Um Virowend zum 1. August gouf traditionell Lughnasadh, dat éischt grousst Ernefest gefeiert. Lughnasadh ass e Moundfest a gehéiert zu de 4 urspréngleche keltesche Joreskreesfester a läit am Krees tëschent Beltane a Samhain an géigeniwwer dem Fest Imbolc.
Ech hat a mengem Post iwwert d’Summersonnewend geschriwwen, dass dëst d‘Zäit vum Genoss, der Liichtegkeet a vun der Fülle wär. Genee déi Zäit geet elo op en Enn, et kennt elo d‘Zäit vum Fläiss, well et rëm un d’Aarbecht geet elo wou déi éischt Ernten prett stinn. Laut der keltescher Traditioun gëtt elo de Weess fir de kommende Wanter geschnidden an dat éischt Erntefest dierf dobäi net feelen. En zweet Erntefest kennt dann am Hierscht: Mabon.
Wann een den heedneschen Joreskrees betruecht, da gesäit een dass mir eis an der Mëtt befannen tëscht der Summersonnewend (21.06) an der Hierscht Daag- a Nuerchtglaicht (21.09). Och wa mir eis kallennerteschnesch voll am Summer befannen, markéiert des Fest awer, den Iwwergang an d’Hierschtenergie mat der Hoffnung op eng räich Ernte. Fir de moderne Mënsch, deen dat ganzt Joer Äerdbier am Supermarché ze kafe kritt, ass dee Konzept vläicht friem, mee fir eis Anen war des Zäit vum Joer immens wichteg, well den Ertrag vun der Ernte entscheedend war, wéi einfach oder schwéier et géif ginn fir iwwert de Wanter ze kommen. Si waren mat hire Felder an der Natur déif verbonnen an hunn des Fester och fir hier spirituell Praxis genotzt: déi liichtend gëllen Felder sinn zelebréiert a geséint ginn an et huet een d’Gëtter gebiet, ee räich ze beschenken. Donieft sinn och aner Preparatiounen ugelaf: Friichten, Kraider a Bléien sinn gesammelt a gedreschend ginn, des Kraider sinn entweder gedreschend (fir Téi) stockéiert oder zu Tinkturen weiderverschafft ginn fir dass d’Hausapdikt prett wier fir all méiglech Wanterkränkten. Och de Som fir déi nächst Aussot ass gesammelt a gehale ginn.
Den Numm Lughnasad ass op de Sonnegott LUGH (der Leuchtende) zeréckzeféieren. An der keltescher Mythologie huet dësen um 1. August alljärlech Fester zum Doudesdag vun senger Fleegemamm Tailitiu, déi vun de Mënschen als Fruchtbarkeetsgëttin veréiert gouf, agefouert. Si huet sech fir dat irescht Vollek geopfert a gouf zanter deem op dësem Dag getrauert a gefeiert. Op hirem Doudebett huet si prophezeit, dass et an Irland ëmmer Musek géif ginn soulaang Mënschen Lughnasadh géife feieren. Dëst mécht Lughnasad also zum Fest vun der grousser Urmamm.
An der heednescher an druidescher Traditioun stoung dëst Fest fir d’Verehrung vum Korngott, deen sech als Aspekt vum Sonnegott fir d’Ernte geopfert huet an elo vun senger Mamm, der schwangerer Urgëttin, getrauert gëtt. Duerch seng Opferung geet d’Sonnekraaft an d’Äerd iwwer a gëtt bei senger Neigebuert a Form vu Getreide a Planzen nees an d’Liewen geruff. Domat steet déi helleg Verbindung tëscht dem helleg Männlechen (Himmel) a Weiblechen (Äerd) Prinzip, déi fir neit Liewen suergt, rëm em Mëttelpunkt.
