Kal Kraiderinfusiounen
- Cynthia
- il y a 7 jours
- 4 min de lecture
Villäicht gehéiers du am Géigendeel zu mir net zu deene Leit di bei 47 Grad nach emmer gäre waarmen Téi schlürfen, mee frees dech bei de waarmen Deeg op eppes méi Frësches.
Kalen Téi mat der “Cold Brew Methode” ze maachen ass ganz einfach. Dofir brauchs du e Behälter an deems du däin Téi dra mëss an dëst mat temperéiertem oder kalem Waasser iwwergëss an dann op mannst iwwert d’Nuecht zéie léiss.
An genee dat selwecht kanns de mat Infusioune maachen, also mat Kraider. Dofir léiss de däi Waasser iwwer Nuecht mat de Kraider zéien an sou hues du den Dag drop deng Infusioun. Dofir kanns du theoretesch souwuel op gedréchent wéi frëscht Planzematerial zréckgräifen, woubäi ech selwer ëmmer nëmme frësch Kraider dofir benotzen.
Virdeeler vun der kalen Infusiounen
De Virdeel vu kalen Infusiounen ass, dass et sech em eng ganz schounend Methode handelt. Beim Téi, wou d’Kraider mat waarmem Waasser iwwerschott ginn ass et ëmmer sou dass Deeler vun der Planz verluer ginn, well déi meescht Planzen einfach immens sensibel op Hëtzt reagéieren. Beim kalen Auszoch huet een déi ganz Eegenschafte vun der Planz.
Well d’Planz iwwert eng länger Zäit am Waasser ass, gëtt och hier Séilenessenz am Waasser iwwerdroen, sou mécht et och absolut Sënn sech och des Aspekter vun der Planz unzekucken.
Wéi eng Wëllkraider kann ech dofir notzen?
Prinzipiell kanns du all rei iessbaart Kraut dofir notzen. Am Endeffekt ass et eng Affaire de Goût wat dir schmaacht. Natierlech kanns du däin infuséiert Waasser mat Friichten uräicheren oder verschidde Kraider matenee mëschen.

Wéi eng Wierkung ?
Deng Infusiounen eleng op hire Goût ze reduzéieren, wär wierklech schued, well all Planz huet eng Wierkung op de Kierper sou wéi op de Geescht. Ech ginn hei nëmme kuerz op déi bekanntst Kraider an. Natierlech huet all Planz nach vill weider Wierkungen.
Brennnessel
Op materieller Eeben hëlleft d’Brennnessel de Kierper ze entschlaken a reegt d’Nierefunktioun un. Wichteg ass bei Brennnesselwaasser ëmmer, genuch Waasser niewendrun ze drénken, well si de Kierper duerchspullt. (No 3 Woche Paus maache bei grousse Quantitéiten.)
Op séilescher Eeben kann d’Brennnessel dir beim lasszeloossen Hëllef spenden. Si huet eng grouss schützend Wierkung an ënnerstëtzt dech och doran, kloer Grenzen ze setzen.
Pissblumm
Änlech wéi d’Brennnessel reegt d’Pissblumm d’Nierefunktioun un. Si ass allerdéngs mei douce wéi d’Brennnessel. Fir däi Waasser kanns du souwuel d’Blieder, de Still wéi d’Bléien uwenden.
Op séilescher Eeben ass d’Pissblumm immens stäerkend a bréngt Freed. Si wierkt op eise Solarplexus a kann dech grad dann ënnerstëtzen, wann et dir u Selbstbewosstsi feelt. Si hëlleft der am Wand vum Liewe riicht ze stoen.
Doftveilchen
D’Doftveilche wierkt bludddrocksenkend, schläimléisend a bluttrengegend.An der Zäit war d’Veilchen e beléiften Aphrodisiakum.
Op d’Séil wierkt d’Veilche ganz zaart. Si ass berouegend an hëlleft ze entspanen. Si mécht ganz douce d’Häerz op, berouegt domat d‘Gemitt an erhéicht d’Sensibilitéit op allen Eebenen.
Hambierblieder
Hambierblieder hunn eng entzündungshemmend a zesummenzéiend Wierkung. D’Hambierblieder hëllefe bei Duerchfall. Si stäerken d’Gebärmutter an d’Beckebuedemmuskulatur a sinn dowéinst e beléiftent Fraekraut. Si gehéieren dowéinst och zu de wichtegen Heelkraider wärend der Schwangerschaft. Duerch hier krampfléisend Eegenschaft kann si awer och bei PMS a Menstruatiounsbeschwerden berouegend wierken.
Op séilescher Eeben wierkt d’Hambiersplanz schützend an hëlleft Grenzen ze setzen. Si wierkt entspanend an hëlleft mei eng locker Astellung ze hunn.
