top of page

LUUCHT AN DÄISCHTERHEET / LIGHT AND DARKNESS (LU/ENG)




Dëst ass en Thema, wat mech scho ganz laang beschäftegt... laang Joren hunn ech mech ganz strikt géint déi däischter Zäit vum Joër "gewiert" (wéi wann ech domat en Afloss drop hätt an d'Joer géif stoe bleiwen...), mam Resultat dass et mir natierlech déi Zäit guer net gutt gaangen ass... virun 2-3 Joren hunn ech ugefaangen, mech emmer méi mat deem Thema unzefrënden...


D'Däischterheet dobaussen unzehuelen ass domatt verbonnen, séng eegen Däischterheet ze erkennen an sech se genau unzekucken fir se kennen zouzeloossen... jiddereen huet däischter Undeeler, dat gehéiert nun emol zum Mensch-sinn, mee leider ass et sou dass mir déi däischter Ecker oft léiwer ignoréieren. Wann een awer well a senger Weiderentwécklung weiderkommen, ass et wichteg all seng Undeeler unzehuelen, daat heescht soumatt net nemmen déi schéin, frëndlech a liicht Aspekter, mee och déi däischter, ellen an schmerzhaft... Wéi bei sou villem, herrscht och hei den Prinzip vun der Dualitéit an d'Meeschterprüfung besteet eben doranner, seng Balance tëschent deene 2 Poler ze fannen, well mir brauchen eben all eis Aspekter fir "komplett" an authentësch ze sinn...


Wat déi däischter Joreszäit ugeet, d'Natur mécht eis et elo genee fir: alles geet méi lues, d'Energie vun de Beem gi nees an de Stamm zréck, déi vun de Planzen an d'Wuerzelen, d'Déieren preparéieren sech op de Wanter a sichen sech eng Bleif oder stellen sech lues awer secher op de Wanterschlof an... alles geet an de Réckzoch. A mir Mënschen dierfen eis och dorunner Beispill huelen.


Leider dierfen déi meescht vun ons net an de Wanterschlof, mee trotzdem kann een eppes fir sech aus déier Zäit eraushuelen:


Et ass och elo fir eis Zäit fir an eise Kär zréckzekommen, a wann een dofir bereed ass, déif an de Réckzoch an an d'Introspektioun ze goen. Fir en aaneren heescht et vläit och nemmen, sech e Moment fir sech a säi Wuelbefannen ze gënnen, sech einfach ze erlaben méi lues ze goen, an och emol stoen ze bleiwen amplaz an dëser mëller Welt wéi tollwüteg emmer nemmen weiderzerennen...


Ech wënschen ierch all, dass dir iech déi Zäit huelt an an d'Rouh kommt. Ech denken, et ass elo méi wichteg wéi jeh zevor.


liichtvoll Gréiss,

Cynthia




This is a subject that has been following me for quite a while now... for many years it was a fact that I simply couldn't cope with the dark period of the year. I was totally unable to let summer go, which turned into a strange form of resistance (as if I could have any influence on it and the year would just stand still because of my decision), with the result that of course I did not feel well at all when the time came... 2-3 years ago, I started digging into the subject...


Interestingly enough, accepting the darkness outside is deeply connected with recognising one's own darkness and looking at it closely in order to allow it to exist instead of simply ignoring it. Because if you are on a path of personal development, it is important to accept and include all your parts - not only the beautiful, friendly and lightful aspects, but also the dark, ugly and painful... As with so many other things on this planet, the principle of duality is applied here and mastering it means that you'll have to try finding balance between these two poles, because we need ALL our parts in order to be "complete" and authentic...


As for the darker season, nature shows us how it's done: as everything has started turning slower now, the energy of the trees goes back to the trunks, that of the plants goes back to the roots, the animals prepare for the winter and look for a place to stay or hibernate... everything goes into retreat. And we humans can take an example from this.


Unfortunately, most of us are not allowed to go into hibernation, but we can still get something out of this precious time:


Now is the perfect time for us to return to our core, and - if we are open to it - to go deep into retreat and introspection. For someone else, it might just mean taking a moment for selfcare, or simply allowing themselves to slow down for a moment, and even - why not - to stand completely still for a while instead of just running on like a mad creature in this crazy world...


I wish you all take the time you need to rest and take care of yourself. I think it's even more important now than ever before.


lightful greetings,

Cynthia





DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page