top of page

Wéi kenne mir d'Zäitqualitéit vun LUGHNASADH fir eis notzen?


Wann een sech un di al Traditiounen vun eisen Anen hält kann een déi Deeg em den 1. August notzen fir e Feier ze maachen, Brout ze baken, Kraiderbouquet’en ze bannen, e Fest ze feieren a Béier ze drénken. Et ass awer och en ideale Moment fir Zäit an der Natur ze verbréngen an eis Dankbarkeet ze weisen.


Et kann een an d’Natur goen an sech mat all denge Sënner verbannen: Spier d’Sonn an d’Loft op denger Haut, d’Wiss oder de Buedem ënnert denge Féiss (dat geet am beschte Buerféiss), pak de Bam un a spier seng Textur, wéi spiert déi sech un? wéi richt et? wat héiers de? wat gesäis de? Probéier Klengegkeeten ze entdecken, net just iwwerflächlech ze kucken, lauschteren oder spieren, géi e Krack méi déif an deng Sënner eran a probéier dech richteg mat der Natur ze verbannen.


Et ass en ideale Moment fir der Natur seng Dankbarkeet ze weisen. Dëst kann een op vill Aart a Weisen maachen: sou wéi eis Anen et gemaach hunn, kann een e Stéck Brout mat an d’Natur ginn, wien net gebak huet kann awer och zum Beispill Friichten a puer Nëss als Opfergabe ginn. Et kann een e klenge Mandala aus Bléien leen an dobäi seng Dankbarkeet ausschwätzen, e Lidd sangen, en Instrument spillen. Allgemeng zielt ëmmer d’Intentioun vun der Dankbarkeet a jiddereen kann sech do vun sengem Bauchgefill leeden loossen.


Kraiderteschnesch gesinn si mer nach emmer am Heischpunkt vun der Kraidersaison an dofir sin d’Kraiderfraen a -männer em des Zäit vill beschäftegt. Allgemeng war et emmer Traditioun Kraiderbouquet’en ze bannen, och dest ass eng schéin Manéier sech mat der Natur ze verbannen.


Dëst ass d’Fest vun der Urgëttin an de ganzen August ass e wichtegen Fraemount wou een séng eegen Weiblechkeet feieren därf. Elo ass eis Aerd an eise Géigenden an hierer heechste Kraaft, Fruuchtbarkeet an hierer gréisster Schéinheet. Dës Energie dierfe mir roueg an eis siche goen a grouss feieren.


Op der feinstofflecher Ebene kann een vun deser Energie profitéieren, fir sech mam Onsichtbaren ze verbannen. Räucherungen geheieren fir mech ganz fest an des Zäitqualitéit. Divinatiounen, schamanesch Reesen sin aner wonnerbar Méiglechkeeten.


An esou wéi de Wees an desem Zäitraum geschnidde gett, kanns och du dëse Moment notzen fir an déngem Liewen ze kucken, wou se mat denger Ernte dru bass.


Am Fréijoer hu mir eise Som geplanzt, elo kenne mir kucken, wéi eng Kären gutt gewuess sinn oder net. Vläicht hu mir och Kären geséint a mir kenne näischt mat deem ufänken wat doraus gewuess ass… Et ass d’Zäit fir sech Gedanken ze maachen wats de an deen nächsten Zyklus vum Joer, rsp. vun dengem Liewen wëlls mathuelen, wats de wëlls lasszeloossen. Och fir sech z’iwwerleeë, wéi ee Som net gewuess ass a wisou. Hues de dech net genuch dorëms gekëmmert? War et der net wichteg genuch? Bass de traureg doriwwer oder fills de dech vläicht erléist dass doraus näischt ginn ass?


D'Zäitqualitéit bréngt déi néideg Energie fir des Retrospektiv ze maachen a schenkt dir déi néideg Konsequenz a Kraaft fir dech vun deem ze trennen, waats de net méi weider op däi Wee wells huelen. Et ass de richtege Moment fir sech einfach dovunner bewosst ze ginn an sech elo vun deem ze befreien waat eis net weiderbréngt.


Mat der Kraaft vun der Schnitterin, wou hier Sechel hellt an e kloeren Schnëtt mecht, kanns du daat och an dengem Liewen maachen. Looss all Zweifel op der Säit a maach de Schnatt deens de muss maachen fir méi liicht weiderzekommen. Du kanns dir dese Schnatt och visualiséieren an en mat enger Sechel oder engem Messer duerchféieren. Déi aal Energien kanns du dann dem Feier, der Loft oder dem Waasser iwwerginn… Egal wéis d'et mess - raus domatt aus dengem Liewen.


Nodeems de dech vun deem getrennt hues wous de net mathuele wëlls kanns de dech denger Ernte widmen an der bewosst ginn woufir dass de dankbar bass. Wat hunn déi läscht Méint der bruet? Wat hues de geléiert? Wat hëls de mat op de Wee?

Wéi bei all Feierfest kanns de der bewosst maachen woufirs de brenns. Wéi ee Feier soll dech am Wanter gutt waarm halen?

Et mécht duerchaus Sënn sech eng Käerz unzemaachen an all des Gedanken schrëftlech festzehalen.

Du mëss elo déng Reserven an stells der der déi wichteg Froen wat deng nächst Schrëtt sinn - wous du hiwëlls a wats de dofir brauchs, rsp. wats de brauchs fir gutt a gesond iwwert de Wanter ze kommen.

An och wien keng Zäit/Loscht huet op engem Méinden sech mat dësen Themen ze beschäftegen, déi Zäitqualitéit ass net nëmmen op dësem eenzegen Dag ze notzen... Eis Virfahren haten och kee festen Kalenner. Du kanns dir einfach bewosst sinn, dass dat do déi aktuell Themen sinn fir déis du dir an dësen Deeg Zäit kanns huelen wanns du der et wënschs...

Ech wënsche jidderengem e wonnerschéinen Iwwergang,

Friichtvoll Gréiss,


Cynthia

Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page