top of page

E Neiufank matten am Wanter ?

Falls dir zu deene Leit gehéiert, déi voller Elan an dat neit Joer geschratt sinn a sech lo scho quasi nei erfonnt hunn, dann spriechen iech des nächst Zeilen warscheinlech net un. Dësen Text adresséiert sech éischter un déi Leit, déi elo Schwieregkeeten hunn, eppes ëmzesetzen an sech selwer ënner Drock setzen, well dat awer allgemeng vun engem verlaangt gëtt.


Och wann elo laut Kalenner e neit Joer ugefaangen huet, ännert dat näischt um Fakt dass mir nach ëmmer matten am Wanter sinn. An der Natur leeft grad net vill bis guer näischt, alles leeft op Spuerflam. Wa mir eis dorunner Beispill huelen, dann ass elo nach guer net de Moment fir Vollgas ze ginn, mee nach ëmmer fir sech Rou ze schenken an seng Energie ze schounen.





Wosst dir dass d’Joer net ëmmer mam Januar ugefaangen huet? Éier d’Réimer de julianesche Kalenner agefouert hunn an einfach decidéiert hunn, dass et besser géif passen, d’Joer am Januar unzefänken, ass d’Joer nom Moundkalenner gerechent ginn. Deemools huet d‘Joër am Mäerz ugefaangen. Eng Erënnerung dorunner si verschidde Nimm vun eise Méint. Et muss ee kee Spezialist am Latäin sinn fir ze wëssen dass d’Wuerzelen Sept- Siwen, Oct – Aacht, Nov – Néng, an Dez – Zéng ofzeleeden sinn. No dëser Logik war den Sept-ember de siwenten Mount vum Joer, den Okt-ober den aachten an sou weider…


Dat mécht absolut Sënn wann ee bedenkt dass och den Astrologeschen Krees am Mäerz ufänkt. A wa mer scho dobäi sinn, wësst der wat nach am Mäerz ufänkt? Genee, d’Fréijoer – déi Zäit wou op der Nordhallefkugel an der Natur rëm alles nom Stopp vum Wanter un d’Fléissen kennt. Da kennt erëm sou lues d’Kraaft aus de Wuerzelen an den ieweschten Deel, dh. an de Stamm vun de Beem, déi doropshin nei Blieder erschafen. Nei Kraider spriessen an och d’Déierewelt gëtt rëm lieweg, wat op mannst um Gesang vun de Villercher kengem dierft entkommen.


A well mir Mënschen – sorry, ech kann et net oft genuch widderhuelen – och en Deel vun der Natur sinn, ass genau dee Moment, op mannst energetesch gesinn, den Neiufank. Mir kennen vun dësen mächtegen Fréijoersenergien profitéieren fir eis Wënsch ze visualiséieren an gedroen vun dëser staarke Well de Wee an déi Richtung unzefänken – net elo matten am Wanter wann déi ganz Natur schléift.


Esou ass et, dass dat wat sech gesellschaftlech agepräägt huet net mat deem openeen passt, wat an der Natur grad geschitt. An dat kennen, sensibel, naturverbonne Leit ganz kloer spieren.


Dovunner ofgesinn, kann ech et net loossen, et op mannst erwäänt ze hunn, dass een net op en 1. Januar muss waarden fir sech nei ze erfannen. Sou wéi all Joer e Kapitel ass am Buch vum Liewen, ass och all Dag e Kapitel. Et huet een also all Dag d’Geleeënheet sech nei ze erfannen, nei Visiounen ëmzesetzen oder eppes lasszeloossen, egal op dat elo den 1. Januar oder 17. Juni ass.


An deem Sënn, verkrauchen ech mech rëm zréck a meng Höhl a schoune mech nach e bëssen – op mannst sou gutt et geet – bis déi nei Energien mer méi Kraaft an Duerchsetzungsverméigen schenken.


Alles Léiwes,


Cynthia

Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page