top of page

Vum Meefest op Beltane an Walpurgisnuecht…



Den 1. Mee feiere mir bekanntlech eist Meefest, woubäi déi mannsten haut nach wierklech wëssen, wat et mat deem Fest do iwwerhaapt op sech huet, well déi meeschten Bräich verluer gaange sinn.


Op der aner Säit falen op den Datumer em den 1. Mee nach 2 weider al fester: Walpurgis an Beltane, mee dréint sech do schlussendlech alles em dat selwecht Fest?


Ganz egal wéi een dat Fest well nennen, genau betruecht ass et ee vun deene magesche Momenter am Joer wou de Schleier tëscht eiser materieller Welt an der Geeschterwelt am dënnsten ass (sou wéi beim Fest Samhain den 31.10. - wou dee selwechten Dag op der Südhallefkugel gefeiert gëtt am Joeresrad genee géigeniwwer vun Beltane steet).


Beltane


Nodeems bei Liichtmëssdag an Ostara scho d’Zréckkommen vum Liicht a vum Fréijoer gefeiert goufen, huet d‘Fréijoer sou lues awer sécher alles erwächt: et ass rëm alles gréng, d’Beem kréien nei Blieder, d’Natur weist sech vun hirer schéinster Säit, d’Sonn schéngt ab elo ëmmer méi staark an d’Insekten sinn och scho nees ënnerwee a siche fläisseg no Blummen. Et si mëttlerweil scho déi éischt Wëllkraider ze fannen an spéitstens no den Äishellegen am Mee dierf een de Wanter endgülteg vergiessen (op mannst mol fir eng Zäit). D’Liewenskraaft ass nees iwwerall ze spieren, an natierlech dierf och dat grouss gefeiert ginn…


Dat Fest gëtt warscheinlech scho soulaang gefeiert wéi et Mënsche gëtt, op alle Fall soll et scho vu megalithesche Vëlker gefeiert gi sinn a gouf spéiderhin vun de Kelten iwwerholl, déi dësem Fest de Numm Beltane (Beltaine oder Bealtaine) ginn hunn, deen aus dem kelteschen „Bel's Fires“ (Bel ass de keltesche Gott vun der Luucht) soll staamen an an der Nuecht zum an um 1. Mee selwer gefeiert gouf.


Nom laange Wanter wou eis Virfahren oft gebiet hunn dass d’Reserven géifen bis zum neie Fréijoer duergoen kennt elo e neien Kapitel: d’Zäit vum Mangel ass endlech eriwwer, d‘Fréihjoer ass endgülteg erwächt a bréngt Liewensfreed a Fruchtbarkeet. Lo wou endlech alles rëm zum Liewe komm ass sollen och d’Rechter vum Wanter verbrannt ginn, sou dass de Summer sech lues awer sécher breet maache kann. Fir Beltane sinn Fester ronderëm grouss Feieren ofgehale ginn. D’Äschen vum Beltanefeier sinn op de Felder verstreet ginn fir d’Fruchtbarkeet vun de Felder unzereegen. D‘Veih ass zur Seenung an Rengegung tëschent zwee Feieren gedriwwe ginn. Symbolesch gesinn steet Beltane also fir d’Rengegung, Fruchtbarkeet wou neit Liewen erschaaft a puer Liewensfreed.


Dëst gëtt duerch d’Vereenegung vum hellege Weiblechen mam hellege Männlechen ausgedréckt. Dat fënnt een am Laf vun der Zäit an de verschiddene Géigenden an verschidden Formen zréck zB. An der Hochzäit tëschent der weiblecher Äerd an der männlecher Sonn.


Bei de Kelten ass d’Fréijoersgëttin, déi nach virun puer Wochen d’Onschold symboliséiert huet, mëttlerweil zu enger fruchtbarer Jongfra erugewuess an ass prett fir sech bei dësem Fest mam geschlechtsräifen gehörnten Gott vum Bësch Cernunnos (och grénge Mann bezeechent) deen fir d’Natur, d’Déieren an d’Fruchtbarkeet steet an der helleger Hochzäit ze vereenegen.


D’Germanen hunn déi helleg Vereenegung vum Freya a Freyr gefeiert.


Dat alles léisst et schonn erahnen: déi Fester waren net nëmmen voller Liewensfreed, mee et waren wëll Fester voller Leidenschaft, Sënnlechkeet a Sexualitéit. An dëse fréieren Kulturen haten d’Mënschen keen sou komescht Verhältnis zur Sexualitéit wéi haut. Et ass als eppes natierleches a wënschenswäertes ugesi ginn, eppes „helleges“. Fir d’Fest vu Beltane soll bei de bestueden Koppelen d’Hochzäitsverspriechen opgehuewen gi sinn, sou dass d’Fraen sech fir dat Fest hire Partner fräi eraussichen konnten…


Walpurgisnuecht


D‘Walpurgisnuecht gëtt an der Nuecht vum 30. Abrëll op den 1. Mee gefeiert an ass och als „Hexenuecht“ bekannt.


