Wann ech eng Disziplin fir déi olympesch Spiller vum Liewen hun dierften dest Joër üben, dann ass et definitiv "Grenzen setzen".
Wou ech firun méi wéi 10 Joër, an enger Zäit an déier et mer net gudd gaangen ass, eng Therapie ugefaangen hun war d'Thema Grenze setzen mat dat éischt Thema, wat op d'Tapéit koum.
Grenze setzen? Deemools sinn ech mir fir d'éischt ganz bewosst ginn, dass ech ëmmer rëm entsat doriwwer war, dass Leit meng net gesate Grenzen net géifen anhalen an hunn d'Noutwendegkeet erkannt, dëst ëmzesetzen. Ech muss awer soen, dat war méi einfach gesot wéi gedoen. Et muss een sech, wann een dat e Liewe laang net gemaach huet, mol senge Grenzen iwwerhaapt bewosst ginn, dat eleng war schonn eng Tâche fir sech.
War et domatt gedo? Natierlech net! Souguer no deier Erkenntnis hunn ech et ganz laang net fäerdegbruecht kloer Grenzen ze setzen...
- well ech kee wollt onnéideg trëppelen,
- well ech oft geduecht hunn, et wär méi einfach et einfach lafen ze loossen (aka. anzestiechen) wéi e Gespréich dowéinst unzefänken,
- well ech de Courage net fonnt hunn,
- a wann ech ganz éierlech sinn, well et mer oft einfach nëmmen ze ustrengend war...
Natierlech huet dat sech net gutt ugespuert, well ech mer kloer bewosst gi sinn, dass ech mäi Wäert, rsp. meng Rechter ënnert deenen aneren hire gesat hunn an iergendwéi och net fir mech konnt riicht stoen.
Dëst Joer sinn ech op e Punkt komm, wou ech iergendwéi ëmmer rëm fäerdeg bruet hunn, eng ganz kloer Grenz ze setzen an dofir gesuergt hunn, dass se agehale gëtt. An zäitweis sinn ech es sou sat gewiescht mech weiderhi musse mat dësem Thema auserneenzesetzen, dass et sech ugespuert huet, wéi wann ech mat der Bazooka op menge Grenze géif stoen.
Ech sinn op e Punkt komm, wou ech mer ganz bewosst gi sinn, wéi wichteg et ass, mech selwer ze respektéieren a fir mech riicht ze stoen, an dass ech net méi gewollt sinn, dass Leit mam Bagger iwwert mech fueren.
Wat ass geschitt? Ech si ganz einfach an de leschte Jore mat der Nues op meng eege Grenz gestouss. Déi Grenz wou ech verstanen hunn, dass et einfach duergeet. Dass et lo duergeet fir d'Cynthia an iwwert dem Cynthia säi Kapp eraus ze decidéieren, dass et d'Zäit fir d'Eegenermächtegung an d'Eegebestëmmung ass. Dass et d'Zäit ass fir mäi Wuelbefannen, meng ënnerlech Rou, mäin Eegerespekt anzestoen.
Ech denken an de leschte Joren ass souvill geschitt a jiddereen ass op déi eng oder aner Manéier op seng Grenze gestouss. Bei mir huet sech dësen Event sou fest agepräägt, dass mëttlerweil bei all Grenziwwerschreidung eng Alarm ugeet. Ech si mer bewosst ginn, dass ech selwer iwwert mech, mäi Liewen, mäi Kierper, mäi Geescht well decidéieren an dass dat och nëmmen geet, wann ech déi Verantwortung iwwerhuelen...
Des Woch war d'Thema Grenze setze rëm sou present, dass ech dat Gefill hat, all Dag soss näischt ze maachen...
Wat mer mëttlerweil glaskloer ass, ass dass sou wéi ech, vill Leit ni geléiert hunn hier Grenzen ze setzen, op mannst grad souvill Leit ni geléiert hunn, aner Leit hier Grenzen anzehalen. An ech stelle fest, dass des Leit richteg hefteg dorop reagéieren, wann se mierken, si kréien net déi Opmierksamkeet an Energie, déi si sech vun engem léiwe Mënsch erwaarden.
Wann ech eng Disziplin fir déi olympesch Spiller vum Liewen hunn dierften dëst Joer üben, dann ass et "Grenze setzen". Geet et duer fir eng Medaile? Ech weess et nach net...
Comments