top of page

De Wäissdorn - Hexebam an Häerzkraaft

Dernière mise à jour : 4 juin

1. De Wäissdorn


De Wäissdorn och Hagedorn genannt ass keng Wëllplanz, mee gehéiert zu de Beem an Hecken. Et ass eng wichteg Hexenheck. Heibäi handelt et sech net just em iergend eng Heck, mee em en Hag.


2. Den Hag


“Hag” ass en aalt Wuert fir Hecke mat Dornen, déi dofir benotzt gi sinn, fir Terrain‘en ofzetrennen. Bis haut fënnt een de Wäissdorn ganz oft mat anere pickegen Hecke ronderëm Wisen als Grenz. Domat dréit de Wäissdorn, sou wéi all aneren Hag, d’Thema vun der Grenz a sech.


Dëst geet nach bësse méi wäit: zu Zäite wou déi éischt Dierfer entstane sinn, war d’Kierch beméit hier Leit am Duerf ze halen. D’Leit haten an Zäite vum Heedentum eng déif Verbindung zur Natur an hunn all hier Ritualer dobausse gehalen. Wärend der Christianiséierung, fir d’Leit an d’Kierch ze kréien an déi wëll Säit méi stëll ze halen ass dorop opgebaut ginn, dass d’Sécherheet an den Zuele vun der Gesellschaft ze fanne wier, am Liewen an der Gemeinschaft an dass d’Natur eng Gefor géif duerstellen. An dësem Gedankegang sinn d’Dierfer mat Hagen zougemaach ginn, fir déi wëll Déieren dobaussen ze halen an d’Gemeinschaft ze schützen awer och fir d’Leit besser am A ze halen. Ween sech ausserhalb vum Hag opgehalen huet ass séier als Kriminell, wëllen Heed oder Hex vernannt ginn. Den Hag ass zum Schwellesymbol ginn, hannert dem Hag war déi geféierlech Welt vun deenen déi hier wëll Ritualer net wollten opginn. Den Hag gouf domat och bildlech zum Symbol vun der Anderswelt.




3. Hagazussa


Wat dëst natierlech verstäerkt huet ass, dass d’Kraiderfraen ganz vill Zäit beim Hag verbruet hunn, well si hunn natierlech seng Medezin kannt. Nieft dëser logescher Erklärung dierf een nach e Stéck méi wäit goen, well des Fraen haten ee Been an der mënschlecher Welt an hunn mat hiren Kraiderpreparatiounen de Mënsche gedingt an ee Been an der geeschtlecher Welt, wou si sech mam Onsiichtbare verbonnen hunn. Sou ass d’Bild vun der Hex entstan, déi déif mam Hag verbonnen ass. Si ass Hagazussa genannt ginn, aus deem spéider dat Wuert Hex entstan ass. Hagazussa aus dem alhéichdäitsche Wieder Hag (Heck, Zonk) an zussa (setzen, reiden) gëtt domat als  "Zaunreiterin" iwwersat, den Hag als Grenz an Zaun an d’Hex déi tëschent des 2 Welte reest an iwwerall doheem ass. Dëst Wuert fënnt een am alengleschen Haegtesse erëm an och do dréit et déi selwecht Bedeitung (fence rider). Hag gëtt bis haut am Däitsche benotzt fir des pickeg Hecken, Hex ass aus dësem Wuert gebuer ginn an am engleschen heescht dat selwecht Wuert “hag”  Hex. Do mierkt ee wéi déif verwuerzelt dat Ganzt ass a wéi Sproochen déi selwecht Magie droen.


Des Hex steet symbolesch fir d’Grenz tëscht dem mënschlechen an der wëller Natur, dem Siichtbaren an Onsiichtbaren, dem hellegen a profanen.


Natierlech ass dat eleng schonn de Grond wisou d’Kierch des Figur gefaart huet, net nëmme wéinst hirem Wëssen an hirer Kraaft, mee wéinst dësem Status vun “tëschent de Welten”, deen d’Kierch net konnt dulden. Et kann een dëse Gedankenzoch weiderféieren, si ass net just verbrannt gi fir dat war si war, mee virun allem dat wat si representéiert huet.


