Eng besënnlech Zäit?
- Cynthia
- 6 déc. 2022
- 3 min de lecture
Dernière mise à jour : 12 juil. 2023

Et ass bëssen méi roueg ginn op mengem Blog… mee ech well mech guer net dofir mussen entschëllegen. Ech schreiwen ëmmer aus dem Häerzen, an nëmmen dann wann ech den Impuls dofir spieren… net well ech mech un eng gewëssen Unzuel vu Posts pro Mount well halen.
Nodeems ech mech dee ganze Summer héichenergetesch gespuert hunn, ganz vill gemaach hunn, fir meng Verhältnisser wéineg Schlof gebraucht hunn an och oft d’Bedürfnis hat ze schreiwen, hunn ech zanter dem September ganz däitlech gespuert, wéi meng Energie an de Réckzoch gaangen ass.
Am Laf vun de Wochen hunn ech gespuert, wéi meng Hypersensibilitéit – déi schonn sou oft eng Erausfuerderung fir mech ass – duerch de Plaffong gaangen ass. Déi éischt Zäit hunn ech kee Kaméidi a keng Luucht méi verdroen, ech konnt keng Musek méi lauschteren (wat fir mech onvirstellbar ass). Fir mech e kloren Impuls vu mengem Kierper op deen ech probéiert hunn – sou gutt et geet - ze lauschteren. Meng Deeg si méi stëll ginn, meng Owender si roueg ausklénge gelooss ginn, ouni Fernsee oder soss iergend eng Oflenkung.
No enger Zäit huet sech des Rou bezuelt gemaach an ech konnt rëm puer Elementer (wéi zB. Musek) deelweis abauen, mee net de vergläichen mat der Wucht vum Summer. Meng roueg Owender sinn mëttlerweil zur Normalitéit ginn...
An elo, wéi all Joers em des Zäit wa mir an déi donkelst Zäit vum Joer kommen, spieren ech ganz kloer an däitlech wéi ech de Besoin hunn een Gang (oder méi) zréckzeschalten a nach méi déif an déi Rou anzetauchen...
An der Theorie kléngt dat alles ganz schéin, douce a passend (op mannst fir mech) an der Praxis gesäit et bëssen anescht aus: soubal ech e Fouss virun d’Dier setzen, hunn ech dat Gefill, ech géif an eng Parallelwelt geroden, déi grad komplett anescht tickt. Tëschent oppene Verkaafssonndeger fir de Cadeaux-Rush, Preparatioun vun de Chrëschtfeieren, eng to-do Lescht déi bis Enn vum Joer nach muss fäerdeg ginn an e Chreschtiessen wat fir 700 Leit muss gekacht ginn , do virdrun eng nei Garderobe muss erausgesicht ginn an d’Hoer nach beim Coiffer musse friséiert ginn an an an… Dir hutt et verstane, ech schwätzen vun eiser moderner, konsumgedriwwener Gesellschaft, déi elo mat Vollgas an d’Richtung Enn vum Joer rast.
Ech spieren di ganz Opgedréintheet, dee ganze Stress, dee ganzen Drock an ëmmer rëm froen ech mech – wien mécht dat haut iwwerhaapt fräiwëlleg. All wënschen se eng „besënnlech Zäit“, mee wien huet déi dann iwwerhaapt?
Verstitt mech net falsch, ech wënschen vun Häerzen jidderengem deen elo déi Zäit vum Joer mam ganzen Tamtam genéisst, dass en eng wonnerschéin Zäit huet, MEE ech wollt och déi eng oder aner Séil, déi sech vläicht selwer a Fro stellt oder ënner Drock setzt, well se net sou séier matrenne kann, drun erënneren, dass et ok ass, et komplett anescht ze spieren. Grad elo déi Zäit virun an em d’Wantersonnewend dréint d’Natur méi lues an et ass ok, wa mir als Mënschen dat och an eis spieren. Et wier elo eigentlech déi perfekt Zäit fir an de Réckzoch ze goen an alles lues auskléngen ze loossen, eis Kräften ze sammelen… De geckege Rhythmus vun der Gesellschaft steet nu mol an totaler Oppositioun zum Rhythmus vun der Natur an dat spieren verschidde Mënschen an sou Zäiten ganz extrem.
Et ass natierlech schwéier als „moderne“ Mënsch, deen net eleng am Bësch wunnt, mee e Prêt muss bezuelen an nach aner Obligatiounen huet, sech komplett aus deem Ganzen erauszehalen an dorëms geet et jo eigentlech och guer net, well spéitstens beim Gang an de Supermarché wär et rëm geschidd…
An awer ass et méiglech sech aus deem ganzen Wahn ëmmer rëm kuerz erauszehuelen an sech bewosst ze ginn, wat een wierklech aus Freed mécht oder wat een aus Drock mengt mussen ze maachen.
Wichteg wär et grad elo sech déi Rou ze gënnen, déi ee grad brauch. Dat ass eppes ganz Individuelles. Et kann een sengem Bauchgefill vertrauen, well eise Kierper weist eis scho ganz genee wat eis gutt deet oder net, rsp. kenne mir doduerch léieren wéi mir gutt no eis selwer kenne kucken. Vill vun eis hunn dat leider vergiess oder ni geléiert, mee et ass ni ze spéit fir domat unzefänken. Ech hunn och ganz laang gebraucht fir ze verstoen, dass dat keen Egoismus ass, mee dee schéinste Cadeau, deen een sech selwer ka maachen.
Alles Léiwes,
Cynthia
Comments