Bei de Germanen gesäit et nach bëssen anescht aus: Den Loki ass den nordgermanesche Pendant vum Gott vum Feier. Iwwert de Loki géif et vill ze schreiwe ginn, do ginn et och vill verschidden Variatiounen an Interpretatiounen. Hien gehéiert zu den Asen Gottheeten, oft gëtt awer gesot, dass hien vun de Risen ofstaamt an net dem Odin säi leiflechen Jong ass. Fakt ass dass de Loki net veréiert ginn ass, a ganz anescht wéi bei sengem Brudder, Thor (de Gott vum Donner), ass et keen Lokikult ginn. E gëtt oft als schéin, gescheit an hannerlëschteg beschriwwen a kann seng Gestalt belibeg veränneren. Sou wéi seng Gestalt, ass och seng Funktioun wiesselhaft an ëmmer den Ëmstänn entspriechend (rsp. sou wéi et him grad gutt kennt). An der germanescher Mythologie war d’Bild vu gutt a schlecht en anert wéi haut mee et kann ee mat Sécherheet behaapten, dass de Loki mat sengen Ligegeschichten an Tricker dofir gesuergt huet, dass et deenen anere Gëtter net langweileg ginn ass. Zréck zum Thema, de Loki huet dem Sif, der Fra vun sengem bekannte Brudder Thor, hier schéin laang Hoer ofgeschnidden. Fir säi Brudder, deen bekannt ass fir seng gewaltsam Wutausbrech, ze besänftegen, huet de Loki sech mat den Zwergen zesummegedoen an huet si gefrot, gëllen Zauberhoer als Ersatz ze fäerdegen. D’Zwergen sinn zwar (nach ëmmer laut de Germanen) hässlech Wiesen, mee keen ass kënschterlech an handwierklech sou begaabt wéi si – si hunn nämlech magesch Kräften. Déi gëllen Hoer stoungen natierlech fir déi gëllen Getreidefelder an doduerch ass d’Sif zur Erntegëttin ginn. Dat passt natierlech bei der Roll vun hirem Mann Thor, deen als den Donnergott, och de Gott vun der Vegetatioun ass an de néidegen Reen am Summer bréngt, fir dass alles gutt wuessen kann. Dofir war den Thor dem Bauerevollek sou wichteg.
Iwwersat gëtt Lughnasad oft mat „Hochzäit vum Liicht“, dofir ass et och kee Wonner dass vill Hochzäiten, sou wéi dat schonn op Beltane de Fall war, op deem Dag gefeiert gi sinn. Witzeg och, dass op deem Dag "Testbestietnesser" geschloss gi sinn, dh. et hat een genee ee Joer Zäit – bis deen nächsten Lughnasadh - fir ze bewäerten op dest Bestietnes eng Chance hätt oder net. Schliisslech huet deen oft laange schwéiere Wanter séier ze verstoe ginn, wien ee gären a gutt op senger Säit huet oder net.
Allgemeng wësse mir, dass eis Anen woussten, wéi hier Fester ze feieren waren an sou ass et kee Wonner, dass dëst Fest grouss gefeiert ginn ass. Wéi een sech et beim Liichtfest denke kann, handelt et sech och erëm wéi beim Fest Beltane em e Feierfest, dh. et ass sech, soubal d’Sonn ënnergaangen ass, em d’Feier versammelt ginn. Nieft dem Séinen vun de Felder an dem Bieden vun de Gëtter, si grouss Festivitéiten gehale ginn. Et sinn Altär dekoréiert ginn, mat Kierf déi voller Getreide a Friichten waren. Et ass Brout gebak ginn an en Deel dovunner ass an der Äerd begruewe ginn. Eis Anen wossten, wéi wichteg et ass, net nëmmen vun der Äerd ze huelen, mee och an Dankbarkeet eppes zréckzeginn. Natierlech ass wéi sou oft op dëse Fester vill giess ginn. An och den Happ ass a Form vu Béier gefeiert ginn, et huet een méi wéi ee Patt op d’Gëtter gedronk, seng Dankbarkeet ausgeschwat an net vergiess hinnen auszeschenken. Et ass déi ganz Nuet gesongen a gedanzt ginn.
Wéi schonn bei deenen anere Fester war et sou dass déi feinstofflech Energien ganz gënschteg waren an Priisterinnen an Druiden dat zu hirem Notzen gemaach hunn fir hier Zeremonien an Ritualer ofzehalen.
Déi kathoulesch Kierch huet probéiert vun dese Festivitéiten mat den Mariafeierdeeg (Frauendreissiger, Maria Himmelfaart) ofzelenken, wat awer net iwwerall gelongen ass. Well si awer d’Kräften vun Druiden a Priisterinnen gefaart hunn, hunn si – wéi scho bei Walpurgis – probéiert en Onglécksdag aus dësem Fest ze maachen an hunn de Sonnegott Lugh mam Däiwel verglach - et kann ee souguer noliesen dass Lucifer duerch Iwwersetzungsfeeler aus dësem selwechten Numm erstane wär. Wat och géif erklären wisou dëse Feierdag – op mannst bei eis – net méi ganz bekannt ass. Bis haut gëtt dëst Fest awer nach op verschidde Platzen gefeiert, notamment an Irland a Schottland.
Lughnasadh, gëtt haut och Erntedank-, Schnëtter- an Opferfest genannt.
Op verschidden Plaatzen am engleschsproochege Raum, gouff vun der kathoulescher Kierch Lammas - aus dem angelsächseschen hlaef-masse (dh. d’Mass vum Broutlaif) embenannt an als Fest vum Brout iwwersat. Dëse Bëgreff ass och vun der Wiccabeweegung iwwerholl ginn.
A mengem nächste Post scheiwen ech, wéi mir dës Energien fir eis emsetze kennen.
Bis geschwenn,
Cynthia
Comments