top of page

Wantersonnewend, Mōdraniht, Julfest a Chrëschtdaag

Mir befannen eis aktuell an der Däischterster Zäit vum Joer. Eis Nuechten si däitlech méi laang wéi eis Deeg an dat spëtzt sech zou bis zur Wantersonnewend den 21.12., wou mir dann de Moment am Joer erreegt hunn, wou d’Nuecht am Längsten ass an logescherweis, den Dag am Kierzesten.


No der Wantersonnewende steet dat ganzt Rad vum Joer, sou wéi d’Kelten et genannt hunn, stëll. Et ass e ganz besonnesche Moment, deen och eng ganz mystesch Energie mat sech dréit. An no deene puer Deeg geschitt eppes ganz Magesches: d’Widergebuert vun der Luucht. Ab deem Moment kréie mir nämlech all Dag Minutten Daagesluut bäi. Sou richteg mierkt een dat zwar réischt méi spéit an awer ass et e ganz wichtegen Moment op deen eis Anen ganz sehnsüchteg gewaart hunn. An Zäiten wou een kee Stroum hat an de Wanter iwwert Liewen an Doud entscheet huet, war dësen Neiufank vun gréisster Wichtegkeet.


Och eise Planéit mécht deen Ament en Wandel mat, d’Nordhallefkugel wiesselt vun dann rëm vun der däischterer Joereshalschend an déi hell, wärend d’Südhallefkugel de Géigendeel erlieft.


Dese Wandel markéiert en Enn a gläichzäiteg en Ufank an erënnert eis drun dass an der Natur alles zyklesch ass a näischt wierklech komplett stierft, mee ëmmer rëm an deier enger oder anerer Form zum Liewen kennt… Och d'Wichtegkeet vun des Däischterheet gett domat ennerstrach: de Som vun der schéinster Blumm ass iergendwann ënnert dem Buedem, an absolutter Donkelheet am Schouss vun der grousser Erdgëttin, Mamm Gaïa, sou wéi de Som vun der Mënschheet an der Donkelheet vum Leif vun der Mamm, zum Liewen komm.


Op Séilenebene erënnert dëse Moment eis och dorunner, dass an eisen donkelsten Momenter, d’Luucht nei gebuer gëtt an dass een d’Hoffnung ni soll opginn. Ouni Däischterheet wéissten mir d’Luucht net ze schätzen, a mir brauchen béid Aspekter. Och wa vill vun ons sech ëmmer nëmmen déi sonneg, liicht an einfach Aspekter am Liewen wënschen, ass d’Däischterheet grad sou wichteg. Sou wéi d’Däischterheet ouni Luucht eis géif verkommen loossen, géif d’Luucht ouni Däischterheet eis op laang Dauer wéi e waarmen Summerdag an der Wüüst ausbrennen.


Sou kann d’Wantersonnewend de Moment sinn, wou een sech kann dran üben all déi donkel Aspekter ronderëm an och a sech kann ze acceptéieren – wat oft net sou einfach ass - well een weess, dass et ab elo rëm biergop geet. Et ass den Ament wou et engem vläicht méi einfach fält, sech selwer d’Recht ginn, ënnerlech roueg ze sinn an alles sou unhuelen, wéi et grad ass.





Fir eis Anen war dëse Moment een vun de wichtegsten Momenter am Joër.


De keltesche Joreskrees, deen mat der Wantersonnewend ufänkt, ass ronderëm des 4 Haaptpunkten opgebaut: d’Wantersonnewend, de Fréijoers Equinox, d’Summersonnewend an den Hierscht Equinox. Speziell d’Wanter- an d’Summersonnewend si Momenter déi vun der Mënschheet zanter jeehier beobachtet goufen. Iwwerall op der Äerd ginn et Stengformatiounen, iwwert déi Wëssenschaftler sech de Kapp zerbriechen an net verstinn, wéi se dohinnerkomm sinn oder wéi se ouni Hëllef vun Maschinnen opgebaut konnte ginn. Dat eenzegt wat des Monumenter gemeinsam hunn: se si wéi riesen Kalenneren mat deenen ënnert anerem d’Sonnewenden konnten bestëmmt ginn. Sou ass et kee Wonner, dass d’Mënschen zanter sou laang een et nosiche kann - a warscheinlech souguer zanter ëmmer - dës Momenter am Joer grouss gefeiert hunn.



