top of page

Tinkturen aus Heelkraider selwer hierstellen

Ech hunn déi läscht Woch eng ganz Fläsch Gin dropgemaach. Déi déi mech bësse kennen, wëssen, dass dat kee Saz ass, deen ech normalerweis sou bréngen. An eigentlech mengen ech och domat nëmmen, dass déi läscht Deeg vill verschidden Tinkturen hunn dierfen hiergestallt ginn ;-)


Zu dësem Thema, kréien ech ëmmer rëm déi selwecht Froe gestallt an dofir hunn ech decidéiert des puer Erklärungen ze schreiwen.


Viraus well ech direkt soen, dat ass sou wéi ech et geléiert hunn a selwer uwenden. Gees de googlen, oder lies de an engem Buch, fënns de vill verschidden, oft géigesätzlech Aussoen. Ech deelen hei just meng Aart a Weis, sou wéi se fir mech klappt.



Wat ass eng Tinktur?


Eng Tinktur ass soss näischt wéi e konzentréierte Planzenauszoch. D'Planzematerial gëtt  am Alkohol zersat, woubäi déi wichteg Deeler vun der Planz an domat och seng Wierkung am Alkohol bestoe bleiwen. Dësen Auszoch kann dono villsäiteg benotzt ginn, ënnerlech als Ënnerstëtzung fir deng Gesondheet, rsp. als natierlechen Ersatz vun engem Medikament, äusserlech bei Haut- a Kapphautproblemer. Tinkture kennen och a Kosmetik- a Pfleegeprodukter weiderverschafft ginn.


Et gëtt den Ënnerscheed gemaach tëschent enger Urtinktur an enger Tinktur:

 

  • bei enger Tinktur, sou wéi een se och an der Apdikt ze kafe kritt, ass den Ausgangsmaterial ëmmer gedréchent ;

  • bei enger Urtinktur, ass den Ausgangsmaterial ëmmer frëscht Planzematerial. 



Ech selwer schaffen nëmme mat frëschem Planzematerial, wat ech selwer gepléckt hunn. Streng gesi maachen ech also nëmmen Urtinkturen.



D'Viraussetzungen


D'Viraussetzung ass natierlech, dass een sech mat der Planz ausernee setzt, hier Wierkungen an och eventuell Niewewierkunge kennt, weess wéi eng Deeler vun der Planz (Bléi, Kraut, Wuerzel) dofir benotzt kenne ginn.



Eng aner Viraussetzung ass dass d'Planzematerial sou reng wéi méiglech ass, dh. net laangt enger Strooss mat Ofgasen, nieft engem Feld wou gedüngt gëtt oder op engem Weerand gepléckt gouf, wou vill Leit mat hire Muppen trëppele ginn.






How to?


Eng Tinktur hierzestellen ass guer net sou komplizéiert wéi sech d'Leit ëmmer virstellen.


Dofir brauchs du:


  • däi Planzematerial

  • e Schraufglas

  • Alkohol

  • e Kichenduch

  • Drëpseflächen


Wichteg ass, dass du däi Planzematerial kleng mëss, well wat däi Material méi kleng ass, wat d'Wierkstoffer sech besser léise kennen. Dofir kanns du deng Blieder / Bléien iwwert dengem Schraufglas kleng zupfen oder schneiden. Dofir benotz de am Idealfall kee Metall, Keramik ass eng gutt Alternativ.


Wann s de däi Planzematerial zerklengert hues, kanns de däin Alkohol driwwer schëdden. Wichteg ass do dass deng Kraider ganz bedeckt sinn. Ech perséinlech benotzen dofir keen Alkohol dee méi wéi 40% Alc. Gehalt huet, dh. do kommen sou Saache wéi zB. Korn (Drëpp), Vodka oder Gin a Fro.


Lo ass deng Tinktur prett an du kanns se beschrëften. Dëst ass e wichtege Schratt, well däi Planzematerial d'Faarf an d'Substanz kann änneren an no enger Zäit net onbedéngt méi ze erkennen ass. Dobäi ass et och wichteg den Datum drop ze schreiwen, op deens de deng Tinktur ugesat hues.


Da gëtt deng Tinktur 4 Wochen zéie gelooss a reegelméisseg gerëselt. Gestridde gëtt oft, op een dat donkel soll lageren oder net. Ech hunn et sou geléiert, dass ee Liichtplanzen, also Planzen déi gären an der Sonn stinn an och d'Sonnekraaft an sech droen, an d'Luucht zB. hannert eng Fënster stellt. Planzen déi sech éischter am Däischtere wuelfillen, dierf een och donkel stellen.


No 4 Woche kanns de deng Tinktur mat engem Kichenduch ofseihen an an Drëpseflächen aus brongem Glas fëllen.


Duerch den Alkohol ass deng Tinktur ganz laang haltbar. Mat der Zäit kann awer d'Wierkung ofhuelen.


Aus Erfarung kann ech der uroden, mat klenge Quantitéiten ze schaffen. Ech hunn am Ufank ëmmer vill ze grouss Quantitéite vun Tinkture gemaach, mat der Zäit si meng Glieser ëmmer méi kleng ginn. Et mécht absolut kee Sënn vir déi nächst 20 Joer Pipettenfläschen am Schaaf stoen ze hunn. Da léiwer all Joers e klenge Vorrat fir déi nei Saison produzéieren.



Vill Spaass beim probéieren,


Cynthia

Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page