top of page

Samhain: Ritualer an aktuell Energie

A mengem leschte Post sinn ech drop agaangen wat Samhain genee ass a wéi eis Anen dëst Fest gefeiert hunn. Elo well ech an dee prakteschen Deel kommen an drop agoen, wéi mir des Energien fir eis perséinlech Weiderentwécklung kenne notzen a wéi eng kleng Ritualer an des Zäitqualitéit passen.



Spadséiergang an der Natur


Ech weess, all Joeresfest widderhuelen ech ëmmer rëm, dass een dëse Moment kann notzen, fir Zäit an der Natur ze verbréngen. Dat kennt net nëmmen vun do hier, dass ech zu alle Joreszäiten gären Zäit an der Natur verbréngen, mee et hëlleft ëmmer rëm sech zréckzefannen. Mir sinn en Deel vun der Natur, och wa leider vill vun ons dat haut vergiess hunn, an alles wat an der Natur geschitt, geschitt och an eis.


Am Moment ass an der Natur eng ganz besonnesch Zäit, d’Beem sinn am gaangen hier Blieder ze verléieren, d’Bëscher gi méi roueg, d’Planzen an d’Déieren maachen sech prett fir de Wanter. Et kann een d’Zäitqualitéit vun Samhain perfekt notzen, fir d’Natur ze beobachten an sech iwwert deen éiwege Krees vun Liewen an Doud ze reflektéieren. Och kenne mir eis vun der Natur inspiréieren loossen an eis Gedanken maachen a wéi engen Aspekter vun eisem Alldag elo Rou däerf erakommen.


Desweideren weisen eis d’Beem grad, wéi schéin et ka sinn Ballast lasszeloossen. Mir kennen eis also och d’Fro stellen, wat mir dann elo kéinten lassloossen, fir dass mir méi einfach duerch de Wanter kommen. Dëst ass sou wichteg, dass ech an engem eenzelen Punkt nach emol wëll dorop zréckkommen.


Dëse Spadséiergang kann ee notzen fir Hierschtmaterial ze sammelen, wou een dann herno fir säin Altor kann benotzen. Natierlech, wéi ëmmer, et sammelt een am Respekt vun der Natur an an aller Dankbarkeet, beschtefalls hannerléisst een e klenge Merci (en Apel, e puer Nëss, e Lidd, e Gebiet, do sinn der Fantasie keng Grenze gesat).



Samhain Altor


Et huet ee ganz einfach e klengen Altor a senger Wunneng oder sengem Haus opgeriicht. Dofir brauch een net vill (oder awer kann een sech och richteg austoben, wann ee Loscht huet). Ween net vill Platz huet kann awer och op klengem Raum eppes maachen, e klengen Eck geet scho duer. Ech perséinlech hunn eng Platz op engem Schaaf, déi speziell dofir „reservéiert“ ass an ëmmer rëm am Laf vum Joreskrees ugepasst gëtt. Et kann een mat engem Duch oder enger klenger Decken ufänken an an d’Mëtt vum Altor hunn ech ëmmer gären meng Käerzen stoen. Fir de Recht well ech eigentlech guer kengem virschreiwen wat soll oder net op säin Altor kommen, well do soll jiddereen, esou maachen wéi e mengt.


Typesch fir Samhain sinn eben Saachen, déi den Hierscht representéieren, dat kenne schéi faarweg Blieder, Käschten, Eechelen asw sinn, déi een an der Natur gesammelt huet oder och kleng Géigestänn. Dobäi kennen och Géigestänn kommen, déi fir een den Doud representéieren (zB. en Doudekapp). Dann dierfen d’Anen och hier Platz um Altor fannen a wéi enger Form och ëmmer (Fotoen, Biller, Stammbam, Géigestänn déi den Anen gehéiert hunn). Och do ass all Interpretatioun richteg: ech hunn zum Beispill keng Fotoen oder Géigestänn vu mengen Anen an representéieren se ëmmer wéi et grad passt. Dat kann e Bild vun engem Bam sinn, e Stéck Wuerzel oder einfach e puer Steng déi een representativ fir si dohistellt. Fir de Recht däerf alles op den Altor kommen wat fir iech passt vu Kristaller bis Kürbis, et kann een näischt falsch maachen. Fir mech als Kraiderfra däerfen och nach e puer passend Kraider net feelen.


Wichteg ass beim Gestalten, dass een seng Intentioun mat afléissen léisst („ech maachen mäi Samhain Altor well ech der Natur / dem Joreskrees / mengen Anen /… gedenken well“) an einfach déi Tâche mat oppenem Häerzen mécht.


