top of page

Gedanken zu Päischten...

Päischten ass eent vun de chrëschtleche Fester wat kee Bezuch zum Joreskrees huet, respektiv sech op keent vun de Natufester bezitt.


Am Chrëschtentum gëllt Päischten als Gebuertsstonn vun der Kierch. 50 Deeg nom Dout vu Christus, soll den hellege Geescht seng Jünger erreecht hunn, déi doduerch plëtzlech an der Lage waren nei Sproochen ze schwätzen an d'Wuert vu Gott ze verbreeden. Den Ursprong vun dësem Fest läit warscheinlech am jüddesche Fest Schawuot, wat och 50 Deeg nom Pessachfest gefeiert gëtt. D'Wuert pentēkostḗ ass ofgeleet vum Griicheschen an heescht souvill wéi "fofzegsten Dag".


Wat ass den hellege Geescht iwwerhaapt?


Den hellege Geescht, op Latäin spiritus sanctus, ass am Chrëschtentum ee vun deenen 3 grousse Pilieren nieft Gott, dem Papp a Gott, dem Fils a gëtt och oft als Geescht Gottes oder helleg Geeschtkraaft iwwersat. Oft gëtt dëst am Chrëschtentum mat enger Dauf representéiert.



Ech sinn zwar kee Chrëscht méi an dach fannen ech et spannend, mer Gedanken em den hellege Geescht ze maachen, respektiv mech ze froen, op nëmme reliéis Leit dësen hellege Geescht empfänke kennen oder dat sech och op d'Spiritualitéit iwwerdroe léisst. 


Wat ass wann een dësen hellege Geescht mat der Kraaft vun der Léift, Freed a Fridden a sech an domatt och a sengem Liewen iwwersetzt? Mat der déiwer Verbindung zur Quell, zur Gëttlechkeet, mat denger eegener Gëttlechkeet, déi an dir lieft, wann s de se erkenns an dech dofir opméchs? Déi net nëmmen fir d'Basis zur Verbindung zu dir selwer, mee och déi zu all aaner Mensch a Liewewiesen iwwerhaapt steet.


Fir mech ass alles Geeschtlecht déif am a mam Äther verbonnen, dat 5. Element nieft Loft, Feier, Waasser an Äerd. Am Äther lieft dat Feinstofflecht, dat Magescht, dat wat ee mat den Aen net erkenne kann, mee nëmme mam Häerz kann ophuelen.


Wa mer bei der Feinstofflechkeet bleiwen, kann ech mech mat der Séil vum Déier, der Planz, jo souguer vum Stee verbannen an doduerch verbannen ech mech mat der grousser Urquell an doduerch natierlech och mat menger eegener Séil.


Haut op Päischten, well ech den hellege Spirit feieren, deen an all Liewewiesen op dësem wonnerbare Planéit wunnt an eis all mat der grousser Quell verbënnt.


AWEN, sou soll et sinn.


Cynthia

Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page