top of page

SAMHAIN: Vereenegung vun de Welten

Elo steet Samhain scho virun der Dier an obwuel ech éischter e Fréijoers- a Summerkand sinn, muss ech soen, dass ausgerechent déi Feierdeeg vun der donkeler Joreszäit, a grad Samhain mech ganz besonnesch unzéien a begeeschteren.


Dat Fest Samhain, wat traditionell um Vierowend vum 1.11. gefeiert gouf, ass eent vun de véier groussen Feierfester am kelteschen Joreskrees. Et fënnt genee tëscht dem Hierschtequinox an der Wantersonnewend statt a steet symbolesch fir den Ufank vun der däischterer Joreszäit a markéiert domat och den Enn vun der Erntesaison: spéitstens elo sollt alles gesammelt a gepléckt, dreschen agepaakt a fir de kommende Wanter stockéiert sinn. All d’Aktivitéiten ginn ab elo definitiv vun dobaussen no bannen verluecht an d’Déieren ginn vun de Weeden zréckgeholl an elo ass decidéiert ginn, wéivill dovun een duerch de Wanter fiddere konnt rsp. wéivill hu missen geschluecht ginn.


Och am Heelkraiderwëssen gëllt dësen Datum als offiziellen Zäitpunkt ab deem keng Kraider méi gesammelt gi. Dat mécht och Sënn, well déi Kraider déi lo nach ze fanne sinn, duerch dee ville Reen an déi wéineg Sonnestonnen mëttlerweil ganz wéineg Heelkraaft besetzen.


Texter iwwert dëst Fest fënnt een schonn a ganz alen ireschen Schrëften, dofir kann een dovunner ausgoen, dass et op mannst säit der Antik - a warscheinlech nach éischter - fir eis Anen vu grousser Wichtegkeet war. Op alle Feierdeeg vum Joreskrees ass de Schleier tëschent der materieller an der feinstofflecher Welt ganz dënn, wat erméiglecht gutt an einfach Kontakt mat der net siichtbarer Welt opzehuelen. Dat ass bei Samhain ganz besonnesch staark gepräägt, et kann een oft Liesen, dass op dësem Datum keng Grenzen tëschent de Welten méi gëtt an d’Geeschter fräi tëschent d'Welten reesen kennen. Dofir gett och oft gesoot dass Samhain fir d'Vereenegung vun de Welten steet.


D’Wuert Samhain, wou iwwregens „sa-wuein“ ausgeschwat gëtt (mat engem engleschen w wéi am Wuert wind), staamt aus dem alen Ireschen Samain oder Samuin. Sou waren d'Festlechkeeten op mannst am Mëttelalter an Irland benannt. Wat d’Bedeitung vum Wuert ugeet, do ginn et puer Spekulatiounen. Eng dovunner ass dass d’Wuert aus de Wierder sam (Summer) an fuin (Enn) zesummegesat wär an esou „Enn vum Summer“ géif heeschen. Et fënnt een awer och vill aner Bedeitungen an am Endeffekt ass et schwéier ze wëssen, wat dovunner Volleksglawen oder Wourecht ass. Dat Eenzegt wat sécher ass: dat traditionellt Keltefest ass vill méi al wéi de Begrëff Samhain. Dëse gouf an de 50er Joren duerch de Wicca Kult bekannt.





Mythologesch gesinn steet den Doud am Mëttelpunkt, well do ass et sou dass op Samhain den Jeeër, den Joereskreeskinneck (representéiert duerch de Sonnenhirsch) erschéisst an seng Fra, d'Vegetatiounsgëttin mat an d'Ënnerwelt schleeft (Persephone Mythos).


An och an den heednesche Bräich fanne mir den Doud erem. Wuel si bei dësem Fest grouss Feieren ugefaange ginn, iwwert déi, sou wéi scho bei Beltane, d’Leit mat hire Kanner a Béischten gespronge sinn fir sech ze rengegen. Mee nierft dem Aspekt vun der Rengegung, ass an des Feier e Rat verbrannt ginn. Dëst stoung bildlech fir d’Sonn déi sech elo an de Réckzoch geet, respektiv elo stierft fir nees mat der Wantersonnenwende zréckgebuer ze ginn.


Doheem ass am familiäre Kader weidergefeiert ginn: et ass e Familienaltor opgestallt ginn an d’Anen si grouss geéeiert ginn. Soubal et däischter ginn ass, sinn Käerzen bei de Fënsteren an den Dieren ugefaange ginn, fir dass déi Séilen hire Wee zréck bei hier Léifst géife zréckfannen. Den Dësch ass gedeckt ginn an do ass net vergiess ginn, och fir déi Verstuërwen eng Platz um Dësch ze reservéieren. Wann een enger besonnescher Persoun wollt gedenken, ass hiert Liblingsiessen gekacht an servéiert ginn. Um Familienaltor sinn de Léifsten hier Liblingsiessen oder Leckereien higestallt ginn.