Wann ee säin Altor da fäerdeg huet, kann een d’Käerz ufänken a kuerz stell halen. Et kann ee sech selwer Merci soen, dass een sech Raum an Zäit ginn huet dofir. Ëmmer wann een laangt geet, respektiv all Dag wann et grad engem dono ass, kann een derbäi stoe bleiwen an sech rëm un deen een oder aneren Aspekt vun Samhain erënneren. Et dierf een dee Moment notzen fir driwwer ze reflektéieren, Dankbarkeet ze spieren, seng Wënsch auszeschwätzen oder einfach nëmmen ee Moment Rou ze genéissen.


Festiessen


Wéi bei all Fest kann och bei Samhain fir e Festiessen gesuergt ginn. Ween et well wéi eis Anen maachen, denkt drun eng Platz fräizeloossen fir en onsiichtbaren Gaascht. Sidd dir also zu 2 am Stot, da gëtt den Dësch fir 3 Leit ugeriit an d’Iessen fir 3 Leit servéiert. Symbolesch geet et drëms, sengen Anen ze weisen, dass se net vergiess sinn. Fir eis Virfahren war et normal, deen Owend ze notzen, fir al Familljegeschichten ze zielen an d’Gedanken vun vergaangene Momenter mat Verstuerwene rëm opbléien ze loossen. Fir dass d’Gäscht hire Wee gutt an d’Famill zréckfannen kënne Käerzen bei de Fënsteren an Dieren ugefaange ginn.


Och um Altor kënne kleng Leckereien fir d’Anen awer och d’Naturgeeschter an d’Feeën higestallt ginn.


Lassloossen


Wann den Hierscht e mega grousst Thema an sech dréit, dann ass et d’Thema vum Lassloossen. Ech hunn scho kuerz beim Spadséiergang an der Natur drop higedeit. Ech perséinlech loosse mer ëmmer gären ganz vill Zäit fir dëse Punkt, dat muss net onbedéngt op Samhain selwer geschéien, mee gehéiert einfach an des Zäitqualitéit.


Lassloossen ass fir sech eleng schonn e riesen Thema vum Liewen an et ginn ganz vill Méiglechkeeten, wéi een dorun schaffe kann.


Et kann een sech Zäit huelen, fir sech bei d'Beem an de Bësch ze stellen an sech einfach mat der Energie vum Lassloossen ze connectéieren. Et kann een sech d’Fro stellen, wéi ee Ballast et ass, dee mir wéilten lassloossen. Wee gutt visualiséieren kann, kann sech dat bildlech virstellen.


Ween – sou wéi ech – net sou staark am Visualiséieren ass, mee éischter materiell Ënnerstëtzung brauch, kann sech all seng Punkten opschreiwen. Typesch fir d’Feierfest Samhain kann een dësen Ziedel dem rengegende Feier iwwerginn. Dat nennt een allgemeng eng Feierzeremonie, et kann een et ganz grouss maachen mat Gesang a Getrommels, mee wien di Zäit oder déi Moyen’en net huet, kann och einfach eng Käerz ufänken an säin Ziedel verbrennen. Wat egal wéi wichteg ass, ass sech richteg mat deene Punkten ze verbannen, déi ee well lassloossen, wa méiglech se ënnerlech ganz déif spieren a dann ganz bewosst dem Feier dee Ballast iwwerginn. Wat d’Intentioun méi grouss ass, wat d’Wierkung et och ass.



Räucheren


Wann et net scho längst de Fall ass, ass elo de perfekte Moment fir ze räucheren. Fir mech gehéiert d’Räucheren scho zum Alldag an dierf bei kengem Joereskreesfest feelen an awer ganz besonnesch kann een den Iwwergang an déi donkel Joreszäit mat Kraider ënnerstëtzt ginn.


De Kontakt zu den Anen an der geeschtlecher Welt ënnerstëtzt d’Engelwurz. Och den Wacholder an den Hielenner fuerderen de Kontakt zu den Anen, si schützen awer gläichzäiteg och virun negativen Energien.


De Bäifouss, als schamanesch Planz, a groussen Hüter vun der Schwell an déi onsiichtbar Welt, dierf natierlech och net feelen.


