top of page

De Kleeschen, De Weihnachtsmann, den Odin an de Fliegenpilz



All Kand zu Lëtzebuerg kennt d'Traditioun vu Kleeserchersdag... um Virowend vum 6. Dezember gëtt de Schong erausgestallt a wann ee brav war ass dësen an der Nuecht vum Zinniklos mat Séissegkeeten oder souguer Spillsaache gefëllt ginn. 


Kleeschen ass de Lëtzebuerger Numm vum hellegen Niklos (Nikolaus/Saint Nicolas/Sint Niklaas). An der Geschicht weess ee vun zwou verschidde Personnagen: Den Nikolaus vun Myra (haut Tierkei) an Nikolaus vu Sion (haut Griicheland). Dorausser ass warscheinlech dee Kleeschen zesummekomm, sou wéi mir en haut kennen. 


Den éischtgenannten, de Nikolaus vu Myra ass de Bekanntsten vu Béiden. Hien ass am 3. Joerhonnert gebuer, gouf spéider zum Bëschof vu Myra ernannt a soll op engem 6. Dezember verstuerwe sinn. Seng Iwwerreschter sinn spéiderhi vun italieenesche Séileit a Süditalien transportéiert ginn, sou dass d'Graf vum hellegen Niklos bis haut an der Basilica San Nicola zu Bari ass.


Den Nikolaus gett am orthodoxen an am kathoulesche Glawen als Hellege veréiert. Et si bis haut vill Kierchen no him benannt. Am Mëttelalter war hien de Schutzpatréiner vun de Kanner, de Massendénger, de Studenten, de Giichtescher, den Apdikter, de Séileit, den Händler a witzegerweis och vun den Déiwen a Verbriecher. Ganz vill weess een iwwert säi Liewen net, wat natierlech méi Raum fir Geschichten a Legende léisst. 



Zanter 1555 ass nozefannen dass de Kleeschen d'Kanner beschenkt huet. Des Traditioun fënnt een bis haut a Nord- an Ostfrankräich, Belsch, Holland, Deeler vun Däitschland, Schwäiz, Eisterräich a Polen. Spéitstens ab dem 19. Joerhonnert koum e neien Aspekt mat an d'Spill: net nëmme sinn déi brav Kanner belount ginn, déi béis Kanner sinn bestrooft ginn an amplaz vu Kamellen a Kaddoen ass et eng Rutt ginn. Dat ass awer net dem Kleeschen seng Aufgab, dofir suergt dem Kleeschen säin däischtere Begleeder, den Houseker. Op Franséisch heescht e père fouettard, op Hollännesch zwarte Piet (Schwaarze Péiter) an op Däitsch Knecht Ruprecht, PulterklasSchmutzli (an der Schwäiz) oder Krampus (an Éisträich an a Bayern).


Et gi vill verschidden Theorien doriwwer, wéi de Knecht Ruprecht säin Ursprong huet. 


De chrëschtleche Geschichten no war hien e Bëschof aus Sachsen-Anhalt, dee Leit déi op Chrëschtdag viru senger Kierch Kaméidi gemaach a gedanzt hunn, verflucht huet. Dëst huet bewierkt, dass des verfluchte Mënsche wärend engem ganze Joer net méi konnten ophale mat feiere bis e Bëschof vu Köln Matleed mat hinnen hat an se erléist huet. Déi Leit déi net un dësem Fluch verstuerwe sinn haten e Liewe laang mat Muskelkrämp ze kämpfen an de Bëschof soll zanter sengem Doud ronderëm spucken an als Strof dem Nikolaus als Kniecht déngen. 


Anerer ginn dovunner aus, dass en an de Legenden em d'Wantergeeschter an den Alpen säin Ursprong fënnt. An dëse Géigenden huet de Krampus bis haut nach seng Wichtegkeet an de Krampuslauf gehéiert zu de Vierchrëschtdaagsfestivitéiten. De Krampus huet staark Wuerzelen am keltesch-germanesche Kulturkrees: mat sengen Haaren a sengem Pelz erënnert en un en Dämon am Sënn wéi d'Chrëschte bei der Christianiséierung d'Heede wärend hiren Zeremonië beschriwwen hunn. Sou ass de Knecht Ruprecht eng Representatioun vun engem gezäämten Däiwel, dee vum hellegen Niklos besiigt ginn ass a säitdeem op senger Säit wierke muss - e Symbol dofir dass de Chrëschtentum déi heednesch Muechte besiegt hat. 