Och fir d’Druiden an d’Priisterinnen war dëst Fest extrem wichteg an huet als magesch - wann net souguer helleg - gegëllt. Doduerch, dass wéi gesot keng Grenzen tëschent de Welten waren, huet sech dee Moment perfekt gëeegent fir mat der onsiichtbarer Welt a Kontakt ze trieden, Ritualer, schamanesch Reesen an Orakelen ze maachen.


Et ka keen Zoufall sinn, dass ausgerechent em dësem Zäitpunkt op ganz ville Platzen vun der Welt, deemools wéi haut, déi Verstuerwen an Anen sou grouss geéiert ginn. Mee wann des Bräich bis haut ënnert iergendenger Form erhale bliwwe sinn, a wann et nëmmen ass, dass ville vun ons bis haut op deem Dag op de Kierfecht ginn fir hire neie Mantel ze presentéieren, sou hat dat Ganzt fir d’Kelten, sou wéi och Réimer a Griichen en aneren Aspekt, deen eis a Tëschenzäit verluer gaangen ass, mee fir si net méi onwichteg war: si wossten, dass déi Dier net nëmmen fir léif Geeschter an Anen grouss opstoung, mee fir all immateriell Wiesen, déi ouni Weideres an eis materiell Welt iwwertrieden konnten, dh. sou och fir magesch Wiesen a béis Geeschter.


Sou stoungen déi grouss Feieren vun de Festivitéiten nieft der Rengegung och symbolesch fir d’Hoffnung, rsp. Luucht an der Däischtert, an hunn Mënsch an Déier net nëmmen virun der grousser Keelt vum Wanter beschützt, mee och virun de béise Geeschter aus der Ënnerwelt, déi domat wechgehalen gi sinn. Et war Usus, dass d’Leit d’Glous vun de grousse Feieren herno mat heem geholl hunn, fir doheem hier eegen Feieren am Kamäin rëm domat unzefänken.


Et ass bekannt, dass bis am Mëttelalter des grouss Feieren d’Dierfer an hir Awunner virun béise Geeschter beschützt hunn.

Am traditionellen Glawen ass gesot ginn, dass des Geeschter hu missen verscheucht oder berouegt ginn, fir dass de Mënsch an och säi Véi gutt a gesond de Wanter géif kommen, an keng Kanner verschwonne sinn. Dat ass deemools net op déi liicht Schëller geholl ginn. Fir gutt mat dëse Geeschter ze fueren, ass dofir gesuergt ginn, dass se genuch z'iessen an ze drénken haten, andeems een dat alles virun d’Dier gestallt huet.


Ween kee Fridden mat hinne gesicht huet, huet eng aner Taktik ugewannt: A Rommelen sinn elle Fratzen geschnidde an ugefaange ginn fir d’Geeschter ze verjoen.


Och de Brauch vum Verkleeden ass warscheinlech aus Angscht virun de béise Geeschter entstane. Sou wéi déi ellen Fratzen op de Rommelen des onerwënschten Geeschter sollten wechhalen, ass mat ellenen Masken a Verkleedungen versicht gi, des Geeschter ze verschrecken a verjoen. Desweideren wat ee besser verkleet war, wat d’Chancen méi grouss waren, dass een net erëmerkannt géif ginn a sou e spéideren Besuch net huet missen befiercht ginn.

Wou Europa christianiséiert ginn ass, war der Kierch dee ganzen heednesche Spuck en Dar am A. Et ass mam Allerhellegefest iwwersaat ginn, en Eirendaag vun de Verstuerwene an Hellegen. An Irland, wat eent vun den éischten christianiséierte Länner an Europa war, kann een dovunner ausgoen, dass déi ganz Bräich em Samhain mat Allerhellegen am Laf vun der Zäit mateneen verschmëlz sinn. Déi iresch Awanderer hunn des Traditiounen mat an USA matgeholl, wou aus dem Fierowend vum Doudesfest „All Hallow’s Eve“ (iwwersat: den Owend virun Allerhellegen), spéider Halloween entstanen ass.


Well Rommelen an Amerika éischter schwéier ze fanne waren, si Kürbisser geholl ginn. Sou ass de Jack O Lantern entstanen, deen bis haut fir vill Leit e Symbol vun Halloween ass.


Och wann déi al Traditiounen zum Keltefest mat der Zäit verluer gaange sinn ass den Ursprong een an dee selwechten.


A mengem nächste Post schreiwen ech doriwwer, wéi mir des Zäitqualitéit fir eis kenne notzen.


Cynthia

Mots-clés :

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page