Bewosst déi donkel Joereshalschent, Intentiounen setzen an meditéieren

Eng vu mengen Liblingsaktivitéiten vun deser Zäit ass, mir einfach ganz bewosst ze ginn, dass mer an déi donkel Joreszäit kommen. Doduerch dass d’Auer dëse WE geréckelt gëtt, fannen ech, geléngt et engem guer net sou schlecht. Et ass allgemeng keen Iwwergang dee mer besonnesch einfach fält, dofir well ech ganz sécher goen, dass ech dat net einfach nëmmen verdrängen, mee ganz bewosst iwwert déi Schwell ginn. Dee perfekten Moment fir mer rem Bewosst ze ginn, wéi ech déi Zäit fir mech well notzen a wat ech fir mech well ëmsetzen. All déi Zäit déi ech déi läscht Wochen fir Kraidersammelen an Kraiderpreparéieren genotzt hunn, dierf lo nei agesat ginn an bekanntlech dréit déi donkel Joreszäit ganz nei Méiglechkeeten an sech.


Dann well ech mer och Intentiounen setzen, déi ech fir déi kommend Méint net vergiesse well. Ech reflektéieren doriwwer bei mengem Altor, schreiwe mir dat alles op an dësen Ziedel fënnt och um Altor seng Platz. Sou kann ech mech ëmmer rëm selwer drun erënneren an um Enn vun dëser Periode kann ech nach emol Revue passéieren, wat ech dovunner ëmgesat hunn.

Meditatioun ass fir mech och elo rëm un der Rei. Oft dinn ech mech am Summer schwéiert strikt ze meditéieren, befannen mech oft an engem meditativen Zoustand beim Sonnen, Kraider sammelen oder am Gaart schaffen. Am Hierscht ännert dat ëmmer rëm an deem méi eng strikt Meditatiounspraxis rëm agefouert gëtt an all Joers stellen ech fest, dass se grad dann vill gebraucht gëtt.



Sech mat senger Intuitioun a senger Séil connectéieren


Natierlech ass eis Intuitioun d’ganzt Joer wichteg, mee ganz besonnesch an der donkeler Joreszäit ass et méi einfach sech mat hier ze connectéieren. De perfekten Startschoss ass definitiv Samhain. Wéi ech a mengem leschten Text geschriwwen hunn, ass de Schleier tëschent eiser materieller an der spiritueller Welt op dësem Dag quasi net existent. Déi Zäit ass magesch fir sech mat der onsiichtbarer Welt ze connectéieren, dh. schamanesch Reesen ze maachen, Orakelen, Tarot a Runen sin och en wonnerbaar Mëttelen fir sech ze verbannen.


Mee och mat eiser eegener Séil ass et méi einfach sech ze verbannen. Ween et nach net am Alldag applizéiert, huet elo de perfekte Moment fonnt, fir domat unzefänken. Wann een sech mat senger Séil verbënnt, kann een sech d’Fro stellen, wisou een op dëser Welt ass, wat eis Liewensmissioun ass, wat mir an eisem déifste Kär erreechen wëllen, wat eis wierklech frou mécht. Dat sinn alles Froen, déi eis hëllefen, eis mat eiser Essenz ze verbannen.



Anenheelung


Ech kann dësen Text net erausginn ouni op mannst ze erwänen, dass déi déif spirituell Bedeitung vun Samhain d’Anenheelung ass. Et ass ganz schwéier, sech bei dësem Thema kuerz ze halen, mee Fakt ass, dass mir net nëmmen eis eegen Themen mat eis droen, mee och net opgeléisten Themen vun eisen Anen. Alles wat mir an dësem Liewen opléisen, gi mir net nëmmen net méi un déi kommend Generatiounen weider, mee mir heelen eis ganz Anenlignée. Gären schreiwen ech nach en eenzelen Post doriwwer. Op alle Fall, well ech awer op dëser Platz soen, dass elo Themen kennen héisch kommen, déi guer net eis eegen sinn, mee Themen vun eisen Anen, rsp. bei ons Fraen ganz gären eis Aninnen. Elo, an déi kommend Wochen, ass de perfekte Moment sech mat dësen Themen auserneen ze setzen.

Fir de Schluss well ech nach emol dorop hiweisen, dass dëst – wéi ëmmer - nëmmen e puer vun ville Méiglechkeeten sinn. Ech fannen et ëmmer wichteg ze betounen, dass et wichteg ass, et mat sengem Bauchgefill oofzegläichen, op sech dat fir een selwer stëmmeg uspiert an sengen eegenen Impulser nozegoen.


Bei allem wat der maacht, wënschen ech iech eng schéin Zäit. Dës Zäit ka wierklech ganz déif goen, wann een et zouléisst. Notzt se gutt, wann et iech dono ass.


Ech fir mäin Deel free mech drop…


Cynthia


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page