Verbindung zur Natur - de Wee zréck zu Dir... (EENZEL BEGLEEDUNG)
De Mënsch ass en integralen Deel vun der Natur an domat erlaabt eng bewosst Verbindung mat der Natur net nëmmen am Moment ze sinn, sech ze verankeren, ze rengegen, opzelueden, Gedanken lass ze loossen, mee och eng déif Verbindung mat senger eegener Séil .
D'Verbindung mat der Natur ass en Zréckkommen a säin eegene Kär.
Mäin Häerzenswonsch ass, datt ëmmer méi Leit sech un dës Verbindung erënneren a nei léieren, wéi se duerch d'Natur un d'Quell vun hirer eegener Séil zréckkommen an als direkt Resultat datt eis Äerd den hellegen Aspekt, de Respekt an d'Léift kritt, déi se verdéngt.
Wéi leeft eng Eenzelsëtzung of?
Mir treffen eis op engem Wochendag am Bësch (am Minett) an ech begleeden dech an des déif Verbindung zur Natur.
Ech stinn dir mat mengem Wëssen a menger Erfarung zur Säit a ka mech ganz op däi Rhythmus aloossen.
All Eenzelerfahrung ass anescht a passt sech der Persoun, der Plaz, dem Dag, den Energien an den Impulser un, déi ech erakréien.
Mäi Kraiderwëssen dierf mat afléissen, sou wéi och meng Léift fir de Joreskrees. Sou gëss du ëmmer gewuer, wéi eng grouss Themen an der Natur grad wierken an domat och eng Wierkung op dech hunn.
Du dierfs dech vu mir duerch eng Mediatioun leede loossen oder mir maachen e Ritual zesummen an der Natur.
Mell dech gäre wann s de nach Froen hues.
Dauer vun der Begleedung : 120 Mn
Austausch: 130 €
Black Moon Werifesteria
De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also.
Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.
Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.
Iwwert Mech
Mäi Numm ass Cynthia Diogo.
Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn.
Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.
Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.
Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen.
Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach.