Ech hunn a mengem läschte Post mat dir gedeelt, wéi ee ganz einfach eng Tinktur aus Heelkraider hierstelle kann.
Haut wollt ech iwwert den Essegauszoch zielen, eng wonnerbar Alternativ zur Tinktur fir Kanner, sou wéi och fir Erwuessener déi keen Alkohol zu sech wëllen huelen.
Et gi vill Méiglechkeete , fir d'Planzematerial effektiv ze extradéieren: eigentlech eegent sech dofir all Flëssegkeet. Wichteg ze wëssen ass, dass d'Entzéien an all Flëssegkeet anescht wierkt, respektiv aner Wierkstoffer vun der Planz dran opgeléist ginn. Dovunner ofgesi bréngt all Flëssegkeet hier eegen Eegenschafte mat sech an ass deemno fir verschidden Ëmsetzunge mol méi mol manner passend.
Deemno bleift ze soen, dass en Essegauszoch ni 100% identesch ass wéi eng Tinktur aus Alkohol, an awer kann een dovunner ausgoen, dass et eng gutt Alternativ ass fir vill vun de wichtege Wierkstoffer vun enger Planz fir eng Zäit haltbar ze maachen.
Wéi een Esseg benotzen?
Eigentlech eegent sech bal all Esseg a Bioqualitéit dofir. Et mécht awer Sënn mat Äppelesseg ze schaffen, well dësen a sech selwer scho ganz vill positiv Eegenschaften dréit. Sou kann Äppelesseg duerch seng Inhaltsstoffer däin Immunsystem stäerken, dengem Daarm an Daarmbakterie gutt dinn an de Stoffwiessel ukuerbelen, entgëften an d'Wondheelung fuerderen.
Hierstellung vum Essegauszoch
Wat d'Hierstelle vun engem Essegauszoch ugeet, kann ee soen, dass dëse Virgang dee selwechten ass, wéi bei der Hierstellung vun enger Tinktur. Ech roden der un, mäin Artikel iwwer d'Tinkturen ze liesen, falls de deen nach net gelies hues: hei.
Sou brauchs du fir däin Auszoch e sterilt Schraufglas oder eng steril Fläsch, wats de mat dengem verklengerte Planzematerial fëlls a mat Esseg iwwerschëtts.
Däi Glas kanns de da fir Minimum 2 Woche bei Zëmmertemperatur stoe loossen a reegelméisseg rëselen.
No dëser Zäit kanns du däi Planzenmaterial ofseihen an däin Esseg entweder a Pipettefläschen oder a Fläschen ëmfëllen.
Du kanns däin Esseg, an Drëpsen am Waasser opgeléist, als direkt Alternativ zu den Tinkture benotzen.
Natierlech kanns du den Esseg awer och alternativ zu normalem Esseg an denger Kiche benotzen an sou d'Heelkraaft vun der Planz mat an däin Iessen afléisse loossen.
Essegauszoch kann, jee no welcher Planzenextraktioun, souwuel äusserlech wéi ënnerlech ugewannt ginn.
Kill an donkel gelagert, hällt sech desen Essegauszoch 1-2 Joer. No deier Zäit gëtt den Esseg net schlecht, mee d'Wierkung gëtt ëmmer méi schwaach.
Comments