No mengem Openthalt an Éisträich, am Krees vu staarke Fraen hat ech schonn en Text iwwert d'Hexewonn geschriwwen. Den Aspekt, deen ech do ugeschwat hat, war wéi des Hexewonn eisen Ëmgang tëschent Frae bis haut beaflosst. Do schwätzt een iwwregens och vun der Schwësterwonn.
D'Schwësterwonn ass allerdéngs nëmmen een Aspekt vun der Hexewonn. Aus deem Text eraus hätt een och kéinten den Androck gewannen, dass d'Hexewonn nëmmen d'Frae betrëfft, mee deem ass et awer net esou. D'Hexewonn betrëfft all eenzelnen vun ons déifgräifend.
D'Hexewonn ass e Symbol fir de Leed (aka d'Wonnen) déi d'Fraen - an awer och verschidde Männer - iwwert Joerhonnerten hu misse verspieren. Wärend enger Periode vun iwwert 300 Joer wou am 15. Joerhonnert ugefaangen huet, konnt ee fir zimmlech alles wéinst Hexerei ugeklot, gefoltert an higeriicht ginn. Wéi vill Hexen am Endeffekt higeriicht gi sinn ass bis haut net sou kloer, et fënnt een um Internet an an de Bicher vill verschidden Angaben dozou. Offiziell laut Wikipedia (wann een dat dann als offiziell Quelle well unhuelen) schwätze mer vu 40.000 - 60.000 Hiriichtungen, a Bicher hunn ech vill méi héisch Zuele gelies, rsp. gett ganz oft vun enger Zonkelziffer geschwat. Wouriwwer se sech allerdéngs all eens sinn: 80% vun de Betraffene ware Fraen.
Wat mir e Rätsel ass, ass wisou kaum dovunner geschwat gëtt. An der Schoul léiere mer global iwwert d'Mëttelalter an d'Neizäit, iwwert Kricher, mee min. 60.000 Leit sinn am Numm vum Hexewan higeriicht ginn an doriwwer huet keen eis opgekläert. Grad hei eis Géigende vum Elsass, iwwert Lothringen, Lëtzebuerg bis eriwwer an Däitschland ware schlussendlech deck betraff a sou kéint een awer behaapten, dass dëst eis Géigenden trotzdeem déif gepräägt mussen hunn. Wisou gett dann net doriwwer geschwaat? Wéi kann des Thematik net wichteg genuch sinn?
Meng eege Meenung ass, dass dat ganzt immens schambehaftet ass. Bis haut ass et nach ëmmer net richteg nozeverzéihen, wéi et souwäit konnt kommen, dass beemol dat ganzt Vollek an sou engem Wan ausgebrach ass an een deen aneren denunzéiert huet. Wat kloer ass, et waren immens schwéier Zäite wou d'Leit u Krankheeten, un Honger gestuerwe sinn an d'Liewen eng reegelrecht Erausfuerderung war. De Sënnebock dofir waren d'Hexen, déi einfach de Blëtzofleeder fir déi ganz Ängschten a Frust waren.
Sou kann een dovunner ausgoen, dass déi ganz Hexenhiriichtungen en hysteresche Massephenomen war, wou jidderee matkritt huet. D'Kierch war an 2 gespléckt: ënnert de groussen Hexentheoretiker ware vill Geeschtlecher an hier Wierker wéi zB. "Hexenhammer" (Heinrich Kramer - 1486) an deem laang a breet erkläert gëtt wéi een Hexe soll ausfroen, op grausaamsten Aart folteren an hiriichten, déi grouss Initiatoren. No dëse Wierker ass sech leider geriicht ginn an et ass applizéiert gi wat do dra stoung. Allerdéngs war och en Deel vun der Kierch, dee probéiert huet dergéint unzegoen, leider erfolleglos.
D'Vollek selwer huet och eng ganz grouss Roll gespillt an dëser traureger Geschicht, net nëmmen an deem d'Leit sech géigesäiteg denunzéiert hunn, mee d'Hiriichtunge ware vill besicht a wéi gesot d'Leit hunn e Blëtzofleeder fir hier ganz Ängschten, Frust an Onzefriddenheet gebraucht.
Sou kann een dovunner ausgoen, dass dat Ganzt bis haut einfach jidderee betrëfft, well dat epigenetesch sou déif rëmzefannen ass. Falls deng Anen aus Géigende stamen, wou Hexeverfollgung Usus waren, da war et schlichtweg onméiglech näischt dovunner matzekréien. Déi kollektiv Hetz ee géint deen aneren, Existenz an Doudesängscht déi do matgeschwonge sinn, huet jiddereen ze spiere kritt. Natierlech gëtt dat Ganzt nach schlëmmer, wann an denger Lignée en Opfer dobäi war wat déi ganz Themen an Ängscht mat weiderginn huet. Souguer och wann en Denunziant oder e Folterer oder Henker war, do sinn an deem Fall och nach Gefiller vu Schold dobäi. Villäicht weess du schonn , dass all des Gefiller an der DNA ofgespäichert ginn an an der Famillienlignée dra bleiwen, bis een de Courage huet des Saachen opzeléisen.
