top of page

Hondsdeeg a Léiwportal - D'Energie vum Daag a waat se eis bréngen kann...


Als Hondsdeeg (Daitsch: Hundstage) ass schon emmer den Héischsummer bezeeschent gin: déi Deeg wou d‘ Sonn sech net nemmen nach vun hirer näerender mee och vun hirer destruktiver Säit ka weisen. Dofir war déi Zäit vum 23. Juli bis de 23. August festgehaalen ginn. De Begreff kennt vun do hier, dass dësen Zäitraum urspünglech a Verbindung stoung mam Opgang vun Sirius (den Hondsstär) a vum Stärebild Canis Major (Groussen Hond). Sirius ass den hellsten Stär am Himmel (als klenge Verglach: Sirius ass 1.7 mol méi grouss wéi eis Sonn a ganzer 26x méi hell). Sirius als eenzelnen Stär ze bezeechnen ass och net ganz richteg, et ass en duebelen Stärensystem, bestehend aus Sirius A an Sirius B. Desen Stärensystem läit ongeféier 8,6 Liichtjoeren vun der Aerd eweg.


Seng Positioun um Stärenhimmel ass dovunner oofhängeg, wou een sech den Himmel op der Äerd grad ukuckt, sou wéi der Äerdprezessioun (Variatioun vun der Orientatioun vun der Rotatiounsaxe vun eisem Planéit) a natierlech der Beweegung vum Stäerensytem.


An Alägypten huet den Opstig vun Sirius eng ganz grouss Roll gespillt, well mat sengem Erschéngen d'Iwwerschwemmungen vum Nil annoncéiert gi sinn. Dës waren iwwerliewenswichteg fir de Nildelta.


An der griichescher Antik war Sirius nach ëmmer dee meescht beobachten Stär um Himmel an hat Kultstatus. D’Griichen hunn den Zesummenhang tëschent Sirius an der grousser Summerhëtzt mat engem Mythos erkläert: D’Verschmëlzung vum Feier vum Stär mat de Stralen vun der staarker Summersonn hunn fir des grouss Hëtzt gesuergt.


Haut huet sech déi aktuell Zäit vun den Hondsdeeg an eisen Géigenden duerch d'Äerdprezessioun, em ongeféier 4 Wochen verschiibt. Sou dass dëst Joer den Opgang vun Sirius zu Lëtzebuerg réischt ab dem 30. August ze beobachten ass a wär domat éischter eng Ukënnegung fir den Hierscht.


De Begrëff Hondsdeeg bleift trotzdeem fir deen urspréngleche Zäitraum a fir déi wäermsten Deeg vum Joer erhalen an ass a villen aner Sproochen erëmzefannen (am engleschen: dog days, op franséisch: la canicule an op italienesch: la canìcola…).



Dës Zäit iwwerkräizt sech mat der Zäit vum „Lionsgate“ rsp. Léiwportal. Dat ass allerdéngs keen Zoufall, well dësen spirituellen an astrologeschen Portal deen zanter dausenden vu Joren, bis hin zum alen Ägypten beobachtet an geéiert gouf, steet och rëm am Zesummenhang mat Sirius. Et ass eng Zäit vun groussen energeteschen Iwwerschwemmungen an Aktivatiounen. Ursprénglech stoungen mat der Wiedergebuert vun Sirius, den Orion Gürtel an direktem Alignement mat de Pyramiden vun Gizeh. Verschidden Theorien besoen, dass dat een vun de Grënn zum Emplacement vun den Pyramiden ass, dh. fir kennen genau ze definéieren wéini dëst Alignement zustane koum. Dëst Alignement huet dofir gesuergt, dass e groussen Portal opgaangen ass, deen eng ganz bestëmmten galaktescher Energie mat sech bruet huet.


Bis haut kann een iwwert den héischwierksamen Léiwportal liesen. Och wann mir dëser Deeg an eisen Géigenden nach keen Sirius kenne beobachten, steet en an Alignement mat eiser Äerd an der Sonn an mécht soumat en Portal op, duerch deen di galaktesch Energie duerchfléisst. Den Léiwportal ass beim leschten Neimound den 28. Juli 2022 opgaangen a soll nach bis den kommende Supervollmound, den 12. August undaueren.


Am Intensiivsten ass seng Energie allerdéngs haut, um 08.08. - dësen Datum huet eng staark symbolesch Kraaft, well do treffen 2 Aspekter openeen:

  • den astrologeschen Léiw op deen dësen Datum fällt. De Léiw, als Kinnek vun den Déieren, steet fir d'Muecht an ass e Symbol vun staarkem Wellen an allgemenger Stäerkt. Hee steet als staarkt Feierzeechen och fir d’Sonn, déi de gëttlechen Prinzip representéiert. Wann een den Léif mat der Sonn alchimiséiert, charakteriséiert et den Opstig an d’Erleuchtung;

  • déi duebel Aacht, déi an der Numerologie als ganz potent gëllt. Schliisslech ass d’Aacht och d‘Infinity Zeechen a steet dofir fir den Iwwerfloss an d'Onendlechkeet. An der Numerologie se fir de weltlechen Erfolleg (souwuel materiell als och immateriell) a symboliséiert d’Gläichgewiicht an d’Balance. Harmonie a Sënn fir d’Gerechtegkeet sinn e weideren Aspekt.


Wann een des Aspekter mateneen associéiert, versteet een, dass des Deeg eng ganz besonnesch feiereg Energie mat sech bréngen, a wien sensibel ass, deen spiert dat ganz genee. Den häutegen Dag mat sengen mageschen Aachtecher eegent sech als perfekten Dag fir ze manifestéieren.


Manifestéieren, waat een sech am Meeschten an sengem Liewen, souwéi fir d‘Welt wënscht an dat op allen Ebenen (materiell, emotionell, feinstofflech…).


Dés Feierenergie suergt net nëmmen dofir dass e Portal opgeet, mee och an eisem Energiesystem (Kierper an Aura) ginn all d’Dieren opgesprengt. Spier déi Kraaft no, looss des Feierenergie bewosst duerch dech fléissen a fro, dass se dir bréngt waats du grad am Beschten gebrauchen kanns: Heelung, Rou, Kraaft, Courage, Energie…


Et ass e ganz kraaftvollen Dag an en Neiufank op deem vill nei Iddien oder Méiglechkeeten kennen gebuer ginn, wann et een et zouléisst.


Du kanns och d‘Aacht an déi mächteg Feier Aktivéierung all hire Formen feieren, zum Beispill andeems de der 8 positiv Intentiounen setzt, 8 Saachen visualiséiers fir dech a fir d’Welt, 8 Minuten méditéiers, der 8 Wënsch opschreiws - do sinn denger Imaginatioun keng Grenzen gesaat…


Ech wënschen jidderengem dass e voller neier Iddien a mat guddem Schwong duerch dëse Portal kennt.


Feiereg Gréiss,

Cynthia


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page