top of page

Den Hielenner, d’Frau Holle an d‘Naturwiesen‎...



Och wann e ganz streng gesinn net zu den Heelkraider gehéiert (well et sech bekanntlech em eng Heck handelt), huet en absolutten Heelstatus an ass a sech selwer schonn eng ganz Apdikt.


Am Moment fänkt den Hielenner un an d’Bléi ze kommen. Ëmmer wann dëst geschitt, weess ech dass d‘Summersonnenwende virun der Dier steet.


Seng gutt richend Bléien si bekannt a gi gären als Téi oder fir Sirop, Wäin a Limonade benotzt. An der Kichen fannen d’Hiellennerbléien och hier Platz.


Seng Friichten, déi een da méi spéit – Enn August bis September - kann iernten, wa se gutt schwaarz sinn, si réi liicht gëfteg a verursaachen Duerchfall an Brechreiz, mee kennen wonnerbar zu Gebeess, Schnaps, an Gebäck oder Jus verschafft ginn.


Den Hielenner wierkt anti-inflammatoresch, antiviral an stécht voller Antioxidanten. En ass schweessdreiwend a bluttrengend. E wierkt op Nieren a Blose (staark harndreiwend) a kann ganz gären ugewannt ginn bei Blosenentzündungen oder fir iwwerschësseg Harnsaier ofzebauen a kleng Stengercher/Gries aus der Blose ze kréien. Och bei Houscht ass en eng grouss Hëllef a wierkt schläimléisend. En ass ënnert anerem voller Mineralien a Vitaminne an ass fir mech am Wanter onentbierlech fir den Immunsystem ze stäerken an Erkältungen virzebeugen oder kann och direkt bei den éischten Erkältungssymptomer an den Asetz kommen. Den Téi aus de Bléien wierkt berouegend bei Zänn-, Oueren- a Kappwéi. Séng Bléien si sinn e Wonnermëttel fir d’Haut.


Um Hielenner ass reegelrecht alles heelend, dh. all Deel vun der Heck kann benotzt ginn. Sou kennen nieft de Bléien a Friichten, och d‘Blieder (virun oder no der Bléi) gepléckt ginn. Des kenne gedréchent ginn an als Téi gedronk ginn. Dat selwecht kann een mat der Schuel oder den Wuerzelen maachen. Ech muss zouginn, dass ech dat net probéiert hunn, well et mir dann awer ze vill Leed deet un senger Schuel oder Wuerzelen schneiden ze goen, wann en eis schonn sou grousszügeg mat Bléien, Friichten a Blieder beschenkt.



Den Hielenner awer eleng op seng Heelkräften ze reduzéieren wär definitiv net gerecht…


Vill méi well ech ob dat feinstofflecht a magescht agoen - den Hielenner gehéiert nämlech fir mech zu deene mageschste Planzen iwwerhaapt.


Eng ganz staark Verbindung zur Frau Holle fënnt ee schonn a sengem Numm erëm: etymologesch sinn béid Wieder ofgeleet vun der ursprénglecher heednescher Gëttin Hulda (Holda, Holla), bei eis als "Frau Holle" bekannt. De Bam, gëllt domat als hire Wunnsëtz, rsp. als Zougang zu hirem Räich an der Ënnerwelt, wou sie mat hirem brodelnden Kessel d’Liewen op en Enn bréngt an ëmmer rëm neit Liewen schaaft. Dofir gouf en als helleg erkläert an laut dem Aberglaube dierfen keng Branchen ofgeschnidde ginn ouni éischt d'Erlabnes vun der gudder aler Fra ze kréien.