Wa mer dann elo dovunner ausginn, dass mir méi wéi eng Inkarnatioun hunn, ass et méi wéi probabel, dass en Deel vun ons schonn deemools e Liewe matgemaach huet. An deem Fall hues de des Emotiounen net just um genetesche Volet agespäichert, mee kanns dovunner ausgoen, dass et fir dech och e karmescht Thema ass, wat et opzeléise gëtt. Dobäi ass et schlussendlech egal obs du an engem fréiere Liewer Zuschauer, Opfer, Denunziant, Folterer, Henker, well an allem stécht potentiellen Trauma.
Wat allerdéngs geschitt ass, doduerch dass des Fakten, déi sou wéi d'Kricher Deel vun eiser Geschicht sinn, mee total ennerdréckt gi sinn ass ganz einfach - Traumae sinn net opgeléist ginn. D'Zuschauer hunn den Trauma deen se erlieft hunn als Choc zou sech behalen, d'Opfer sinn net gehéiert ginn, Denunzianten, Folterer an Henker sëtzen nach haut an deier Schold fest a konnten sech net dovunner befreien.
Du gesäis d'Hexewonn ass en Thema wat eis duerch ee Grond oder en aneren alleguer betrëfft a bis haut bei deene meeschte komplett onbewosst matschwéngt.
Mee wat bewierkt des Hexewonn schlussendlech?
Des Hexewonn kann op allen Ebenen an dengem Liewe wierken a kann sech sou och a ville verschidde Formen ausdrécken. Du kanns der schonn eleng virstellen, wat ech an de leschten Zeile beschriwwen hu vu Schockzoustänn, Iwwerliewensängschten a Scholdgefiller déi net verschafft gi sinn a wéi des sech kennen ausdrécken.
Wat ech a mengem Text iwwert d'Schwësterwonn scho geschriwwen hat, doduerch dass et Frae laang verbuede war sech ze versammelen an zesummen ze wierken, si bis haut vill Fraen déi sech am Fraekrees bedrot oder op mannst immens onwuel spieren. D'Männer si gewinnt sech a Cliquen opzehalen, wat hinne Kraaft gëtt, Fraen hunn des Schwesternschaft deemools ewechgeholl kritt a well et liewensbedrolech war, sech mat aner Fraen opzehalen ass dëst bis haut fir vill Fraen onnatierlech. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass Frae rëm zesummekommen a léiere wat richteg Schwesternschaft ouni Näid, ouni Angscht ass. Ech soen et bei all Fraekrees, wéi déif beréiert a gläichzäiteg dankbar ech sinn dierfen déi Momenter mat aner Fraen ze verbréngen, wat Fraen iwwert Joerhonnerte wech verbuede war, a wa mer da ganz éierlech sinn, bis haut nach op ze ville Plazen op dëser Welt verbueden ass - am Numm vun der Hexeverfollgung oder an enger anerer Form vu Fraenënnerdréckung.
Op dëser Plaz well ech awer och soen, wéi wichteg et wär, dass d'Männer zesummekommen a Kreesser. Anescht wéi an der Cliquenhaltung net fir ze kucke ween dee Stäerksten ass, mee fir zesummen un déi Theme vun der Heelung ze schaffen, un deene souvill Männer bis haut net wierklech gewollt si krazen ze goen.
Villäicht si mer enges Daags rëm souwäit, dass mir dann all zesummen an engem Krees kenne sëtzen an eis em d'Theme vun der perséinlecher Heelung, souwéi der Heelung vun eisem Planéit, Natur an Déieren abegraff kennen ausernee setzen. Dass mer eis all géigesäiteg an d'Ae kenne kucken am Respekt, an der Léift a mat der Empathie, déi eis haut sou dringend feelt.
Bei ville spirituelle Leit dréckt sech d'Hexewonn bis haut sou aus, dass et si dovunner ofhält authentesch ze sinn oder souguer komplett an hier Kraaft ze kommen. Wat mengen ech domat? Majo dass ganz einfach: et gi vill Leit déi iergendwann op hirem perséinlechen Heelungswee mat der Spiritualitéit a Kontakt kommen a dann eng grouss Angscht dobäi verspieren an direkt d'Fangeren dovunner loossen. Onbewosst schwéngt do d'Informatioun mat, dass et sech em eppes Geféierleches handelt, woufir een an d'Däiwelskiche ka kommen. Erënner dech, wat mat de Leit geschitt ass, déi sech ab dem Mëttelalter mat iergend eppes befaasst hunn, wat net erlaabt war, da verstees de ganz séier vu wou dest Gefill hierkënnt. Aner Leit spieren awer eng ze grouss Faszinatioun an erkenne ganz séier, wéi vill Kraaft hinnen déi Spiritualitéit gëtt. Si fänken un sech fir vill verschidden Aspekter vun der Spiritualitéit ze interesséieren a fanne villäicht hier Häerzensugeleegenheet wéi Astrologie, Tarot oder eppes anescht. Et gi vill Leit, déi sech am privaten dofir opmaachen, immens vill Zäit domat verbréngen an sech awer net trauen no baussen doriwwer ze schwätzen, aus Angscht vun der Reaktioun vun hire Matmënschen. Ech kann et bis haut net gleewe wéi vill Fraen ech a Formatioune begéint si déi doheem beim Mann an de Kanner net iwwert dat schwätzen, wat si an hire Formatioune léieren aus Angscht als komplett mëll erkläert ze ginn... Wann si sech opmaache fir doriwwer ze schwätzen, dann oft bei enger Frëndin, wou si wëssen, dass déi des Affinitéit och huet. Dat sinn alles Ausdrécksformen vun der Hexewonn.