Dëst Theorie gëtt a mengen Aen verstäerkt, wann ee weess dass de Wotan/Wodan/Wude, de germanesche Gëtterpapp Odin, och„Hruod Percht“ genannt gouf, wat iwwersat “Ruhmreicher Percht“ also ofgekierzt "Ruprecht“ heescht. 


Wann een sech mat den heedneschen Traditiounen em de Julmond (Dezember) auserneesetzt, erkennt ee séier dass de Wotan, rsp. Odin eng wichteg Roll hat. Haut kenne mir e just nach als feste Bestanddeel vun der "weller Juegt" an de Rauhnuëchten. Dobäi war e fréier wuel och fir aner Aspekter bekannt:


Den 6. Dezember hunn d'Virbereedunge fir Yule ugefaangen an den Odin, och ass duerch d'Land gereest an huet de Kanner Geschenker gemaach, wann si sengem aachtbeenegen Päerd Sleipnir Äppel a Muerte virun der Dier gelooss hunn. Den Odin, deen oft als ale Mann mat Baart duergestallt gëtt ass also vu sengem Päerd mat sengem Schlitt duerch dat verschneitend Land gezunn an huet d'Kanner beschenkt. Dat erënnert een dach iergendwéi un eppes oder?


Den Odin hat zwar wuel keng Rendéieren, mee säi Päerd war duerch seng 8 Been sou schnell, dass en domatt duerch d'Welte konnt reesen. Sécher ass, dass den Odin de Schamanegott ass a wann ee vun tëschen d'Welte reese schwätzt, weess een, dass dat heescht, sech mat verschidden Hëllefsmethoden an en Trancezoustand ze versetzen an domatt vun der materieller an déi feinstofflech Welt vum Spirit ze reesen, verschiddener soen dofir och "fléien".



De Weihnachtsmann santa klaus ass e fiktive Personnage, dee warscheinlech aus dem Kleeschen eraus entstanen ass. Hien huet säi Beschofgezeih ofgeluecht a reest mat sengem Schlitt ronderëm d'Welt fir d'Kanner ze beschenken. Richteg bekannt gouf dësen duerch d'Konsumgesellschaft. Oft hunn ech well gelies dass dem Weihnachtsmann seng Faarwe rout a wäiss vum Coca-Cola Konzern kommen. Sécher ass, dass si säin Erscheinungsbild, sou wéi mir e bis haut kennen, däitlech gepräägt hunn. Et gi ganz vill Mythologen an Ethnobotaniker déi awer eng aner Source fir des Faarwen nennen: de Fliegenpilz. Interessanterweis ass de Fliegenpilz bis haut e feste Bestanddeel vun der Chrëschtdagsdeko an e fënnt een e bëssen iwwerall op Kaddospabeier, Adventskränz, Beemercher oder Bûchen erëm. Wa mer zréck bei eise virchrëschtlechen Odin kommen, wësse mer dass de Fliegenpilz ganz vill benotzt ginn ass, fir an en Trancezoustand ze kommen an sou bis haut a ville Kulturen e feste Bestanddeel vun der schamanescher Rees ass. Em d'Zäit vun der Wantersonnewend den 21./22. Dezember hunn d'Mënschen Fester gefeiert, bei deenen se Fliegenpilzer am rituelle Kader zou sech geholl hunn. D'Schamanen hunn des Pilze gesammelt an de Mënschen als Geschenk bruet. Et fënnt ee Geschichte wou doriwwer bericht gëtt, dass de Schaman dofir huet missen iwwert dat Lach erakommen, wou an der Mëtt vum Zelt dofir gesuergt huet, dass den Damp konnt erauszéien, also eng al Versioun vun engem Kamäin, wann d'Säitenentrée zougeschneit war... witzeg ass och nach ze erwähnen, dass d'Rendéiere ganz gäre Fliegenpilze iessen an duerch seng Substanze berauscht ginn. Vläicht fillen se sech dann sou, wéi wann se fléie kéinten. 


Ween wat dovunner gleewen oder mathuele well, soll jidderengem iwwerlooss sinn an awer ass et iergendwéi magesch sech drun ze erënneren, dass den Dezembermount ganz vill Bräich, Geschichten a Magie a sech dréit an dat schonn zanter Zäite vun deene mir haut leider net méi souvill wëssen... 

Σχόλια


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page