D’Gëttin Holle war d’Gëttin vum Liewen a vum Doud, mee och vum Haus, déi mat hire staarke Kräften an hirer grousser Heelkraaft d’Mënschen (a ganz besonnesch d’Kanner), d’Déieren an d‘Planzen beschützt huet. Dass si eng gerecht Gëttin war, déi een och emol bestrofen kann, dat wësse mir nach aus dem Märchen vun de Gebridder Grimm. Fir se ze éieren an hier gutt Säit ze schmeechelen, hunn d’Leit hier Geschenker ënnert den Hielennerbusch geluecht. Sie konnt awer och virum Béisen beschützen an dofir gouf den Hielenner als Schutzplanz ugesin a gouf dofir ganz gären an den Dierfer a ronderem d’Heiser ugeplanzt. Desweideren kann dese Bam alles Schlechtes oder Béises un sech zéien an domat fäerdeg ginn. All béist Kreatur flitt duerch den Zougang an d’Ënnerwelt an de brodelnde Kessel a gëtt do vernicht oder transforméiert a nei gebuer. Dofir sinn am Mëttelalter eetreg Bandagen an aner Formen vun Krankheeten un den Hielenner gehaange ginn, well e wosst, dass dësen mächteg genuch war, fir des Krankheeten ze transforméieren.


Et gëtt souguer gesot dass den Hielenner sou muechtvoll war, dass en de Judas – dee bekanntlech de Jesus verroden huet – un sech gezunn huet an deen sech dunn drun erhaangen huet. Als Beweis dovunner wär de Champignon deen eleng an eenzeg um Hielenner ze fannen ass: den Hielennschwamm, deen och Judasohr genannt gëtt.


Des weideren ass den Hielenner och als Portal an eng aner Welt bekannt gewiescht, déi vun de Naturwiesen (Elfen, Gnomen Zwergen, Trollen asw) genotzt gëtt. Oft gëtt en och einfach als Wunnsëtz vun dësen Naturwiesen ugesinn. Och do heescht et, dass een net um Hielenner dierf schnibbelen goen, ouni virdrun bei dëse Wiesen em Erlabnis ze froen.


Vir de modernen Konsummensch klengt dat no engem Kannermäerchen an ass net Eescht ze huelen, mee fir eis Virfahren war et ganz normal d’Naturwiesen ze respektéiere a mat hinnen zesummen ze liewen. War een mat hinne befrënnt, konnte si engem ganz nëtzlech sinn an een virun groussem Ongléck warnen. Sie kennen och all d’Heelkraider a kennen dem Mënsch hëllefen, dat richtegt Mëttel erauszesichen, wann een se zB. am Hallefschlof, dem Zoustand tëschent Schlof a wakereg sinn, freet a mat hinnen kommunizéiert. D’Kobolden kennen ganz nëtzlech sinn an engem hëllefen verlueren Géigestänn erëmzefannen. Allgemeng wëssen d’Naturwiesen Saachen déi de Mënsch net weess, an dat Wëssen kann engem ëmmer behëlleflech sinn.


Sou sinn déi läscht Äppel net gepléckt ginn, déi waren fir d’Naturgeeschter. An deem Sënn ass all Kéiers wann e neit Béierfaass opgemaach ginn ass, eng Schlupp fir si op den Äerdbuedem geschott ginn. D’Kächin vum Haus huet den Hausgeeschter ëmmer e puer Grimmelen Brout oder puer Stécker vum Iessen an d’Kachfeier geheit. Sou sinn och ëmmer rëm Opfergaben a Speisen fir d’Naturwiesen ënner den Hielenner gestallt ginn. Et war an alle Kulturen selbstverständlech fir si ze éieren an hinnen kleng Opfergaben ze schenken fir hier Ënnerstëtzung ze kréien an net mat hinnen am Krich ze sinn (wat zu groussem Ongléck, Krankheeten an souguer zum Doud konnt féieren). Dogéint hat souguer d’Kierch näischt unzewenden.


Bis haut kennen d’Ureinwohner an d'Naturvëlker d’Naturgeeschter a wëssen wéi wichteg et fir de Mënsch ass respektvoll a friddlech mat hinnen ze ëmgoen.