Villäicht bass du awer vun Ufank u ganz oppen domat ëmgaangen an hues dech ganz déif an e besonnescht Thema erageknéit. Sou kann et sinn, dass spéitstens, wann s de den Impuls kriss mat dësem neie Wëssen an d'Welt ze goen an dat wat s de geléiert hues ze deelen, d'Hexewonn sech weist. Bass du bereet dat no baussen ze vertrieden ouni Angscht, wat aner Leit doriwwer denken? Dat ass e Punkt wou vill spirituell Leit an d'Gefor kommen, sech onbewosst kleng ze halen, well si eng Angscht spieren. Natierlech ass et ni einfach sech komplett authentesch ze weisen an et ass ëmmer e Fakt, dass ee vun aner Leit dofir jugéiert gëtt, wat een do mat der Welt deelt, mee siefe mer ganz éierlech et ass e risen Ënnerscheed op een sech als Sportscoach, Ernärungsberoder, Makeup Artist oder awer Medium, Astrolog oder Hex dohistellt, fir säi Wëssen ze deelen. Kenns du net aus deier normaler Angscht eraus, da kéint des en Zeeche sinn, dass du d'Hexewonn an dech dréis a fäerts dass du fir deng Gaben, däi Wëssen, deng Praxis jugéiert gëss (an onbewosst fills dass de doduerch a Liewensgefor bass).
Wéi kennt d'Hexewonn an d'Heelung?
Dat ass eng gutt Fro, déi een och leider net sou an engem Saz beäntwere kann. Well jidderee vun ons anescht ass an och d'Hexewonn bei jidderengem aner Facettë weise kann ass dëst bei deene meeschten e Prozess.
Fir mech war et immens heelend, mech fir dëst Thema opzemaachen an domat auserneen ze setzen. Ech hu vill doriwwer gelies, wat zum Deel och eng ganz schwéier Lecture fir mech war. Déi Tatsaachen noempfannen, sech bewosst ze ginn, dass dat haut nach matschwéngt, dat eleng war schonn heelsam.
An enger zweeter Hinsicht, war et néideg fir mech, genee déi Saache ganz bewosst ze maachen, déi laang verbuede waren a mat deenen een sech a Liewensgefor gesat huet. An déiwer Dankbarkeet, dass et haut op dëser Plaatz erlaabt ass an an der Bewosstheet, dass ech domat net nëmmen eppes fir mech, mee fir meng ganz Lignee bewierkt. A Fraekreesser goen - beschtefalls an der Natur -, spéiderhi Fraekreesser selwer organiséieren, Kraider verschaffen, iwwert dëst aalt Wësse wat zum Deel vergiess gouf, schwätzen.
Selbstbeobachtung ass natierlech och ganz wichteg, erkenne wou meng Ängscht sinn a wéi eng dovunner eventuell vun der Hexewonn ausgeléist ginn. Dat heescht nach net, dass se dann opgeléist ass, mee da kann een sech no an no ëmmer rëm domat ausernee setzen, unhuelen an se Stéck fir Stéck ofleeën.
Ahnenheelung ass e wichtegen Aspekt wann een sech vun der Hexewonn well befreien, einfach nëmmen well des Theme wéi ech et am Ufank vum Text scho geschriwwen hunn, vu Generatioun zu Generatioun onbewosst weidervermëttelt gi sinn.
Bis haut ass et nach ëmmer sou, dass dat Wuert "Hex" vun deene meeschte Leit als Beleidegung benotzt gëtt. Ech hu selwer laang Jore gebraucht fir dëst Wuert ze benotzen ouni mech dobäi onwuel ze spieren, wat mech ëmmer rëm drun erënnert huet, wéi déif des Themen eigentlech schwéngen a wéi ëmsou méi wichteg et dowéinst wär iwwert dëst Thema ze schwätzen. Mir dierfe rëm léieren, dat Wuert Hex net méi mat dëser Konnotatioun ze benotzen a souguer mat Stolz ze droen.
All Schratt wou ee bewosst a Richtung Authentizitéit geet an dat trotz matschwéngenden Ängschten, ass e Schratt wou een e Stéck vun der Hexewonn fir sech an seng ganz Lignée heelt.
Comments