top of page

de Bärlauch - vill méi wei just eng Delikatesse / l'ail sauvage - bien plus qu'un simple délice



De Bärlauch ass allgemeng ganz beléift, och bei Leit déi sech net besonnesch fir Wëllkraider interesséieren. Dat huet een eben dovunner, wann een sou gutt schmaacht...


De Bärlauch kann an der Kichen sou villfälteg agesat ginn, dass ech hei bei wäitem net alles kann opzielen: säi Pesto kennt bal jiddereen, mee seng Blieder schmaachen och gutt an der Zalot, loossen sech wonnerbar an der Kraiderbotter oder als Zopp zoubereeden. Als Salz léisst en sech e ganzt Joer konservéieren, sou huet een da bësse méi laang eppes dovun.


Wouriwwer sech vläicht manner Leit bewosst sinn ass dass den Bärlauch och en Heelkraut ass an dofir gett en och an der Heilkräuterkunde agesat, zum Beispill als Tinktur.


Säi Numm steet kloer a Verbindung mam Bier: De Bier ass e Fréijoersbote, dh. wann en aus sengem Wanterschlof kennt, weist en dass de Wanter keng Kraaft méi huet an d’Fréijoer kennt. Wéi de Bier sech am Bauchberäich fillt, no sengem laange Wanterschlof, kann jiddereen vun eis sech ongeféier virstellen. De ganzen Daarm hat e Stop ageluecht an dierf rëm ugekuerbelt gin… De Legende no huet de staarke Geroch vum Bärlauch de Bier aus engem Wanterschlof erwächt an en eraus an d’Natur gelackelt. A Wierklechkeet war et wuel sou, dass de Bier no sengem laange Wanterschlof grouss Quantitéiten u Bärlauch giess huet, well en intuitiv wosst, dass dësen säin Daarm rëm op Vordermann géif bréngen an hien domat seng Bierekraaft rëm géif zréckkréien. De Bier gëllt zanter éiweg als grousse Planzekenner, en ass domat e Séilendéier vu ville Kraiderfraen a -männer. D’Mënschen hunn en dofir ëmmer beobachtet an esou huet dëst Wëllkraut säi Numm kritt. Vun der Natur kann een eben villes léieren, wann een opmierksam ass…


Sou ass et kee Wonner dass de Bärlauch och bei eis Mënschen eng rengegend Wierkung op eisen Daarm huet a probiotesch wierkt (dh. d’Daarmflora opbaut). Desweideren ass en och stäerkend, bluddrocksenkend, harndreiwend, antibakteriell an antiseptesch. Et ass eng Eisenplanz déi och Vitamin C enthält.


De Bärlauch ass e ganzt aalt Heelkraut wat scho bei de Kelten, Germanen a Réimer bekannt war a natierlech och benotzt ginn ass. An der Edda (zwee an alislännescher Sprooch verfaassten literaresch Wierker, déi am 13. Joerhonnert am christianisiéierten Island niddergeschriwwe goufen a skandinavische Götter- und Heldensagen an der Lidderhandschrëft behandelen) gouf de Bärlauch e puer Mol als nobelste vun alle Planzen ugekennegt an och als éischt Gewächs op eiser Äerd bezeechent. Et war dem Odin geweit a laut dëse Schrëften sollt et fir déi allgemeng Gesondheet hëllefräich sinn. Am Mëttelalter gouf de Bärlauch ugewent fir Vampirer a Blutsauger ze vercheuchen an ech sinn perséinlech der Iwwerzeegung, daat klappt haut och nach emmer ;)




L'ail sauvage est généralement très populaire, même chez les personnes qui ne s'intéressent pas particulièrement aux herbes sauvages...


L'ail des ours peut être utilisé de manière si variée en cuisine que je ne peux pas tout énumérer ici : si son pesto ne se présente plus car il est connu par tous, ses feuilles ont tout aussi bon goût en salade et peuvent être merveilleusement utilisées en soupe. Il peut être conservé de courte durée en beurre ou de longue durée en sel (juqu'à un an).


Ce que les gens savent peut-être moins, c'est que l'ail sauvage est aussi une herbe médicinale et peut donc être également utilisé pour ses vertus, par exemple en teinture.


Son nom est clairement associé à l'ours : L'ours est un messager du printemps, c'est-à-dire quand il sort de son hibernation, il montre que l'hiver n'a plus de force et que le printemps arrive. Chacun peut plus ou moins imaginer comment l'ours se sent au niveau des intestins après sa longue hibernation où tout s'était mis en pause pendant des semaines. Selon la légende, la forte odeur de l'ail des ours réveille l'ours de son hibernation et l'attire hors de sa caverne dans la nature. En pratique, après sa longue hibernation, l'ours mangeait probablement de grandes quantités d'ail sauvage, car il savait intuitivement que cela réveillait ses intestins et qu'il retrouverait ainsi toutes ses forces. L'ours brun a depuis toujours été considéré comme un grand initié aux plantes. Il représente la sagesse et la connection à la nature et ainsi ce n'est pas étonnant qu'il est considéré comme animal tothem ou de pouvoir pour de nombreuses personnes qui sont fortement reliées à la nature et cueillent les plantes sauvages. Les humains l'ont toujours observé et c'est ainsi que cette herbe sauvage en a son nom. On peut apprendre beaucoup de la nature quand on est attentif…


Ainsi, il n'est pas étonnant que l'ail sauvage ait un effet similaire chez l'humain: en plus de nettoyer nos intestins il a un effet probiotique (c'est-à-dire qu'il renforce la flore intestinale). De plus, il a un effet tonique, antihypertenseur, diurétique, antibactérien et antiseptique. C'est une plante qui contient du fer et de la vitamine C.


L'ail des ours est une herbe très ancienne qui était déjà connue et utilisée par les Celtes, les Germains et les Romains. Dans l'Edda (deux œuvres littéraires écrites en vieil islandais en Islande christianisée du 13e siècle qui traitent de divinités scandinaves et de contes héroïques sous forme de chansons), l'ail sauvage a été déclaré à plusieurs reprises comme la plus noble de toutes les plantes et aussi comme la première plante sur notre terre. Il était dédié à Odin et selon ces écrits, il était utile pour la santé générale. Au Moyen Age, l'ail des ours était utilisé pour faire fuir les moustiques et les vampires et personnellement je suis persuadée que cela fonctionne encore aujourd'hui ;)




DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page