléiestänn typesch. Ronderëm fënnt een déi grouss giel Zongebléien, an der Mëtt fennt een déi kleng Réierbléien. Een eenzegen Sonneblummekapp besteet aus bis zu 15.000 eenzelen Bléien.


Et ass wuel kengem entfall, dass d’Sonneblumm wéi eng Sonn ausgesäit an dofir och dee Numm krut. Si gëtt och Sonnestär, Goldblumm oder Gottesaa genannt. Dofir ass et net erstaunlech dass se scho bei den Inkas, Mayas an Azteken, sou wéi och bei den nordamerikaneschen Ureinwohner, wou d’Sonneblumm ursprénglech doheem war, als Liichtsymbol veréiert an och fir hier heelend Kräften ugewend ginn ass. D‘Inkas hunn se souguer als Erschéngungsbild vun hirem Gott Itis ugesinn.


D’Sonneblumm ass vun den spueneschen Séifuerer am 16. Joerhonnert vun Südamerika no Spuenien eriwwerbruecht gi, wou si sech ganz séier an all Richtungen an Europa verbreet huet. Et huet net laang gedauert bis d’Leit verstane hunn, dass se hier Kären an der Kichen kéinten notzen. Dass aus de Kären Ueleg gemaach gëtt ass awer zimmlech nei, dat gëtt réischter zanter ongeféier 200 Joer gemaach.


Interessant ass awer och dass och déi chrëschtlech Missionären d‘Sonneblumm iwwerholl hunn an doranner e Symbol vun äifregen Gebieder an der Séil gesinn hunn. Am Volleksglawen gëllt se duerch hier staarker Liichtkraaft als Schutz virun donkelen Muechten, wéi Krankheetsdämonen. Aus dësem Grond ass an Zäiten vun der Pescht eng Sonneblumenketten gedroe ginn.


Eigentlech ass déi ganz Blumm iessbar: de Blummebuedem kann wéi d’Artichaut zoubereet ginn a souguer de pickegen Still ass iessbar a kann wéi Spargelen zoubereet ginn (soulaang d’Bléi nach zou ass, dono gëtt de Still dofir ze stréieg), mee et ginn allgemeng just d’Sonneblummekären giess. Et ass esou dass d’Sonneblumm all Schuedstoff aus der Äerd erausfiltert an a sengen Planzendeeler späichert… Well eis Biedem ëmmer méi Schuedstoffer enthalen, kann een net méi onbedéngt bedenkenlos un der Sonneblumm knabberen, wat natierlech immens schued ass, well si och grouss Heelkräften huet. Mat de grousse giele Blummebléien gouf gären Téi gemaach, deen bei Féiwer an aner Symptomer vun der Summergripp kann hëllefen.

Och fir d’Insekten ass si eng ganz beléiften Fudderplanz.


D’Kären vun der Sonneblumm sinn immens gesond an hunn en héischen Gehalt un ongesättegten Fettsaieren an enthalen och vill Vitaminne. Fir de Maximum aus de Kären erauszehuelen an ze vermeiden, dass déi wichteg Närstoffer bei der Beaarbechtung verluer ginn, ass et am gesondsten, d’Kären keimen ze loossen a frësch ze verwenden.


An der Homeopathie kennt d’Sonneblumm bei Mëlzproblemer an den Asaz.


D’Mayas hunn se fir hier iwwerzeegend Aarbecht bei der Ureegung vum männlechen Geschlechtstrieb kannt. Dëst ass warscheinlech op säin héische Gehalt un Vitaminn E zréckzeféieren.



Op feinststofflecher Ebene kann zum Beispill mat Bléienessenzen (Bachbléien) vun der Sonneblumm geschafft ginn fir um männlechen Undeel vun der Perséinlechkeet ze schaffen. Si stäerkt déi männlech Energie wat zB interessant ass fir Leit, wou dësen Aspekt méi geréng ausgefall ass. Si hëlleft, dass een méi staark, couragéis a selbstbewosst duerch d’Liewen geet a kann hëllefräich sinn bei Konflikter tëschen Papp a Kand, respektiv wann d’Kand ouni Papp, rsp. männlecht Virbild opgewuess ass.

Well d‘Sonneblumm d’Sonnenenergie a sech dréit kann een, wann een sech mat hier verbënnt, vun hiren Attributer Liicht a Wäermt profitéieren. Et kann een och déi feinstofflech Essenz vun der Sonneblumm notzen, fir sech mat senger Wirbelsail mat hier ze verbannen. D’Sonneblumm huet e groussen haarde Still a steet selbstbewosst a riicht um Feld, die Eegenschaften kenne mir fir eis notzen, wa mir Problemer mat der Wirbelsail hunn oder et eis aus Mangel u Bewosstsinn schwéier fält, riicht ze stoen. Fir eis besser mat den Energien vun der Sonneblumm ze verbannen, kenne mir se och reecheren. Des Reecherung schützt duerch d’Sonnekraaft virun donkelen Energien an suergt fir eng Häerzöffnung a méi Léift, souwuel fir sech selwer, wéi och fir Anerer. Si gëtt eis Kraaft an Liewensenergie. Den Damp verbënnt eis mat der Kraaft vun der Sonn, dem groussen Urpapp a mat der Urquell vum Liewen. D’Sonneblummebléien ginn oft bei Schutz- a Liebesreecherungen benotzt oder fir zB. e Raum no der Rengegung mat positiver Energie ze fëllen.


Ech gesinn d’Sonneblumm mat mengem Hippie Häerz als Symbol vu Fridden an Zesummenhalt, schliisslech dréit si eng ganz Community vun 15.000 Bléien um Häerzen.


Sonneg Gréiss,

Cynthia




Mots-clés :

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page