Mōdraniht (oder och Modranicht) sollen déi Wanterfester em d'Wantersonnewend an der Zäit vun 500 – 700 n.C. bei den Germanen an Angelsachsen geheescht hunn laut historeschen Texter vum angelsächsegen Geschichtsschreiber Beda Venerabilis. Spéider gouf dëst am réimesche Räich mat "matrum noctem“ ëmgewandelt.


Laang éier de Patriarchat sech als omnipotent erkläert huet waren vill Traditiounen matriarchal opgebaut a laang éier e Gott ugebiet ginn ass, si Gëttinnen ugebiet ginn. Déi eelsten Statuen déi erëmfonnt gi si, si Statuen vun Gëttinne. Des stinn fir Fruchtbarkeet, fir neit Liewen, fir déi suergend Mamm déi hier Kanner niert. Alleguerten waren se Ebenbiller vun eisem Planéit, vun der Mamma Äerd, déi grouss Urgëttin.


Mōdraniht heescht iwwersat "Nuecht vun de Mammen" an éiert der grousser Mamm, déi an der däischterster Zäit dem Sonnekand Liewen schenkt. Des Nuecht goufe am Raum tëscht dem Virowend vum 21. an 25. Dezember gefeiert. De Schwéierpunkt louch bei dëser Festivitéit op d’Mamm an net op d’Kand. Déi „Mammegëttinen“ hun sech mat den Zyklen vun Liewen an Doud, sou wéi den Zyklus vun de Joreszäiten, vun Däischterheet a Luucht verwandelt. Sou huet d’Gëttin 3 Gestalten: déi jonk jongfralech Gëttin, déi sech am Fréijoer weist, wäiss gekleet, mat laange blonden Hoer. Si ass eng jonk Fra, nach bëssen naiv, well si nach net villes erlieft huet. Si steet fir d‘Onschold. Am Summer gëtt vun der rouder Gëttin geschwat, déi an hirem beschten Alter ass a Liewen schenkt, si steet dir d’Leidenschaft, Fruchtbarkeet an d’Liewen am Iwwerfloss. Am Wanter kennt dann déi schwaarz Gëttin an d’Spill, eis Gëttin ass elo am Alter, verdéngt héischen Respekt, well se scho vill erlieft huet an e grousst Wëssen huet.


Fir d’Kelten war Jul, och Yule oder Mëttwanter genannt eent vun de véier grousse Sonnefester a steet logescherweis dem Mëttsummer am kelteschen Joreskrees géigeniwwer. Hei stoung nach emmer d’Wantersonnenwende am Mëttelpunkt. Der Mythologie no huet genee zum Déifpunkt vun der donkelster Nuecht d’Äerdgëttin d’Luucht rëm op d’Äerd bruet. A Nordeuropa gëtt d’Julfest nach bis haut gefeiert.


Am ale Roum ass den 21. Dezember d’Gebuert vum Sonnegott gefeiert ginn.


Wou de Patriarchat sech a Form vun der Christianiséierung breet gemaach huet, war et gewosst wéi wichteg dëse Feierdag, rsp. dës Zäit vum Joer mat der Widergebuert vun der Luucht fir d‘Mënsche war. Sou ass dëst Fest bäibehaale ginn, rsp. zum Deel ëmgesat ginn an dorausser ass dat gréissten chrëschtlecht Fest entstane. Leider ass bei der Ëmsetzung dee ganzen Aspekt vun der weiblecher Gëttlechkeet verdrängt ginn an d’Gebuert vum hellege Kand ass an de Mëttelpunkt geréckelt an doraus ass dann dat Chrëschtdag entstane wat vill vun ons bis haut feieren.



Mir deet et an der Séil wéi, dass dee weiblechen Aspekt an deem Ganzen sou ënnerdréckt ginn an haut bal komplett vergiess ginn ass an dofir ass et mir sou wichteg, dëst Wëssen mat de Leit ze deelen, an der Hoffnung, dass méi Leit sech erënneren, dass et nieft engem Beemchen voller Cadeau'en an engem Festiessen, eigentlech em d’Widergebuert vun der Luucht an eis grouss Äerdgëttin geet.



Cynthia

DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page