Wéi kommen ma dann elo vun enger Geschicht voller Liewensfreed a sexueller Leidenschaft op eng Geschicht vun Hexen di mat hiren Biesem ronderëm e Bierg fléien?


Majo, dat ass zimmlech einfach: wou déi heednesch Stämm christianiséiert ginn sinn, ka jiddereen sech selwer ausmolen wat d‘Kierch vun sou Bräich gehalen huet – se sinn verpöhnt ginn a sollte kengesfalls weidergefouert ginn.


Wëll, kraaftvoll Fraen, déi hierer Urnatur trei waren, zu hire Gefiller stoungen a sech dann och nach hire Partner selwer eraussiche konnten an déi helleg Balance tëschent dem männlechen an dem weiblechen gefeiert hunn, am Ebenbild vun der grousser Gëttin. Dat ass e Konzept wou dem patriarchalen Konstrukt nëmmen konnt mëssfalen.


Ech hat schonn a mengem Post iwwert Ouschteren doriwwer geschriwwen, dass wou den Chrëschtentum un d’Leit bruet ginn ass, sech op déi scho bestoend Fester baséiert ginn ass. Fir deem ganzen heednesche Spuk do also en Ënn ze setzen, ass e neit chrëschtlecht Fest agefouert ginn: Walpurga, wou dann ab deem Moment den 1. Mee gefeiert sollt ginn an der „helleger Walburga“ - Niece vum hellegen Bonifatius, wou 779 als Nonne gestuerwen ass – gewidmet war.


Dat alt Fest ass als Treffen vun däischtere Muechten deklaréiert ginn: e Fest op deem d’Hexen, als weiblech Verkierperung vum Béisen, op hire Biesem an dëser Nuecht em de Blocksberg geflunn sinn fir mam Däiwel wëll Orgien ze feieren.


A Wierklechkeet war et wuel sou, dass nierft den normale Festivitéiten ronderëm de Feier déi d’Mënschen bei de Felder gefeiert hun, sech Priisterinnen an Druiden op spezielle Platzen (wéi de Blocksberg) getraff hunn a sech mat Hëllef vun Halluzinogenen mat der Gëttin verbonnen an an aner Dimensiounen gekuckt hunn. Erënnert iech, ech hunn direkt am Ufank gesot, dass de Schleier tëscht eiser materieller Welt an der Geeschterwelt em di Zäit am dënnsten ass, sou Deeg eegnen sech ganz besonnesch fir sou eng Rees ze maachen. Di Rees an aaner Welten, wou een haut och als schamanesch Rees géif bezeechnen – doraus ass vun der Kierch de Mythos vun der Hex op hirem Biesem entstane.


Vu wou den Ursprong vun den Orgien kennt, dat ass bei deem wou ech virdrun geschriwwen hunn wuel kloer. De Problem fir d’Kierch war, dass trotz dem Verbuet, verschidde Leit sech déi Fester net huele gelooss hunn an et deit alles drop hin, dass di Fraen, déi weiderhin un dëse Fester deelgeholl hunn, ab der Hexeverfolgung zu Hexen diffaméiert a verfollegt gi sinn.


Bis haut huet d’Walpurgisnuecht a ville Géigenden dee Ruff behalen a gett och als Hexesabbat oder als Fest sataneschen Ursprongs betitelt. Bis haut gëtt et nach vill Brauchtum em Walpurgisnuecht, wou Leit hiren Terrain mat Meebüschen, Biesem a Peitscheknallen géint béis Kräften beschützen.


D’Mënschen hu mat der Zäit vergiess, dass an der Walpurgisnuecht ursprénglech d’Fréijoer an d’Fruchtbarkeet begréisst ginn ass, well se domat ofgelenkt gi sinn all déi béis Geeschterwiesen ze verschäichen a sech virun de béisen Hexen ze schützen…


Wat hu mir bis haut vun dësen Traditiounen erhalen?


Net ganz vill… Dat eent oder anert Feierchen, wat op engem Meefest fir de Grill ugefaange gëtt, an de Meekranz, wat en joerhonnert aalt Symbol fir d’Fréijoer an d’Gléck ass.


A ville Géigenden vun Europa, gëtt nach ronderëm e Meebaam (meeschtens eng Bierk) gedanzt. De Meebam symboliséiert déi helleg Verbindung vun der Äerd mam Himmel.




DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page