top of page

LOKAL RÄUCHERALTERNATIVEN


Well ech a mengem leschte Post doriwwer geschriwwen hunn, dass ee kee wäisse Salbei oder Palo Santo misst hunn fir säin doheem oder seng Aura wierkungsvoll energeetesch ze rengegen, knüpfen ech dorun un a wollt domat e puer kraaftvoll Alternative proposéieren.


Wat ee räuchert, hänkt virun allem vum eegene Geschmaach of - wat fir deen ee gutt richt, léisst deem nächsten d'Nues rompelen.


Ech si mer och duerchaus bewosst, dass net jiddereen zum Heelkraiderspezialist well oder ka ginn an seng Kraider selwer sammele well, mee vläicht hues du e klenge Gewürzgaart oder puer Kraider fir ze wierzen op der Terrass an enger Jardinière stoen, oder dëst ass en Impuls, dass de dat nächst Fréijoer kéints ëmsetzen. Déi gängegst Kraider, déi s du wahrscheinlech scho kenns fir ze wierzen, kanns du och wonnerbar benotzte fir ze räucheren. Dofir mussen se natierlech komplett dresche sinn.


Ween déi Méiglechkeet guer huet, fënnt des Kraider ganz einfach am Buttek am Würz- oder Téiregal. Ech leeë perséinlech drop Wäert nëmme Räucherwierk an enger Bio Qualitéit ze benotzen, engersäits ass dësen méi héisch energeetesch, anersäits gi beim räucheren Gëftstoffer vu belaaschte Kraider fräigelooss, déi da mat ageotemt ginn.



Rosmarin, Oregano a Thymian


Elleng mat dësen 3 huet een en zimmleche Kraftpacket zesummen. Se wierken allen 3 staark rengegend a kennen dofir perfekt fir energeetesch Haus- an Aurarengegungen agesat ginn. Des déif Rengegung gett dann nach zousätzlech vun der schützender Wierkung vun dëse Kraider verstäerkt.


Duerch hier antiseptesch Wierkung ass dësen Damp och ideal fir doheem d'Loft ze rengege wann een zB. eng Erkältung am Haus huet.


De Rosmarin ass eng vun de ganz alen a bewäerte Räucherplanzen an gëllt als Ersatz zu Wäirauch, dh. säin Damp wierkt a séinend, heescht Raim a Géigestänn kennen domat geséint ginn.


Den Oregano wierkt stäerkend a bewierkt esou, dass ee manner ugräifbar ass.


Den Thymian wierkt opbauend a kann engem Mutt an Zouversiicht schenken.



Salbei


Hei schreiwen net iwwert de wäisse Salbei, awer iwwert eise gängege Salbei, den echte Salbei ((alvia officinalis) deen a ville Gäert erëmzefannen ass a sech perfekt zum räucheren eegent.

Och den Damp vum Salbei ass fir seng rengegend Wierkung bekannt a kann dofir fir energeetesch Haus- an Aurarengegungen agesat ginn. Dozou wierkt e beliewend, en ënnerstëtzt d'Konzentratioun a kläert de Bewosstsinn.



Lorbeer


Lorbeer räucheren ass schon an der Antik gemaach ginn: D'Priisterinen vum Orakel vun Delphi hun Lorbeer geräuchert fir hier Visiounen ze ennerstëtzen. Nierft sénger rengegender, schützender a stäerkender Wierkung, hëlleft sain Damp, Wäissheet ze erlaangen.



Peffermënz


Peffermënz wierkt ausdreiwend a klärend bei energeetesche Räucherungen. Des weidere wierkt säi Damp erfrëschend op de Geescht an hëlleft esou sech besser ze konzentréieren.



Zitrounemeliss


Zitrounemeliss kann negativ Energië positiv ëmwandelen. Säin Damp wierkt berouegend an angschtléisend. Si kann Trouscht spenden, bei Häerzensugeleeënheeten zum Beispill.



Wacholder


Fir ze räucheren eegnen sech seng Zweigen, Nolen a Bieren. Des Räucherung war zanter Joerhonnerten bekannt a geschätzt - Spideeler si ganz laang mat Wacholderräuscherungen desinfizéiert ginn. D'Leit hunn seng Kraaft och benotzt fir sech virun Dämonen, Hexen, Krankheeten a Verfluchungen ze schützen. Des Kaaft kann een sech haut nach zu notze maachen, wien net u béis Geeschter gleeft kann vu sengem Schutz viru béisen Energië vu schlechtgesennte Leit an Näid profitéieren.



Lavendel


Lavendel wierkt rengegend a klärend. Säin Damp wierkt berouegend, angschtléisend, schloffuerdernd, klärend op Kierper a Geescht.



Bäifouss


Ech kann des Rei net ofschléissen, ouni de Bäifouss nach emol ze erwänen. Ech hu scho vill iwwert des magesch Planz geschriwwen. Ween kee Bäifouss a sengem Gaart wuessen huet an och net weess, wou en es an der Natur fënnt, kann sech entweder un seng lokal Kraiderhex wenden oder fënnt es an de Räucherbuttécker (gegebenfalls iwwert Internet).


De Bäifouss ass staark rengegend an eegent sech domat perfekt fir energeetesch Rengegung. En ass staark schützend, äerdend a suergt fir e gudde Schlof. E verbënnt mat der Weiblechkeet a mat der magescher onsiichtbarer Welt a vereinfacht dëse Kontakt. Fir mech ass et eng Planz, déi ech mer net méi wechdenken kéint, méi iwwert de Bäifouss kanns de hei liesen: De Bäifouss - Artemisia





Natierlech ass des Lëscht nëmmen e klengen Deel vu lokale Kraider, déi ee räucheren kann, an ech sin gezielt net vill op d'Wëllkraider agaangen, mee op Kraider, déi fir all net Kraiderkennegen bekannt an accessibel sinn. Ech hoffen ech konnt der domat eng kleng Iwwersiicht verschafen an der weisen, dass ee ganz gutt ouni Palo Santo oder wäisse Salbei sech a säin Haus energeetesch rengege kann.



Vill Spaass beim Räucheren,


Cynthia




留言


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page