Waldmeister
De Waldmeister gehéiert zu de groussen Heelplanze mat grousser Wierkung. E wierkt ureegend, verdaungsfuerdernd, krampfléisend, bluttrengegend, schloffuerdernt a berouegend.
Op d’Séil huet en eng euphoriséierend Wierkung, als Meekraut am Héichpunkt vum Fréijoer verdreift e Schwermut a Melancholie.
Waldmeister enthält den Aromastoff Cumarin an dësen ass an enger héijer Doséierung gëfteg. Et ass also net fir des Infusioun am Iwwermooss ze drénken, wat zu Kappwéi kéint féieren. De Walmeister ernt een zu dësen Zwecker och am beschten éier en an d’Bléi kennt.
Wäissdorn
Beim Wäissdorn kann een d’Blieder, d’Bléien an d’Friichten notzen. Well all Deel vun der Planz bësse verschidden Zesummestellungen huet fënnt ee bei fäerdege Mëschungen ëmmer déi 3 Bestanddeeler. Am Fréijoer kann een déi jonk Blieder souwéi d’Bléihen plécken, d’Friichte kann ee réischt am Hierscht ernten.
Kierperlech ass de Wäissdorn ass virun allem vir seng Wierkung op d’Häerz beléift: e wierkt stäerkend, bluttdrocksenkend a kreeslafstäerkend.
Op energeetescher Eebene huet en natierlech och eng Wierkung op eisen Häerzchakra an hëlleft dësen ze stäerken, zum Beispill bei Trauer, Trennungen a Verloscht. En huet eng entspanend an angschtléisend Wierkung.
Hielennerbléien
Den Hielenner huet eng Wierkung op d’Blos an d’Nieren. En ass schweessdreiwend, bluttrengegend, fuerdert de Stullgang an hëlleft bei Houscht.
Op séilescher Ebene wierkt en schützend, berouegend bei Angschtzoustänn. Se wierke stëmmungsophellend an hëllefe bei Schlofproblemer.
Stinkender Storchschnabel
Des Planz wierkt bluttrengegend an hëlleft bei Duerchfall. Am Waasser hëlleft en de Kierper ze entgëften an entschlaken. Duerch des entgëftend Wierkung ass dëst Kraut beléift fir e Kannerwonsch ze ënnerstëtzen.
Och op séilescher Eebene kann ee vu senger Entgëftungskraaft profitéieren, well e kann hëllefen traumatiséierend Erliefnisser an déi doraus entstoend Blockaden ze léisen.
Villäicht fills du dech nach immens onsécher wat Wëllkraider ugeet a wëlls dir puer Kraider an däi Gaart oder op deng Terrasse setzen.
Zitronenmelisse
Zitronenmelisse ass antibakteriell. Si wierkt berouegend an entspanend, ouni midd ze maachen. Si wierkt entkrampfend, wat besonnesch bei verkrampften Muskelen, Stullgangproblemer an Ennerleifproblemer am Zyklus kann hëllefen.
Op eis Séil hëlleft si och festgefuere Gedanken a Suergen ze entkrampfen a bréngt Rou. Si hëlleft bei Onrou, Ängscht, Stress a Schlofstéierungen.
Peffermënz
Peffermënz huet eng krampfléisend Wierkung, déi sech op eis Verdauung spierbar mécht. Si reegt d’Liewer- a Gaalefunktioun un an hëlleft bei Blähungen. Si ass keimtötend, nervestäerkend a schmäerzlindernd. Duerch séng thermesch Wierkung ass e killend a suergt dofir grad bei waarmen Deeg fir eng Ofkillung.
Op eis Séil huet en eng erfrëschend Wierkung, si mécht de Kapp fräi an hëlleft der Konzentratioun.
Rosmarin
De Rosmarin wierkt apetitureegend. En ënnerstëtzt de Kreeslaf a stäerkt d’Nerven.
Op eis Séil huet en eng berouegend Wierkung a ka bei liichten Depressiounen, Angschtzoustänn a Schlofstéierungen Hëllef spenden. E wierkt stimuléierend op Kierper a Geescht.
Basilikum
De Basilikum ass virun allem fir seng Wierkung op eis Verdauung beléift a wierkt verdauungsfuerdernt an apettitureegend.
Op séilescher Eebene wierkt e nerveberouegend a schenkt en eis Mutt, sech de schwieregen Zäiten am Liewen ze stellen. En ass schloffuerdernd.
Oregano
Oregano ass e bekannten „Bakterienkiller“ a kann sou villsäiteg agesat ginn. En huet eng verdauungsfuerdernt Wierkung.
Op eis Séil wierkt e berouegend a stëmmungsophellend.
Ech hoffen du hues domat genug Inspiratioun kritt fir d'Infusiounen fir dech ze probéieren.
Comentários