top of page

Glawenssätz ‎déi engem d'Liewen schwéier Kënne maachen


Am Kader vun menger Formatioun an der Bioénergie un deier ech grad deelhuelen, hunn ech a mengem leschte Module ganz vill iwwert Glawenssätz geléiert a wéi eng blockéierend Wierkung si op eis an eise Kierper hunn. Ech hat mech schonn virun Joren domat auserneen gesaat an déi Formatioun war eng wonnerschéin Verdéiwung an dë

sem Beräich. Zanter deem sinn ech faszinéiert ze observéieren, wéi vill deier Sätz am Alldaag sou opkommen.


Glawenssätz si Sätz déi mir ausdrécken oder eis selwer soen (bewosst sou wéi onbewosst), un déi mir gleewen, rsp. déi eiser perséinlecher Wourecht entspriechen. Des Sätz krute mir oft unerzunn oder agepräägt (vun der Famill, der Schoul, der Gesellschaft, de Medien…) oder mir hunn se am Laf vun de Joren selwer kreéiert.


Heefeg Glawenssätz sinn zB.

  • ech kann souwisou näischt

  • ech si net gutt genuch

  • ech kann op keen zielen

  • et kann een kengem trauen ausser sech selwer

  • keen ass frou mat mir

  • ech wäert ni/ëmmer rem…

  • kleng Meedecher musse roueg sinn

  • staark Jongen kräischen net

  • et muss ee leiden fir schéin ze sinn

  • mir sin op der Welt fir ze leiden

asw.


Et ass wichteg ze wëssen dass jiddereen d’Realitéit duerch seng eegen Palette vu Filteren gesäit an et ganz normal ass, Glawenssätz ze hunn. Et ass also e Konstrukt vun deem jiddereen vun eis betraff ass, well jiddereen deier Sätz fréier oder spéider zum Filter vun senger Realitéit gemaach huet an och net all Glawenssaz ass onbedéngt negativ oder schiedlech.


Wat ech virun der Formatioun allerdéngs net wousst ass dass Glawenssätz och mat der DNA kenne verierft gi. Sou kenne mir also u Wourechten festhalen well se virun Generatiounen an d’Liewen geruff gi sinn a mir se einfach ouni eppes dovun ze wëssen iwwerholl hunn an dat obwuel se haut absolut kee Sënn méi maachen.


Egal em wéi eng Aart vu Glawenssätz et sech handelt, et ass op alle Fall interessant an och sécherlech net onwichteg, sech domat auserneen ze setzen fir ze kucken wei eng dovunner eis d’Liewen verdammt schwéier maachen.


Et kann een domat ufänken a seng Gedanken sou neutral wéi méiglech ze beobachten. Mat bëssen Gedold fënnt ee ganz séier déier Sätz déi ëmmer rëm zréckkommen. Fir den Ufank kann een sech se all opzeschreiwen an da kann een mat senger Intuitioun nopréiwen op se nach ëmmer fir eis stëmmeg sinn oder net. Wann se een an sengem Liewen blockéieren oder näischt ausser Frust an Trauer bréngen, dann ass et wichteg fir se ze erkennen an opzeléisen. Natierlech kann een sech dobäi hëllefen loossen, wann et ze déif geet. An och déi richteg Kraider kennen een dobäi ennerstëtzen.


Mëttlerweil sinn ech richteg gutt doran gi se ze erkennen, dat heescht natierlech net dass ech immun dergéint sinn, an grad op sou besonnesche sensibelen Deeg kennen déi Glawenssätz mech richteg verletzen... Mee op mannst hunn ech geleiert, se ze erkennen an net méi an en totalen Opfermodus ze falen aus deem ech net méi erauskommen.


Sou war et gëschter rëm souwäit, ech hunn se scho vu wäitem gesinn wéi se op hirem héije Päerd geridden komm sinn. Ech hunn se erkannt an awer hunn se mech verletzt. Ech hunn déi Gefiller probéiert unzehuelen an ze spieren - Gefiller wëllen erkannt ginn an dat schlëmmst wat een kann maachen wär se ze ënnerdrécken. Wou ech doheem a mengem safe space war hunn ech meng Trommel ausgepaakt a getrommelt. Meng Stemm huet net laang op sech waarde gelooss, am Ufank nach lues an ziddereg an dunn ëmmer méi secher… ech hu mir virgestallt meng sämtlech Gefiller géifen sech am Hals versammelen an erausfléissen a war selwer erstaunt wéi haart a gefestegt meng Stemm ginn ass. Dono hunn ech meng Gefiller alchimiséiert, mat enger wonnerbarer Technik déi ech och an deier Formatioun geléiert hunn an nodeems hunn ech mengem Kierper erlaabt alles ze spieren… well bei mir all Emotioun direkt am Kierper spierbar ass, war et mer wichteg mengem Kierper dee Raum ze ginn. No annerhallwer Stonn war ech rëm e Mënsch mat klorem Verstand a konnt dee ganze Prozess aus der Villechersperspektiv gesinn… Ech sin extrem dankbar fir all déi wonnerbar Tools déi ech gesammelt hunn fir besser mat sou enger Situatioun eens ze ginn. An e puer Deeg ginn ech hin a schaffen nach emol drun fir dee Glawenssaz ee fir alle Mol opzeléisen…


Mir ginn grad duerch en Transformatiounsprozess, dat ass scho zanter puer Wochen extrem spierbar am Groussen wéi am Kléngen. Dëse Vollmound huet eng Schëpp dropgeluecht a wann ech sou kucken waat déi nächst Zäit vun Energien am Raum stinn, denken ech dass de ganze Juni nach spannend wärt ginn (ouni méi wäit am Kalenner wellen ze kucken). Dovunner ass och jiddereen betraff, souwuel net spirituell Leit déi näischt mat deem ganze Schirri Mirri kennen ufänken a warscheinlech ganz onbewosst an de Prozess falen, wéi Leit déi scho laang op hirem spirituelle Wee sinn a scho villes geheelt a lassgelooss hunn… Op eemol kenne rëm al Wonnen opgerappt ginn a wéidoen, al Gedankesätz opkommen, al Geschichten un d’Oberfläche kommen. Dëst ass e wichtege Prozess duerch dee jiddereen op seng Aart a Weis mol gutt, mol manner gutt muss navigéieren. Et kann een et als lästeg, ustrengend an ermiddegend gesinn (wann een voll dra stécht, dann ass et dat och!) oder awer als Chance fir rëm Ales lasszeloossen an ze heelen.


heelsam Gréiss,


Cynthia

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page