Et ass wichteg nach dozou ze soen, dass de Mënsch virun dausenden vu Joren en anert Bewosstsinn hat. D’Leit waren net am Materialismus gefaangen an haten méi eng grouss Verbindung mat der Natur, e groussen Deel vum Vollek war landwirtschaftlech betätegt. Allgemeng waren d’Leit net sou déif an der Matière verankert wéi haut a waren méi op fir dat Iwwersënnlecht aus der Natur. Et war eng aner Denkweis. D’Entwécklung vun de Mënschen huet dozou gefouert, dass mir eis ëmmer méi an dat Materiellt verankert hunn, dat Iwwersënnlecht (mat all senge Sënner gesinn, spieren a wëssen) sou wéi de reliéise Glawen sinn ëmmer méi verschwonnen. De Bewosstsinn vun Naturgeeschter, sou wéi alles anerem Iwwersënnlechen ass komplett verschwonnen an als Phantasie oder Animismus vu Mënschen aus Zäitepochen, wou se nach méi naiv a manner informéiert waren ofgestempelt ginn. Op der aner Säit schéngt et mer wichteg ze sinn, ze soen dass doduerch bal alles seng Séil verluer huet an doduerch och villes keen Inhalt méi huet. Ouni den Zougang zum Iwwersënnlechen huet de gréissten Deel vun de Mënschen keng Wahrnehmung a kee Wëssen méi vun iwwersënnlechen Welten. Dat huet Folgen op d’Bezéiung vum Mënsch mat sech selwer, senge Matmënschen, der geeschtlecher Welt, den Naturwiesen, souguer zur Äerd selwer. Wann de Mënsch eise Planéit net méi als eppes Lieweges gesäit, wou selwer Liewen schaaft an eis souvill schenkt, mee als „Saach“ wou ee grenzelos ausbeuten kann, dann bréngt dat Problemer mat sech. Vir eis Virfahren war d’Natur helleg, d’Äerd war beséilt an huet missen mat Respekt behandelt ginn an an Dankbarkeet fir hier Fruchtbarkeet beschützt ginn. Et ass un der Zäit dass mir Mënschen erkennen, dass mir net sou weidermaachen kennen an a mengen Aen ass et Zäit dass erëm e neit Bewosstsinn entsteet. Ech wënsche mir et op alle Fall.


Awer lo zréck zum Thema, dir hutt et verstane den Hielenner ass e Portal zur aner Welten (Frau Holle oder Naturspirits), een leschten Punkt ass dass en zanter éiweg och als Bréck zu den Anen zielt an eis hëlleft mat hinnen a Kontakt ze kommen an hier Rot an Hëllef ze kréien.


Op der feinstofflecher Ebene wierkt den Hielenner stäerkend, berouegend an huet en rengenden Effekt. En hëlleft Ales, wat scho laang festgebak ass duerch déi selwecht negativ Gedankensätz oder duerch ongesond Behuelen, lasszeloossen an nei Wee’er ze fannen. E bitt Schutz an erliichtert, rsp. erméiglecht engem seng eegen Liewensaufgab ze erkennt. Et kann eng Bléienessenz mat de Bléien gemaach gi fir op der feinstofflecher Ebene mat em ze schaffen.


Natierlech kann een och fir di selwecht Themen mat em reecheren (gedreschten Bléien a Blieder).


Well en eben deen Zougang zu net siichtbaren Welten fërdert, kann mat em gereechert ginn fir dësen Zougang ze fuerderen (wann een sech an enger schamanescher Rees oder Meditatioun mat den Naturgeeschter, Anen oder Frau Holle verbannen well zB.).


Wat d’Reecheren vum Holz ugeet, do deelen sech d’Geeschter. Op ville Platzen gëtt gesot dass een den Hielenner net dierf verbrennen, dass een sech domat e grousst Ongléck unzitt oder e ganzt Joer un Zännwéi leide wäert. Ech hunn awer scho mol Fäerdegmëschunge gesinn, wou kleng Stécker Hielennerholz dra waren. Well ech awer vill ze vill ongär bei den Zänndokter ginn, hunn ech fir mech decidéiert, net dorop zréckzegräifen, mee dat kann jo jiddereen mat senger eegener Intuitioun ausmaachen oder wann en dozou bereed ass de Kontakt zu den Naturgeeschter üben an si froen.







Σχόλια


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page