‎"Eng Hex ze sinn ass an de Räimer ze liewen wou kee sech traut op eng Landkaart ze bréngen."‎



4. Dem Wäissdorn säi Wiesen


De Wäissdorn ass eng staark Schwelleplanz, dat heescht si steet als Wächer vun der Schwell a passt op den Iwwergang tëscht de Welten op. Si schützt des Entrée a léisst net egal ween a wat duerch. Si suergt mat hire Stachele mol fir bluddeg Fangeren an erënnert domat, dass ee virsiichteg mat hier dierf ëmgoen.

 

Hier Bléien hunn e ganz speziellen Doft, séiss mat enger anerer Nout, deen net jidderengem sou gutt richt. Et seet een, dass hier Bléie gläichzäiteg no Léift an Doud richen an dat ass den Ausdrock dee mir am beschte gefält. Well si ass a béide Welten doheem a steet souwuel fir d’Liewen an d’Léift, wéi fir den Doud an d’Trauer. De Fakt dass se tëschent Beltane a Samhain hiren Zyklus huet a mat béide Joreskreesfester déif verbonnen ass verstäerkt dëst nëmmen.



5. Deeler vun der Planz


Beim Wäissdorn schafft ee mat de Bléien, Blieder a Friichten.

 

D’Bléien déi ronderëm Beltane wuessen droen domat d’Thema vum Fréijoer a vum Liewen a sech. D’Blieder sammelt ee beschtefalls och am Fréijoer. D’Friichten droen d’Thema vum Hierscht a vum Enn vum Zyklus a sech. Am Wanter erënnert en eis drun, dass een sech dierf zréckzéien an seng Picke weisen.

 

Wat interessant ass, ass dass all Deel vun der Planz liicht differenzéiert wierkt. Wann een also mam ganze Spektrum vun der Planz schaffe well, benotzt ee beschtefalls all Deeler. Dat heescht fir mech zum Beispill, dass ech all Joers am Fréijoer eng Tinktur mat de Blieder a Bléien usetzen, am Hierscht dann nach eng mat de Friichten.



6. Heeleegenschaften


Ween sech e bësse mam Wäissdorn ausernee setzt, erkennt direkt dass e virun allem fir seng Wierkung op d’Häerz bekannt ass. Dëst gellt souwuel op kierperlecher wéi awer och op emotionaler Eebene:



Heeleegenschaften op de Kierper


De Wäissdorn wierkt krampfléisend a gefässerweidernd. Des Wierkung mécht e virun allem bei eelere Mënsche mat altersbedéngten Degeneratiounserscheinungen  als Häerzmedizin beléift: E reguléiert de Bluttdrock, ënnerstëtzt d’Häerzrythmusfunktioun, stäerkt den Häerzschlag, e boost d’Duerchbluddung, ënnerstëtzt bei Häerzklappen duerch Angschtzoustänn.

 

Et kann ee mat der Tinktur oder Téi schaffen.



Heeleegenschaften op d’Séil


Wat de Wäissdorn fir eist kierperlecht Häerz mécht, bréngt en och fir eisen emotionalen Zentrum: E stäerkt d’Häerz a balancéiert bei emotionaler Iwwerfuerderung.

 

Et mécht absolut Sënn mam Wäissdorn ze schaffen, wann een un emotionalen, anzestralen Theme schafft, Themen aus deenen een nom Häerzschmäerz méi staark well erauskommen. De Wäissdorn ennerstëtzt d'Häerzalchemie, et fillt een alles, mee et wees een, dass een dat alles iiwerliewen kann.

 

En ënnerstëtzt bei schwieregen Theme wéi Trauer an Häerzschmäerz (Libeskommer). Traditionell gouf de Wäissdorn ëmmer an der Trauerbegleedung benotzt wärend Begriefnesritualen, well en d'Trauer vun den Hannerbliwwenen ënnerstëtzt an d'Séil vum Verstuerwenen iwwert d'Schwell begleet. 

 

En hëlleft, d’Häerz grouss op ze maachen, mee duerch seng Schutzfunktioun, ouni d’Häerz dobäi verletzlech ze loossen.

 

En ënnerstëtzt den hellegen Timing: wéini een an d’Bléi soll kommen, wéini ee Friichten dréit oder sech an seng Picken  zréckzeihen dierf.

 

De Wäissdorn weist sech bei mir ëmmer rëm zum Thema “Grenzen” – a wann ee vu Grenze schwätzt, dann denkt een ëmmer drun, dass en seng Grenze kloer setzen an anhalen dierf. Dëst Joer huet de Wäissdorn mech ganz kloer drop opmierksam gemaach dass wann een ze vill Grenze setzt, een op eemol an engem Käfeg setzt. Ech hu mech doropshin op en neits mat verschidde Grenzen, déi ech mir selwer setzen ausernee gesat. Dofir géif ech lo net méi schreiwen, si hëlleft Grenze setzen, mee definitiv si hëlleft Grenze setzen a sprengen.

 

Mam Wäissdorn, mam Hag schaffen heescht sech mat senger eegener Hagasussa auserneen ze setzen.


Fir op desen Themen ze schaffen kann een Wäissdorn verräuchern, mat enger Essenz schaffen oder och einfach mat der Planz feinstofflech a Kontakt kommen.



7. Magesch Eegenschaften



An der Magie sinn seng Schutzeegenschaften natierlech beléift. Sou kann de Wäissdorn fir Schutzmagie benotzt ginn.

 

Duerch seng Connectioun zum Häerz, kann en och fir Léiftmagie benotzt ginn. Hei handelt et sech awer op kee Fall em déi Zort séiss Waassermeloun Léift op engem Summerdag, mee déi Léift Themen, déi méi déif ginn, déi Léift déi sou staark ass, dass se heiansdo wéi deet.


Doduerch dass de Wäissdorn eng mächteg Schwellplanz ass an den Hüter tëschent de Welten ass gehéiert e fir mech an de Ritualer wou een sech bewosst mat Iwwergäng ausernee setzt.

 

De Wäissdorn ass eng beléifte Planz ënnert de Feeën an ass domat eng wonnerbar Gabe un déi onsiichtbar Welt.



8. Perséinlech Notiz vun der Kraiderhex


De Wäissdorn gehéiert mëttlerweil leider zu de bedrote Straicher, well e leider massiv ofgeholzt gouf. Et fënnt een en nach plazeweis ronderëm Felder. Ween Bléien a Friichte sammelt, verbrecht domat näischt. Fir mech ass et ëmmer wichteg, nëmmen do ze sammelen, wou ech es genuch fannen an nëmmen a klenge Quantitéiten. D'Insekten an d'Villercher dierfen och vun de Bléien a Friichte profitéieren. 


Seng Picken, erënneren eis drun, uechtsam mat em ëmzegoen. 


Well des Planz bei de Feeën immens beléift ass, ass et immens wichteg, ëmmer em Erlabnis ze froen. Dat ass fir mech allgemeng ëmmer wichteg, mee ech wéilt mech ëmsou manner mat Feeën uleeën, déi sinn net ëmmer onbedéngt sou wéi een se aus de Märercher kennt, dofir ëmmer em Erlabnis froen an dono e klenge Merci do loossen. 



9. Invocatioun vum Wäissdorn


Ech bewaachen d'Schwell mat grousser Hingabe, a lueden nëmmen déi an, déi et verdéngen. 


Ech bléien tëscht Feier a Schiet, do wou d'Léift brennt an d'Trauer otemt. 


Komm mat der Wourecht am Mond oder iwwerhaapt net.


Pléck net ouni ze froen, Beréier net ouni ze éieren.


Meng Dornen si keng Dekoratioun. Si sinn Erënnerungen. Si si Gesetz.


Wann s de hei blutts, blutt éierlech.


Wann de dech hei fir Léift opméchs, da soll et eng Léift sinn, déi dech ëmbrénge kéint.


Nëmmen da maachen ech op... vläicht.



Geschriwwen a fotograféiert vum Cynthia,

Bild an Invocation an helleger Cocreatioun mat House of Lumhia


Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg

© 2024 Black Moon Werifesteria

Black Moon Werifesteria - Esch-sur-Alzette (Lëtzebuerg) - info@blackmoonlux.com

bottom of page